Gehiirkriibs: Op der Sich no Tumorzellen, déi all Therapie trotzen

08.07.16

LIHDiesen Artikel drucken

D’Anne Dirkse versicht therapieresistent Kriibszellen z’entdecken – déi dofir verantwortlech kënne sinn dass Kriibs zréckkënnt - fir se geziilt ze bekämpfen.

Am Fuerschungsprojet vum Anne Dirkse ginn Tumeuren op hier verschidden Ennerpopulatiounen no sougenannte Kriibsstammzellen ënnersicht. Des Zelle si verantwortlech dofir dass ee Kriibs no der Behandlung erëmkomme kann. Dëst ass fir de Patient an deene meeschte Fäll déidlech.

Ma fir all dat besser ze verstoen, ass et wichteg ze wëssen, wat Kriibs iwwerhaapt ass, firwat e sou schwéier ze heelen ass a wei Fuerscher sech uleeën fir erauszefanne wei een Tumor funktionéiert - a wat déi Kriibsstammzellen domadder ze dinn hunn.

Wat ass Kriibs?

Kriibs si kierpereegen Zellen déi meeschtens duerch eng Mutatioun - also eng Verännerung an hirem Ierfmaterial, der DNA - net méi sou funktionéiere wéi se sollen. Wei des Mutatiounen entstoen ass nach net ganz kloer. Gewosst ass awer dat duerch Awierkunge vu bausse wei zum Beispill d’Fëmmen oder radioaktiv Strahlung des Verännerunge gefördert ginn.

Net all Verännerung vun der DNA féiert zwangsleefeg zu Kriibs. Wann awer Gene betraff sinn déi zum Beispill fir d’Kommunikatioun mat aneren Zellen oder fir de Wuesstem verantwortlech sinn, fänken déi mutéiert Zellen un sech méi schnell ze deele wéi hier net mutéiert Noperzellen am Kierper. Sou entsteet dann eng Mass vu Kriibszelle - wat och nach Tumor genannt gëtt.

Firwat ass et esou schwiereg Kriibs ze heelen?

All Kriibs ass op ganz vill verschidden Aarten ënnerschiddlech. Kriibs kënnt an de verschiddensten Organer fir, wei z.B. an de Longen, dem Daarm oder der Haut. Dobäi kann een och an engem Organ verschidde Kriibszorten hunn, sou wéi am Gehir. Déi kënne vum Krankheetsverlaaf, der Therapie an der biologescher Charakteriséierung ënnerschiddlech sinn.

An dann huet een nach de Problem dat een nach Variatioune fënnt zwëschent de Patienten ouni dat et eng anert Kriibsaart ass. De Fakt dat all Patient anescht ass, ass dann och de Grond firwat eng Therapie bei engem Patient funktionéiert a bei engem aneren net - obwuel een et zum Beispill mat zwee Broschtkriibspatienten ze dinn huet.

Dee gréisste Problem an der Kriibsfuerschung ass allerdings dass engem Patient säin Tumor aus verschiddene Kriibszelle besteet. Déi kënne genetesch anescht sinn awer och an hirem Behuelen a Funktionnement. An déi Ënnerscheeder si verantwortlech dofir dat een Tumor resistent géint Behandlung ka sinn.

Wéi ginn d’Fuerscher fir fir des therapieresistent Zellen ze fannen an ze behandelen?

Fuerscher vun der NorLux Grupp vum Prof. Dr. Simone Niclou am Luxembourg Institute of Health (LIH) siche spezifesch no den Zellen déi verantwortlech si fir d’Therapieresistenz vum Glioblastoma, ee ganz aggressiven Typ Gehirkriibs. Fir nei Therapieusätz ze fanne gëtt dësen déidlechen Tumor op all seng Aspekter analyséiert, wei en sech ernährt, am Kierper beweegt oder sech géint Chemo a Radiotherapie wiert.

D’Fuerschung vum Anne Dirkse baséiert op der Annahm dat sougenannte Kriibsstammzellen existéieren, déi resistent géint Chemo a Radiotherapie sinn. An dëser Hypothees gëtt ugeholl dat déi mutéiert Zellen een Tumor kënne forméieren - op déi selwecht Aart a Weis wei eng gesond Stammzell een Organ am Kierper (Erklärung an der Infobox). Fir ee Patient erfollegräich ze therapéieren ass et wichteg des Zelle gezielt ze attackéiere fir dat den Tumor net méi erëmkennt.

Wei kann ee Kriibsstammzellen identifizéieren?

Duerch Proteinen op der Zelluewerfläch kann den Ofwiermechanismus vum Kierper Bakterien a krank Zellen erkennen a bekämpfen. Déi Erkennungsproteine funktionnéiere wei eng Aart Carte d’identité vun der Zell déi an dësem Fuerschungsprojet am Mëttelpunkt stinn. D’Ziel vum Projet ass et fir d’Zesummesetzung an d’Bedeitung vun dësen Erkennungsproteine besser ze verstoen. Dëst erméiglecht et Kriibsstammzellen ze identifizéiere - wat eng Grondviraussëtzung ass fir se gezielt an enger Therapie ze bekämpfen. Eng grouss Erausfuerderung ass et fir d‘Kriibszell vun der normaler Kierperzell ze ënnerscheeden, well si vun hier ofstamen.

Fir d’Kriibsstammzellen z‘identifizéieren, gëtt eng Tumorpopulatioun - déi ursprénglech vun engem Glioblastomapatient kënnt bei dem den Tumor operativ huet missen entfernt ginn - analyséiert mat hëllef vun enger Maschinn déi FACS (“Fluorescence-activated cell sorting”) heescht. Des kann eenzel Zellen identifizéieren op Grond vun hiren Zelluwerfläschenproteinen an eenzel zortéieren. Sou gi verschidde Kriibszellpopulatiounen dono a Kulturen observéiert an op verschidden Eegenschafte wéi Wuesstem oder Chemoresistenz ënnersicht.
Doduerch erhoffen d’Fuerscher sech d’Carte d’Identité esou ze entschlësselen dass se sech e Bild vun den Erkennungsproteine vun enger Kriibszell maache kënnen - fir se méi einfach ze entdecken an ze eliminéieren.

Auteur: Anne Dirkse

Auch in dieser Rubrik

Rudi Balling in den USA: Von der Vorhersage zur Vorsorge

21.06.18 Computermodelle können Klimaveränderungen und deren Einfluss auf die Umwelt berechnen. Werden sie bald auch Krankheiten voraussehen und Medikamente aussuche...> Ganzen Artikel lesen

Forschungstrends: Fernsteuerung aus dem Darm

08.06.18 Welche Perspektiven ergeben sich aus der Erforschung der Bakteriengemeinschaft auf und im Menschen? Mahesh Desai vom LIH erklärt. > Ganzen Artikel lesen

Altersforschung in den USA: Möglichst spät gesund sterben

31.05.18 Rudi Balling, Direktor des Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, möchte eine internationale Perspektive zum Ziel der luxemburgischen Altersforschung be...> Ganzen Artikel lesen

Herzstillstand: Erfolgreich reanimiert – nur was kommt danach?

22.05.18 Eine luxemburgische Studie zeigt, dass die Kommunikation zwischen Gehirn und Körper Hinweise auf die Überlebenschance nach einem Herzstillstand liefern. > Ganzen Artikel lesen

Lymphatische Leukämie: Erfolgreicher Angriff auf die Krebszellen

15.05.18 Mit einer präklinischen Studie konnten Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health neue Erkenntnisse über die Behandlung von Leukämie gewinnen. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Wat si Stammzellen?

Stammzelle fënnt een an all Organismus deen aus méi wei enger Zell bestinn. Des Zelle sinn d’Basis vun all Zell a sinn an der Lag Duechterzellen hierzestellen andeems se sech deelen. Des nei fabrizéiert Zelle kënnen, jee no Besoin, souwuel nei Stammzelle wei och fäerdeg entwéckelt spezifesch Zelle wéi zum Beispill eng Hautzell sinn. Des Spezifikatioun - och Differentiatioun genannt - geschitt andeems Genen un an ausgeschalt ginn ouni d‘DNA selwer ze änneren. Déi éischt Stammzell déi  bei der Entwécklung vun eisem Kierper entsteet ass déi befrucht Eezell. Aus hier entsteet ee ganzen Organismus a gëtt dofir och als omnipotent bezeechent („well se alles kann“). Am erwuessenen, fäerdeg entwéckelte Kierper existéieren och Stammzelle wei zum Beispill am Daarm, Gehir oder Knachemuerch. D’Aufgab vun dëse Stammzellen ass et d’Organer ze erneieren an ze flécke wei bei enger Wonn op der Haut. Des Stammzelle sinn da just nach multipotent, se kënnen net méi alles well se scho spezialiséiert sinn: eng Hautstammzell kann da just nach no Besoin déi verschidden Hautzelle produzéieren awer net méi eng Gehir- oder Daarmzell.


Verwandte Themen