Hand

FNR

Mat e bësse Plastilinn an engem Zännstëppeler kanns du beobachten, wéi däi Blutt duerch deng Bluttgefäässer gepompelt gëtt.

Infobox

Material

- Plastilinn
- Zännstëppeler

Vläicht hues du däin Häerzschlag oder däi Bols schonn emol gespuert: andeems de deng Hand widder deng Broscht gehalen hues, oder zwee Fanger un däin Hals gedréckt hues, oder däi Bols um Handgelenk gefillt hues.

Mee hues du däi Bols och schonn emol gesinn?

Duerchféierung

Fir dat ze maachen, brauchs du just e bësse Plastilinn an en Zännstëppeler. Form eng Kugel mam Plastilinn a stiech den Zännstëppeler dran. Da lees de ee vun dengen Äerm mat der Handfläch no uewen op en Dësch an häls e ganz roueg. Mat der anerer Hand placéiers de dann d'Plastilinnkugel genee do um Handgelenk, wou's de normalerweis och däi Bols géifs spieren, an zwar esou, datt den Zännstëppeler méiglechst riicht an d'Luucht steet. Beobacht d'Spëtzt vum Zännstëppeler. Si misst sech reegelméisseg ganz liicht beweegen.

Falls et net direkt klappt, placéier d'Plastilinnkugel nei a kuck nach emol. Hei ass och de Video vum Experiment:

Erklärung

Den Zännstëppeler beweegt sech, well d'Plastilinnkugel op engem Bluttgefääss sëtzt, duerch dat Blutt op sengem laange Wee duerch de Kierper bei däin Häerz gepompelt gëtt. Du hues ee Bols, well däin Häerz duerch rhythmesch Beweegunge Blutt duerch d'Bluttgefäässer pompelt. En Dokter moosst dacks de Bols ,fir ze kucken, ob engem säin Häerz normal schléit.

Ziel emol, wéi dacks datt däin Häerz an enger Minutt schléit. Da probéier d'Experiment nach eng Kéier, nodeems de 20-30 Mol op der Plaz gespronge bass oder eemol ronderëm d'Haus gelaf bass.

Firwat schléit eist Häerz méi séier, wa mer Sport maachen oder eis ustrengen?

Am Blutt gi Stoffer wéi z.B. Sauerstoff oder Zocker transportéiert, déi eis Muskele brauchen. Wa mir eis ustrengen oder Sport maachen, brauche mir méi där Stoffer, dofir muss eist Häerz Blutt méi séier duerch de Kierper pompelen.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Foto & Video: Michèle Weber (FNR)