FNR

D‘Marianne, dat als Enseignant (vum SCRIPT) fir science.lu schafft, weist Dir wéi een eng Mënz ënnert engem Glas verschwanne loosse kann. Lee eng Mënz ënnert en eidelt Glas a kuck säitlech duerch d’Glas op d’Mënz. Wann s De elo Waasser an d’Glas schëtts wierkt de Buedem vum Glas wéi e Spigel an d’Mënz schéngt net méi do ze sinn. Wann ee vun uewen erof an d'Glas kuckt gesäit een et se awer rëm.
Quitt datt Loft, Waasser a Glas transparent sinn, geschitt eppes mat dem Liicht op den Iwwergäng wat et doduerch geet. Et gëtt gebrach well d’Liichtgeschwindegkeet ännert. Doduerch wierke Géigestänn déi mer duerch e Glas duerch beobachten och sou verzerrt.
An engem flaache Wénkel gëtt d’Liicht um Iwwergang tëschent Waasser a Glas souguer zu engem groussen Deel gespigelt an doduerch gëtt alles wat ënnert dem Glas ass onsiichtbar.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass! Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment. Vill Spaass beim nomaachen!

 Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours:

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoe fënns Du hei:

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR