FNR, RTL, Media4All

Extrait aus der Emissioun "Pisa - de Wëssensmagazin" vum 5. Juli 2020.

Flamen faszinéieren d‘Mënschen zanter Joerdausenden. Mee wat ass dat wat hei liicht a flackert? Wosst dir datt eng Flam huel ass? Mat Hëllef vun e puer Experimenter erkläert de Mr Science aus wat eng Flam besteet.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun : Media4all an RTL

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch in dieser Rubrik

Feng Shui
En harmonescht Doheem Funktionéiert Feng Shui?

Muncheree setzt op Feng Shui, wann et ëm d'Ariichten an d'Dekoréiere vun der Wunneng geet. Dat uraalt chineesescht Konzept soll dobäi hëllefen, en harmonescht Liewen ze féieren. Funktionéiert dat?

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees op den Dësch?

FNR
Zero Waste
Eng Welt ouni Offall Wat bréngt “Zero Waste“?

Duerch bewosste Konsum, schounenden Ëmgang mat Rohstoffer a virun allem Offallvermeidung wëll Zero Waste hëllefen, eis Ëmwelt ze retten. Wéi relevant ass des Beweegung? A wat funktionéiert?

FNR