© Pixabay

De berühmte Manneken-Pis vu Bréissel

Wisou richt Urin nom Spargeliessen sou komesch? A wisou ass fir munch Fuerscher de Geroch vun Urin méi opreegend wéi Parfum?

Mr.Science, lo mol am Eescht: Et gi Fuerscher déi un Urin richen?

Jo! Se hunn sech zum Beispill gefrot, wisou den Urin nom Iesse vu Spargelen sou charakteristesch richt.

An wat hunn se erausfonnt?

Se ginn dovun aus, dass dëse Geroch vu speziellen Inhaltsstoffer am Spargel kennt. Déi gi vum Stoffwiessel am Kierper verännert a richen dann désagreabel. Mat dem Urin ginn se eliminéiert. D’Fuerscher verdächtegen 22 Substanzen, allerdéngs konnten se bis haut nach net erausfannen, wat fir eng oder wat fir eng Kombinatioun vun dëse Substanze fir dëse Geroch verantwortlech ass.

Deen Geroch ass awer keng Krankheet, wisou erfuerschen d’Wëssenschaftler iwwerhaapt sou eppes?

Um Spargel-Urin hunn se aus rengem Virwëtz erfuerscht. Dat ass Grondlaagefuerschung. Vill méi Energie gëtt allerdéngs an d’Erfuersche vum Uringeroch gestach, dee Liewe rette kéint.

De Geroch vun Urin ka Liewe retten?

Jo. Den Urin ass nämlech souzesoen d’Ofwaasser vum Kierper. Dora lande vill Endprodukter aus eisem Stoffwiessel an dëse kann sech während enger Krankheet veränneren. An der Ufanksphase vun der Medezin hunn Dokteren sech ganz intensiv mat Urin beschäftegt. Se hunn en souguer geschmaacht, fir bestëmmte Krankheeten ze erkennen!

Uhh, eekleg!

Jo, déi ware schonn zimlech engagéiert ...Routineméisseg gëtt Urin haut virun allem fir Schnelltester agesat, fir zum Beispill Nierenerkrankungen, Bloseninfektiounen oder Diabetes ze erkennen. An am bekanntsten ass natierlechde Schwangerschaftstest mam Urin. Säit e puer Joer experimentéiere Medeziner elo mat speziell trainéierten Hënn, déi mat hiren empfindlechen Nuesen a munche Fäll Kriibs am Urin erausriche kennen.

Wouru richen se dat?

Dat wéissten d’Fuerscher och gären. Mee et geet hinnen dobäi wéi beim Spargelgeroch. Se wëssen, dass bei bestëmmte Kriibszorte speziell chemesch Verbindunge mam Urin eliminéiert ginn. Mee et si ganz vill verschidde Substanzen, a vill dovunner kennen d’Fuerscher nach guer net. D’Hondsnues kann awer anscheinend d’Urinprouwen an hire spezielle Gerochskombinatiounen ënnerscheeden. Dat sollen demnächst och sougenannten elektronesch Nuese kennen, also Sensoren, déi ganz vill verschidde Gerécher gläichzäiteg erkenne kennen. Déi wären da méi praktesch fir d'Routine an der Medezin. Allerdéngs ass d’Hondsnues am Moment nach besser.

Do kann ee just stauen, wat alles am Urin stécht.

Dofir ass Fuerschung jo ëmmer spannend!

 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR