FNR, RTL, Media4All

Extrait aus der Emissioun "Pisa - de Wëssensmagazin" vum 5. Juli 2020.

Wéi ee richteg grillt, dat huet vill mat Glawen an Iwwerzeegung ze dinn. Net fir näischt nennen sech bekannte Grillkachbicher och nach „Grillbibel“. Mir grillen am Reportage mat Kuel – aus Iwwerzeegung a well et méi interessant ass.

Mir hunn an eisem Versuch, deen am Kader vum Pisa Wëssensmagazin duerchgefouert gouf, eis e bësse méi systematesch mat dem Ufänke vun Holzkuel beschäftegt an 5 Methoden ënnertenee verglach. Eisen Test geet sécherlech net duer fir déi definitiv beschte Method ze ermëttelen, wëll alles och vun onkontrolléierbare Facteure wéi der Meteo ofhänkt,  mee eist Resultat gëtt engem awer eng gutt Indikatioun wéi eng Method ee wiele soll, wann ee mol méi presséiert ass oder wann een Noperen huet déi Pompjeeë scho bei der éischter klenger Dampentwécklung ruffen.

Eis Grillufänkmethoden

  1. De Scout: E mini Lagerfeier uewen op de Kuelen
  2. De Physiker: E mobille Kamäin hëlleft beim ufänken
  3. De Chemiker: Vill Spiritus léist d’Kuelen opflamen
  4. De Vulkan: Mat enger Béierfläsch, déi mat Pabeier ëmwéckelt ass, mécht een e Schaarschtech deen an d’Mëtt vun de Kuele gestallt gëtt.
  5. De Pyroman: Mat engem Gasbrenner a vill Fächeren

Eis Resultater:

  Zäit (min) Damp Opwand Material
De Scout 20 ** ** *
De Physiker 15 *** * ***
De Chemiker 15* * * **
De Vulkan 20 ** ** *
De Pyroman 10 * *** ***

*De Spiritus aus der Chemikermethod schéngt am beschte mee ass net ze recommandéieren. D’Manipulatioun vum Spiritus ass net ongeféierlech an e sténkt nach laang no. Ier een eppes op de Grill opleeë ka muss een also nach waarde bis alles verdämpt ass. 

All d’Methode klappe mee keng vun deene 5 Methoden ass an alle Beräicher de klore Gewënner. Fir deen dee säi Grill séier, ouni Effort, a mat wéineg Damp wëll fänke recommandéiere mir de mobile Kamäin aus der Physikermethod. Allerdéngs entseet bei der normaler Benotzung immens vill Damp. Dofir proposéiere mir déi ëmgedréinte Kamäinmethod:

Grillen

Déi ëmgedréinte Kamäinmethod (lénks) mam Zünder uewen drop mécht vill manner Damp a brauch just 5 Minutte méi laang wéi wann den Zünder ënnen dra läit.

Wann een den Zünder net ënnen an de Kamäin leed mee uewen drop, frësst sech d’Feier vun uewen no ënnen. D’Stralungshëtzt, also d’Infraroutstralung ass ausserdeem un der Basis vum Zünder am Gréissten dohier mécht et Sënn datt dësen op der Kuel läit. Den Zoch deen duerch de Kamäin entsteet suergt fir genuch Sauerstoff, datt d’Kuele séier uginn. Soubal eng Kuel un ass ginn déi, déi niewendrun leien och duerch d’Stralungshëtzt un.

Grillen

Infraroutstralung vun engem brennende Grillunzünder. D’Wäermtstralung ass un der Basis am gréissten.

Dës Method dauert +/-5 Minutte méi laang wéi wann de Kamäin vun ënne gezünt gëtt mee punkto Dampentwécklung ass et e groussen Ënnerscheed: well d’Gasen, déi beim Erhëtzen aus de Kuele rausdämpen uewendriwwer direkt verbrannt ginn.  D’Flam vum Zünder kann ausserdeem méi propper brennen.

Déi normal Kamäinmethod notzt déi waarm Loft déi iwwert der Flam vum Zünder no uewe klëmmt – dat ass eng Konvektiounshëtzt a keng Stralungshëtzt. Dës waarm Loft erhëtzt direkt vill Kuele beieneen awer dofir nëmme lues a lues. Doduerch verdämpen an deenen éischte Minutte vill Gaser aus der Kuel déi net verbrenne kënnen, an déi vill Damp maachen.

D‘Vulkanmethod an d’Scoutsmethod sinn ze recommandéieren, wann ee kee speziellt Material huet. Déi chilenesch Vulkanmethod ass zwar e bësse méi opwänneg am Opbau mee funktionéiert erstaunlech gutt. Bei der Scoutsmethod bleift den holztypesche Geroch, deen sech och op d’Gegrills iwwerdroe kann nach relativ laang erhal. Wëll een dëse vermeide muss ee waarde bis d’Holz komplett verkuelt ass.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Olivier Catani (RTL)
Produktioun : Media4all an RTL
Merci : Ingo Knopf

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu