© RTL & FNR

Video-Extrait aus dem Wëssenschaftsmagazin PISA

Et huet mat zwou Frequenzen ze dinn. Emol hu mer d’Beliichtung vun der Kamera, déi mécht 50 eenzel Biller pro Sekonn, si beliicht also just all 50stel Sekonn emol fir kuerz Zäit. De Schlauch mam Waasser gëtt duerch eng Lautsprecherbox hin an hir beweegt, an dëst och ongeféier 50 mol pro Sekonn. Tëschen zwee Kamerabiller, mécht de Schlauch also emol eng komplett Beweegung hin an hier. Wieren d’Frequenze genee d’selwecht géif d’Kamera guer keng Beweegung vum Schlauch gesinn, mee well de Schlauch sech liicht méi lues beweegt (48 mol an der Sekonn), huet d’Kamera d’Impressioun, wéi wann de Schlauch sech lues hannerzeg beweegt.

Ähnlech Effekter beobacht een op der Tëlee bei Autosfelgen, oder dem Propeller vun engem Helikopter. Dës dréinen och scheinbar hannerrécks. Dëse Phenomen gëtt Stroboskopeffekt  genannt.

Ouni Kamera oder Stroboskop gesäit een den Effekt net. Et kann een awer d’Täscheluucht vum Smartphone an e Stroboskop verwandelen z.B. mat de App „Strobe light tachometer“

Dëse Reportage gouf am Atelier Paradiso zu Beetebuerg gefilmt.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Merci: Mathieu Lebrun

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR
Drogensucht
Drogesucht Firwat maachen Drogen eigentlech ofhängeg?

Ween ze vill an ze laang Droge consomméiert, ka säi Kierper ruinéieren an Aarbecht, Frënn a Famill verléieren. Firwat ass et trotzdeem sou schwéier, opzehalen?

FNR
Kierperhygiene Wierken Deoe wierklech géint Schweessgeroch?

Grad am Summer gräifen der vill ganz selbstverständlech zum Deo. Awer hëlleft dee wierklech? A brauch iwwerhaapt jiddereen en Deo?

FNR