Wikimedia

Flëssegseef op der Hand

Mir benotzen all Dag esou vill verschidde Seefen: fir d’Spull oder d’Wäsch ze maachen, fir d’Hänn ze wäschen, Duschgel,  Shampoing,.... mee wéi funktionéiert Seef eigentlech?

Majo d’Seef huet speziell chemesch Eegeschaften a kann doduerch e ganz dënne Film rondrëm Dreckpartikele bilden. Den Dreck léist sech doduerch vun enger dreckeger Uewerfläch erof a kann da matt Waasser ausgeschwenkt ginn!

Aha a wat sinn dat da fir chemesch Eegeschaften?

Ma d’Seef besteet aus klengen Deelecher déi ee sech wéi Fixspéin virstelle kann. De Kapp vum Fixspoun ass frou mam Waasser, an de Stil ass guer net frou mam Waasser. Am Waasser gruppéiere sech d’Seefendeelecher zu enger Bull, wou d’Seefekäpp no bausse weisen an d’Stiller zu der Mëtt zou.

Wéi soll ech mir dat virstellen? Dann entstinn also kleng Loftblosen am Waasser?

Jo, dës Seefebullen sinn awer sou kleng datt een se net gesäit. An déi wëllen alles ausser Waasser bannendra mee Dreck wéi z.B. Fett hunn se gär. Wann sou eng Bull bei Dreck kënnt, geet se op an d’Stiller vun de Seefendeelecher verbanne sech mam Fett, an da geet d’Bull rëm zou. Fett, wat jo normalerweis net am Waasser léislech ass, kritt also e Mantel ugedoe wou baussen Noppen dru sinn déi sech um Waasser unhalen, an sou gëtt d’Fett fortgeschwemmt.

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Aus wat besteet Seef?

Natierlech Seef ass eigentlech e Salz! An dat entsteet wann eng Seier (-COOH) an eng Lauge (-OH) matenee reagéieren. Während der chemescher Reaktioun verléiert d’Séier e Sauerstoffatom ( Séier-COOH à Séier-COO- + H+), an d’Lauge verléiert e Sauerstoff – an e Waasserstoffatom ( Lauge-OH à Lauge+ + OH-). D‘Séier-COO- an d‘Lauge+ bilden e Salz (eis Seef), an de Rescht bilt natierlech Waasser (H2O).

Fir Seef hirzestelle benotzt een eng Saier déi zu den Triglyceride gehéiert. Des Molekülle bestinn aus dräi Fettseieren déi vu Glycérol zesummegehal ginn. Triglyceride fënnt een souwuel am Déierefett wéi am Planzefett, zum Beispill am Olivenueleg oder Kokosnossbotter. Als Lauge benotzt een entweder Natriumhydroxide (NaOH) oder Potassiumhydroxide (KOH), jee nodeem een eng fest oder eng flësseg Seef wëllt hierstellen. Während der chemescher Reaktioun (Verseefung) reagéieren d’Triglyceriden also mam Hydroxide. D’Fettseieren an den Hydroxide bilde Salz (eis Seef) Waasser, an de Glycérol (dee bleift iwwreg nodeems d’Fettseieren sech vun em geléist hunn).

Fir dass d’Salz, respektiv d’Seef besser richt a méi schéin ausgesäit, ginn natierlech nach Kraider, Aromaen oder Faarfstoffer derbäi gemaach. Wann een hautdesdaags op der Seefepakung liest wat esou do dran ass, da mierkt een dass d’Seef an der Tëschenzäit méi e chemesche Prozess ginn ass an net méi onbedéngt aus natierlechen Triglyceriden hiergestallt gëtt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Et ginn natierlech Firmen, wéi zum Beispill Arcane zu Marseille, déi sech dra spezialiséiert hu fir ëmmer nei, besser an oft méi ëmweltfrëndlech Seefen hierzestellen. Et däerf een nämlech net vergiessen dass mir net déi eenzeg sinn déi all Dag eng Rei verschidde Seefe benotzen. Stellt iech emol fir wéi vill Seef ee brauch fir Fligeren, Zich oder ganz Industrieanlagen ze botzen? Dofir ass et natierlech wichteg dass d’Fuerschung ëmmer weider geet fir den Impakt op eis Ëmwelt ze verklengeren.

Auch interessant

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Ein Lungenmodell ersetzt den Einsatz von Tieren für Experimente

Tierversuche in der Forschung sind äußerst umstritten. LIST-Wissenschaftler Arno Gutleb arbeitet mit seinem Team an eine...

Smartphone-App Gefährliche Substanzen in unserem Alltag

In den meisten Konsumgütern stecken Chemikalien. Doch welche davon sind gefährlich? Wer es herausfinden will, kann die A...

Chemisches Analyseverfahren Wie funktioniert Titration?

Um zu bestimmen, wie viel Säure oder Vitamin C in einer Flüssigkeit enthalten ist, wendet ein(e) ChemikerIn das Verfahre...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Sonnennéitser Firwat musse munch Leit néitsen, wa se an d’Sonn kucken?

Kenns du dat? Bei verschiddene Leit, wa se raus ginn an an d’Sonn kucken, fänkt hier Nues un ze kribbelen an si mussen dräimol néitsen. Firwat ass dat esou, an huet dat eigentlech jiddereen?

FNR
„Nacktscanner“ Wéi funktionéiert e Kierperscanner um Fluchhafen?

Op Fluchhäfe ginn zanter e puer Joer Kierperscanneren agesat, fir Passagéier op Waffen a Sprengstoff ze duerchsichen. Wéi funktionéieren dës Apparater?

FNR