RTL, Media4All, FNR

De Reportage aus dem PISA Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg

Eis DNA an domadder eis Genen ierwe mir jo vun eisen Elteren an d’Gene selwer kënne mer net änneren. Awer fir datt Gene funktionéiere mussen se ugeschalt ginn. An dat kënne verschidde Facteure wéi z.B. Ernärung, Sport, Stress oder Ëmweltaflëss mat bestëmmen.

Jee nodeems wéi eng Genen iwwert de Laf vun eisem Liewen un- oder ausgeschalt ginn oder bleiwen, altere mir méi oder manner séier. Dëst kann dann eise sougenannte biologeschen Alter änneren, deen – anescht wéi eise chronologeschen Alter – reflektéiert, wéi gesond mir sinn a wéi gutt mir am Laf vun eisem Liewen op eise Kierper opgepasst hunn.

De Mr Science an d’Michèle vu science.lu hunn hire biologeschen Alter mat enger spezieller Bluttanalyse bestëmmt an sech duerno den Challenge gesat, en innerhalb vu sechs Méint erofzedrécken. De Mr Science duerch Sport an d’Michèle duerch Meditatioun. Ob dat hinnen dat gelongen ass, a wat do mat eise Gene geschitt, gëss Du am Video gewuer.

Auteuren: Joseph Rodesch & Michèle Weber (FNR)
Video: RTL & Media4all
Merci: Tarek Soubra (mydnage.com)

Infobox

PISA - De Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Auch in dieser Rubrik

Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR