James Web

ESA https://www.esa.int/ESA_Multimedia/Images/2021/03/Artist

Artistesch Impressioun vum James Webb Space Teleskop

Na ja, den James-Webb-Weltraumteleskop wäert net iergendeng Fotoe vun iergendenge Stäre maachen, mä versichen, esou wäit ewéi méiglech bis bei den Urknall zeréckzekucken. Well am Weltraum ass Distanz gläich Zäit. Dat heescht: Wat mir méi wäit mat ëmmer besseren Teleskope kucke kënnen, ëmsou méi wäit kucke mir an d'Vergaangenheet.

D'Astronome wäerte mat dem James-Webb-Weltraumteleskop Liicht opfänke kënnen, dat zanter 13,5 Milliarde Joren ënnerwee ass. Eisen Universum ass net vill méi al, en ass virun 13,8 Milliarde Joren entstan. D'Fuerscher hoffen, déi alleréischt Stäre vun eisem Universum kënnen ze gesinn. Dat ass mat den aktuellen Teleskopen net méiglech. Dowéinst si si esou gespaant, wat d'Biller weise wäerten. Wäerte si mat deem iwwereneestëmmen, wat d'momentan Theorie iwwer d'Entsteeung vun eisem Universum virausseet? Oder muss déi iwwerschafft ginn, a wa jo, wéi vill?

Erwaarden d'Fuerscher grouss Iwwerraschungen?

Wa si dat scho wéissten, wieren et jo keng Iwwerraschunge méi … Soe mer mol sou: An der Geschicht vun der Wëssenschaft hunn nei Observatiounsinstrumenter ëmmer erëm ganz nei Virstellungen iwwert eis Welt ervirbruecht – am Groussen an am Klengen.

Esou hu Fuerscher am 17. Joerhonnert mat den deemools neie Mikroskoper entdeckt, dass all d'Liewewiesen, also och mir, aus Zelle bestinn. A virun honnert Joren duechte mir nach, dass de ganze Weltall net vill méi grouss ass ewéi eis Heemechtgalaxis. Mä dunn hu leeschtungsstaark Teleskoper de Géigendeel bewisen. Haut schätze mir, dass eisen Universum zirka 2 Billioune Galaxien enthält.

Dat sinn der ganz vill...

An dat ass zum Beispill eng Zuel, déi den James-Webb-Weltraumteleskop bestätegen oder vläicht esouguer nach weider no uewe korrigéiere wäert. Awer bis et esou wäit ass, muss en nach säi Bestëmmungsuert am Weltall erreechen. Deen ass 1,5 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech, dat ass véiermol esou wäit ewéi de Mound. An op der Rees dohinner – déi e Mount dauere wäert – kann zimmlech vill schif goen.

Well den James-Webb-Weltraumteleskop ass am Prinzip deen deiersten Origami vun allen Zäiten: Fir dass en an de Kapp vun enger Ariane-Rakéit erapasst, goufen de Solarpanel, säin thermescht Schutzschëld, dat esou grouss ass ewéi en Tennisfeld, an den Haaptspigel vum Teleskop, deen aus 18 eenzele Spigele besteet an en Duerchmiesser vu 6,5 Meter huet, zesummegefaalt. Am Weltraum muss e sech dann an 140 eenzelen Etappen nees a seng funktiounsfäeg Form zeréckfalen.

Den Astronome bleift dobäi näischt aneres iwwreg, ewéi ze hoffen, dass alles ewéi geplangt funktionéiert. Dowéinst bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Weider Informatiounen iwwert den James Web Space Teleskop fënns Du an dësem Pressekit vun der ESA.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Déi éischt Stäre vum Universum

Den James-Webb-Teleskop ass dorop optiméiert, Liicht am Infraroutberäich opfänken ze kënnen. Dat si Liichtstralen, déi fir eist A net siichtbar sinn, déi mir awer zum Beispill op der Haut als Wäermtstralung fille kënnen. Just esou kann en déi alleréischt Stäre vum Universum reproduzéieren, well sech hir Liichtwellen op der Rees bei eis ëmmer méi wäit gedeent hunn an dobäi zu laangwellegem Infraroutliicht gi sinn.

Fir dass de Weltraumteleskop net vu Wäermtstralung gestéiert gëtt, déi vun der Sonn, der Äerd an och vum Mond ofgestraalt gëtt, muss e vill méi wäit dobaussen am All placéiert ginn (1,5 Millioune Kilometer vun der Äerduewerfläch) ewéi zum Beispill den Hubble-Teleskop (570 km vun der Äerduewerfläch). Doniewent schiermt en thermescht Schutzschëld3 den Teleskop of, esou dass e bei minus 224 Grad Celsius schaffe kann. Ee vu véier Infraroutliicht-Detecteuren9, dee besonnesch empfindlech ass, gëtt zousätzlech mat flëssegem Helium nach weider erofgekillt, op minus 266 Grad Celsius. Dat si just 7 Grad iwwert dem absolutten Temperatur-Nullpunkt!

D'Erfuerschung vun den Exoplanéiten

Mëttlerweil kenne mir zirka 5000 Exoplanéiten, also Planéiten ausserhalb vun eisem Sonnesystem. Si si ganz schwéier ze beobachten, well si méi kleng sinn ewéi Stären an net vum selwe liichten. D'Astronomen hoffen, si mam James-Webb-Weltraum-Teleskop besser erfuerschen ze kënnen, well en Detailer vill besser weise kann ewéi d'Teleskoper, déi bis elo gebaut goufen. En ass och esou liichtempfindlech, dass en d'Liicht ophuele kann, dat duerch déi iewescht Atmosphäreschichte leeft, wann den Exoplanéit viru senger Sonn laanschtflitt. Dobäi absorbéieren d'Gasmoleküllen an der Atmosphär vum Exoplanéit jee no Moleküllzort ganz bestëmmte Liichtfrequenzen. Am Liicht, dat vum Teleskop opgefaange gëtt, sinn dës Frequenzen dann ofgeschwächt oder feele komplett. Mat dësem charakteristesche Frequenzmuster, eng Zort Fangerofdrock vun der Exoplanéiten-Atmosphär, kënnen Astronomen dann erausfannen, wéi eng Gaser do an der Atmosphär virkommen – ob zum Beispill Sauerstoff ewéi bei eis op der Äerd enthalen ass an esou en Hiwäis op méiglecht Liewe liwwert.

Stäregebuerten an „eist“ schwaarzt Lach

D'Infraroutliicht, fir dat den James-Webb-Weltraumteleskop empfindlech ass, huet ee grousse Virdeel vis-à-vis vu siichtbarem Liicht: Et zitt duerch d'Stëbswolleken a kosmeschen Niwwelen. An dat ass fir astronomesch Observatioune ganz wäertvoll. Mir wëssen aus fréieren astronomeschen Observatiounen, dass Stären an dëse risege Stëbswolleken am All entstinn. Mat dem James-Webb-Weltraumteleskop wäerte mir dës Stäregebuerte besser beobachte kënnen ewéi bis elo. Ausserdeem wäert den neie Weltraumteleskop och besser duerch d'Stëbs- a Gaswollek am Zentrum vun eiser Galaxis kucke kënnen, fir dass mir hoffentlech nei Erkenntnisser iwwert d'schwaarzt Laach – dat warscheinlech do ass, mä wat kee mat Sécherheet weess – kréie wäerten.

Infobox

Quellen

Auch in dieser Rubrik

Weisse Kleidung
36 Grad und es wird noch heißer … Ass am Summer schwaarz oder wäiss Kleedung besser?

Soll ech mech am Summer léiwer schwaarz oder awer éischter wäiss undoen?

FNR
Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Eidechse ohne Schwanz
Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR