(c) Jean Fortunet

200 ml Mënschen-Urin? Ehhh – Ech awer net! Kennt dat vun all de Schluppen, déi ech an der Piscine drénken?

Nee, déi mengen ech net, déi kommen nach dobäi! Ech mengen dat Waasser, wat emol Urin war an duerno dee ganze Waasserzyklus eng Kéier duerchgemaach huet an elo rëm propper ass. Bal 200 ml vum Waasser, wat’s de an dengem Liewen drénks, huet deen Zyklus schonn eng Kéier matgemaach a wor fréier mol Urin!

Dat do well ech awer elo méi genee wëssen! Wat ass dat fir en Zyklus?

D’Waasser wat ech pisse verschwënnt jo net einfach, mee et geet an d’Ofwässer fléisst duerch d’Baachen an d’Flëss bis an d’Mier. Ënnerwee verdämpt et zum Deel a sammelt sech an de Wolleken u bis et reent. D’Reewaasser sammelt sech dann am Grondwaasser un, ier et an de Quellen erëm erausleeft an iergendwann rëm a mengem Glas land! Mee keng Angscht, et ass jo just e ganz klengen Deel vum Drénkwaasser dat vun Urin oofstaamt, an dat vermëscht sech jo souwisou alles! 

Mee dat ass da jo och guer keen Urin méi!

Nee, mee et war es awer eng Kéier! Dat ass awer net schlëmm, well wann d’Waasser verdämpt, da bleiwen d’Salzer, a wat soss nach esou am Urin ass, zréck. De Waasserdamp ass also ganz propper, grad esou wéi d’Waasser wat herno dobäi erauskënnt!

Puh! Et ass also tatsächlech verdënnten ale Mënschenurin deen ech drénken, mee en huet vun der Kompositioun hier glécklecherweis näischt méi mat Urin ze dinn! Am Géigesaatz zu deem an der Piscine!

Auteur: Corinne Kroemmer
Mat engem grousse Merci un de Ben Kasel!

Foto © Jean Fortunet

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

       
A just als Spaass nach e puer Zuelen:

Et verdämpen all Dag iwwer 1.000 km3 Waasser, an d’Fuerscher ginn dovun aus, dass d’Waasser am Duerchschnëtt 3.000 Joer brauch fir eng Kéier duerch den Zyklus ze goen! Dat ass natierlech just en Duerchschnëtt, well eng Reendrëps, déi am Summer op d’waarm Strooss fält, verdämpt bannen e puer Minutten a brauch just e puer Deeg fir den Zyklus eng Kéier ze maachen. 70% vun der Äerd si mat Waasser bedeckt, an zwar mat 1,3 x 1021 Liter (1 300 000 000 000 000 000 000 Liter, eng 13 mat 20 Nullen), déi de Waasserzyklus permanent um Rullen halen. Et hu bis elo schätzungsweis 100 Milliarde Leit gelieft, déi all Dag 2 Liter Waasser gedronk hunn. Loosse mer soen d’Hallschent dovun hat eng Liewenserwaardung vun 30 Joer, an déi aner Hallschent vu 70 Joer. D’Mënschen all zesummen hunn also bis elo 3,5 x 1015 Liter Waasser gedronk a gepisst, dat sinn 0,0003% vun allem Waasser op der Äerd. 0,0003% vum Waasser sinn also ale Mënschenurin.
Während mengem Liewen (80 Joer Liewenserwaardung) drénken ech also 60.000 Liter Waasser, an och dovu sinn 0,0002 % ale Mënschenurin. Dat sinn also 180 ml, déi schonn een eng Kéier gedronk, respektiv gepisst huet.    Quellen

Foto © Jean Fortunet

The USGS Water Science School