Helium einatmen

shotshop.com

Helium kann net brennen an ass och net gëfteg. Trotzdeem soll een et mat dem Zuch aus dem Ballon net iwwerdreiwen. Méi Informatiounen dozou an der Infobox.

Dat ass well de Gas manner dicht ass wéi Loft, dat heescht Helium ass méi liicht wéi ee gläich grousse Volume vun der Loft, déi mir ootmen. Dofir breeden sech Schallwellen am Helium dräimol méi séier aus wéi an der Loft. Wat nach dobäi kënnt, ass datt de Gas och de Mechanismus beaflosst, duerch deen eis Stëmm entsteet.

Wéi entsteet dann de Klang vun eiser Stëmm? 

Wa mir schwätzen, jäizen oder sangen, brénge mir Loft un d'Schwéngen. Mir produzéieren also Schallwellen, déi sech an der Loft ausbreeden a vu friemen Oueren opgeholl kënne ginn. Dofir brauche mir dräi Saachen: Dat éischt ass e Recipient, aus deem mir Loft séier erausstréime loossen. Dat zweet si beweeglech Klappen, déi sech dem Loftstroum an de Wee stellen. An dat drëtt ass ee Raum, an deem d'Schallwelle geformt a verstäerkt kënne ginn.

An déi dräi Saache si bei eis all agebaut? 

Jo. De Recipient ass eis Long. Beim Ausootme presse mir Loft a Richtung Keelkapp. Dee sëtzt uewen am Hals an ass vu bausse gutt am Adamsapel ze erkennen. Déi beweeglech Klappe sinn eis Stëmmlëpsen. Dat sinn zwou kleng Hautfatzen am Keelkapp, déi sech dem Loftstroum entgéintsetzen. Dobäi fänke si u mat fladderen a versetzen d'Loft a séier Schwéngungen. De Raum, an deem de Klang geformt gëtt, ass eise Kapp. D'Loft déi schwéngt knuppt widder d'Wänn vu Mond, Nues a Strass, gëtt zréckgehäit a verstäerkt oder ofgeschwächt. Wéi genee, dat kontrolléiere mir mat der Zong an de Lëpsen. 

De liichten Helium bréngt dee System zolidd duercherneen. E beaflosst d'Fladdere vun de Stëmmlëpsen a léisst - wéinst senger niddreger Dichte - de Schall méi séier ginn. Doduerch kléngt eis Stëmm méi hell.

Awer opgepasst: wann s Du dat ausprobéiers, nëmme ganz wéineg Helium anootmen an och nëmmen aus engem mat Helium gefëllte Loftballon, op kee Fall direkt aus enger Helium-Gasfläsch! (cf. Infobox)

Infobox

Kann Helium anootme schiedlech Nieweneffekter hunn?

Helium kann net brennen an ass och net gëfteg. Trotzdeem soll een et mat dem Zuch aus dem Ballon net iwwerdreiwen. Well wann ee rengen Helium anotemt, da feelt engem fréier oder spéider de liewesnoutwennege Sauerstoff. An dat ass alles anescht wéi gesond. Et sollt een och ni op d'Iddi kommen, un enger Helium-Gasfläsch ze suckelen. Den Drock an de Party-Loftballonen ass relativ kleng, mee an den Helium-Gasfläsche läit en dacks bei iwwer 100 bar. Dat ass 100 mol méi wéi de Loftdrock ronderëm eis a géif fir eis Long a Gehier net gutt ausgoen.

Helium ootme géint de Rausch

Helium anzeootmen ass net just ee Partyspass. Taucher bitt de liichte Gas eng Méiglechkeet, méi déif ze tauchen, ouni dobäi deem gefaarten Tiefenrausch ze verfalen. Dee setzt gewéinlech tëscht 20 an 30 Meter ënnert der Waasseruewerfläch an. Schold ass de Stéckstoff an der Otemloft. Déi gëtt mat Pressloftfläsche mat ënner Waasser geholl. En Otemregulateur passt d'Mëschung dann dem Drock am Ëmfeld un, fir datt se beim Anootmen och géint d'Waassermassen, déi op de Kierper drécken an d'Longe stréime kann.

Mee bei méi héijem Drock kënnt och méi Stéckstoff an d'Blutt. Dee léist sech awer gutt am Fett - zum Beispill an der Zellmembran vun Nervenzellen. Déi quëllen doduerch op a gi Signaler méi lues weider. Den Taucher fält dowéinst an e Rausch. Seng Perceptioun ass verännert. E spiert Euphorie. Logesch Denke setzt aus. A Gefore ginn net erkannt.

Einfach de Sauerstoffundeel an d'Luut ze setze funktionéiert nëmme begrenzt. Well an héije Konzentratiounen an ënner méi héijem Drock verwandelt sech de Liewensspender a Gëft. Hei kënnt elo den Helium an d'Spill. Am Trimix ersetzt de Gas en Deel vum Stéckstoff. Am Hydreliox gëtt e mat Sauerstoff a Waasserstoff vermëscht. An am Heliox ass just Sauerstoff an Helium dran. De Virdeel vun all deene Mëschungen: mat hinne kann ee méi déif tauchen, ouni Tiefenrausch.

Auteur: Kai Dürfeld/scienceRELATIONS
Éditrice an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Aussi intéréssant

Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch w...

FNR
Pneumatique L’air peut-il soulever des objets lourds ?

Souffle dans un sac en plastique pour soulever un gros livre qui est posé dessus !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR