Goodyear

De Goodyear STEM Student Challenge ass geduecht vir de Lycée’s-Schüler Science, Technology, Engineerswiesen a Mathe (STEM) Prinzipien méi no ze bréngen.

10 Equippen aus 9 Lycéeën haten sech vir déi éischt Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge ageschriwwen. 7 dovun hunn et mat hirer Maschinn bis an d’Finall gepackt, déi den 9. Juli am Lycée Edward Steichen zu Klierf wäert stattfannen.

Parallel dozou organiséiert de Lycée och déi 8. Editioun vum Makerfest, sou datt et net nëmmen eng live Demonstratioun vun den eenzele Maschinnen ze bestaune gëtt, mee och eng sëllechen Atelieren a Workshoppen déi zum matmaachen animéieren.

Wat ass de Goodyear STEM Student Challenge?

De Goodyear STEM Student Challenge ass geduecht vir de Lycée’s-Schüler Science, Technology, Engineerswiesen a Mathe (STEM) Prinzipien méi no ze bréngen. D’Aufgab vun dëser éischter Editioun huet dodra bestanen eng clever Maschinn ze bauen déi et erlaabt 10 Model Pneue mat engem Goodyear Loftschëff op eng indirekt an iwwerdriwwe komplizéiert Aart-a-weis ze transportéieren.

Wéi war d’Resonanz, a wat ass beim Challenge erauskomm?

E kuerzen Appetizer-Video vun den eenzele Projet’en ass hei driwwer.

Déi komplett Video’en vun all de Maschinnen an Aktioun fannt dir hei:

D’Gewënner vun dëser éischter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge ginn den 9. Juli am Lycée Edward Steichen zu Klierf deklaréiert, no enger leschter Evaluatioun vun de Maschinnen duerch a multifunktionale Jury. Heizou gehéiere Representanten vun der ANEIL (Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois), Da Vinci (Association of Engineers, Architects, Scientists and Industrials Luxembourg), der FEDIL (The Voice of Luxembourg’s Industry), dem FNR (Fonds National de la Recherche), LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), dem Luxembourg Science Center, der Uni Lëtzebuerg, an natierlech och der Goodyear.

Wat hunn déi eenzel Gruppen beim Challenge geléiert?

Hei e puer Feedback-Auszich vun de Schüler:

„Et ass impressionnant wat een alles mat einfachste Materialien ka maachen.“

„Mir waren der Meenung Science, Technology, Engineerswiesen a Mathe wieren nëmmen theoretesch Fächer. Lo hu mir erausfonnt wei mir all des Saachen och praktesch kënnen uwenden.“

„Wat mir méi Zait un onser Maschinn geschafft hunn, wat mir och besser an der Schoul opgepasst hunn, well mir endlech mol gesinn hunn firwat mir all des physikalesch Gesetzer musse léieren.“

Och d’Proffen hunn en Ënnerscheed am Verhalen vun hire Schüler gesinn:

„D’Schüler fänken un Wëssenschaft an allem ze gesinn, mam Resultat datt si sech méi vir hiert Ëmfeld interesséieren.“

Kann ech bei der Finall den 9. Juli mat derbäi sinn?

Jo, jiddereen ass wëllkomm bei der Finall vum Goodyear STEM Student Challenge mat derbäi ze sinn! Rendezvous ass den 9. Juli am Lycée Edward Steichen zu Klierf. All d’Maschinne ginn hei live an Aktioun gewisen, an déi lescht Punkten vun engem multifunktionalen Jury verdeelt. Dat ganzt huet säin Héichpunkt am spéide Nomëtten mat der Präisiwwerreechung un d’Gewënner vum Challenge.

Den 8. an 9. Juli fënnt och déi 8. Editioun vum Makerfest am Lycée Edward Steichen statt, mat Atelieren a Workshoppen vir jiddereen. Déi perfekte Platz also vir d’Schouljoer 2018/2019 ofzeschléissen! Méi Informatiounen zum Makerfest fannt dir ënner http://lesc.makerspace.lu.

Auteur&Video: Goodyear

Auch in dieser Rubrik

PORTRAIT OF CANDIDATES - SEASON 1 Interview with Take Off finalist Polina Kavunenko

Despite her young age, Polina showed steely determination throughout the show, never ceasing to impress the audience with her resourcefulness. Find out more about her in our exclusive interview!

FNR, ALF
Luxemburgisches Buch zur Wissenschaftskommunikation Wissenschaft kommunizieren: nur wie?

In Zeiten von Fake News, Corona, Social Media-Blasen: Wie, was und weshalb sollte Wissenschaft kommunizieren? Ein luxemburgisches Buch liefert Einblick in die Welt der Wissenschaftskommunikation.

KANDIDATEN-PORTRAIT STAFFEL 1 Take Off Kandidat Jamie Ley im Interview

Jamie glaubt an sich, an seinen Kampfgeist und an seine Motivation. Jedoch glaubt er vor allem daran, dass man als Team am meisten erreicht. Jamie Ley, Finalist bei Take Off, im Interview.

FNR, ALF