Riesen

shotshop.com

Soubal mir bal ausgewuess sinn, halen als éischt Hänn a Féiss op ze wuessen, dann Äerm an Been an als lescht eis Wierbelsail.

Mr. Science, als Kand hunn ech mir ëmmer virgestallt, eemol bis an den Himmel ze wuessen. Iergendwann war et dunn awer eriwwer. Ech sinn einfach net méi gewuess. Firwat wuesse mir net ëmmer weider?

Déi einfachst Äntwert ass: Well mir kee Fësch sinn! Wëssenschaftlech ausgedréckt: Well mir en anere Wuesstems-Gen hunn. Et steieren ongeféier 180 verschidde Genen eise Wuesstem. Soubal mir bal ausgewuess sinn, halen als éischt Hänn a Féiss op ze wuessen, dann Äerm an Been an als lescht eis Wierbelsail. Dat hu mir engem clevere genetesche Programm ze verdanken, deen eis am Laf vun eiser Evolutioun optimal un eis Ëmgéigend ugepasst huet. Vill Fësch a Reptilien kënnen sech awer erlaben, och nach als Erwuessener lues weider ze wuessen.

 Wéi eng Virdeeler kéint dat da fir sie hunn?

Wa si méi grouss sinn, kënnen sie sech zum Beispill besser géint hier Rivalen duerchsetzen oder sech besser géint Friessfeinde wieren. Dass een esou laang wiisst huet awer och säi Präis: Dat verbraucht Iessen an Energie, déi een dann net méi fir d’Produktioun vun Nowuess huet. Am Laf vun der Evolutioun huet sech fir all Aart ee Wuesstems-Programm agestallt, dat fir dës am Gënschtegsten ass. Well sech d’Evolutioun awer iwwer Millioune vu Joren erstreckt, ass dat wëssenschaftlech net einfach ze ënnersichen.

 Kéinte mir dann sou grouss gi wéi Giraffen?

An den entwéckelte Länner sinn d’Mënschen an de leschten 150 Joer ëmmer méi grouss gi, wahrscheinlech wéinst de verbesserte Liewensëmstänn. Mee déi Entwécklung ass an de leschte Joerzéngten a ville Länner méi lues ginn, wahrscheinlech, well mir un d’Grenz stoussen, déi eis Genen eis virginn. Am Prinzip kéinte mir sou grouss gi wéi Giraffen oder souguer Dinosaurier. Dat géif, an den nächste Millioune vu Joren nëmmen da geschéien, wann eis Aart en wierkleche Virdeel aus esou enger Kierpergréisst hätt.

Nach e puer aner Froen...

Ween ass de gréisste Mënsch op der Welt?

Den US-Amerikaner Robert Wadlow ass 2,72 Meter grouss ginn, ier hien 1940 mat 22 Joer gestuerwen ass. Een u sech guttaartege Gehirtumor huet ze vill Wuesstems-Hormoner produzéiert. D’Schanke vu senge Been waren duerch dat séiert Wuessen esou schwaach ginn, dass hien huet misse Schinnen undinn. Doduerch krut hie Blo Platzen a Bloderen. Wou eng dovun sech entzünt huet, huet sech d’Infektioun a sengem Kierper ausgebreet an ass schlussendlech doduerch gestuerwen.
Hautdesdaags hält de Sultan Kösen, ee kurdesche Bauer, mat 2,51 Meter de Rekord. Och bei him huet en Gehirtumor ze vill Wuesstemshormoner produzéiert. Säi Wuesstem huet eréischt opgehalen, nodeems Dokteren den Tumor erausgeholl hunn.

Wat ass déi maximal Kierpergréisst?

Dacks gëtt behaapt, datt wann en Déier méi grouss gëtt, d’Gewiicht vun dësem Déier méi séier wiisst wéi d’Schanken et am Fong packen. Dat géif eng Grenz fir de Gréisstenwuesstem setzen. Mee d’Natur huet mat den Dinosaurier gewisen, dass Déiere wou hautdesdaags u Land liewen nach vill Spillraum no uewen hätten. Bei Mamendéiere setzt éischter d’Iwwerhëtzung eng natierlech Grenz. Wat de Kierper méi grouss ass, wat e Verhältnisméisseg eng méi kleng Uewerfläch huet. Et ass also manner Plaz fir déi iwwerschësseg Wäermt of ze ginn. De Fuerscher no, komme Blowale mat hire bis zu 200 Tonnen an enger Kierperlängt, déi 30 Meter iwwerschreide kann, un déi maximal méiglech Kierpergréisst erun. Hire Berechnungen no, gëllt dës Gréisstengrenz och fir Mamendéiere wou u Land liewen.

Riseninsekten?

Monsterinsekten, wéi an den Horrorfilmer, kann et den Insektefuerscher no, ni ginn. Et sinn zwar viru Millioune vu Jore Libellen duerch d’Loft geflunn, déi mat hirer Fligelspanwäit mat ëm déi 70 Zentimeter esou grouss waren, wéi haut e Gräifvull, mee dat war nëmme méiglech, well deemools méi Sauerstoff an der Loft war. Insekten ootmen nämlech net aktiv wéi aner Déieren, mee verloossen sech op ee grousst Netz vu Réier, duerch déi d’Loft vun alleng an diere Kierper stréimt. Wat de Sauerstoffkonzentratioun an der Loft méi héich ass, wat dat besser klappt. Den Insektenfuerscher no, ass wéinst de Konditiounen hautdesdaags, fir d’Insekte bei enger Kierpergréisst vu 17 Zentimeter Schluss. Da vertraue mir emol hirem Calcul…

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Infobox

Mr Science op Eldoradio
All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen. Des Fro gouf an der Sendung vum 12.09.2018 beäntwert.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR