Institute for Luxembourgish Language and Literature

Fuerscher vum Institut fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur mat Vertrieder vun der Uni Lëtzebuerg an dem Kulturministère bei engem Besuch vum Kulturminister Eric Thill am März 2026.

Gedanken diktéieren a se bannent e puer Sekonnen opgeschriwwen hunn, Radio-Noriichten als Text opruffen oder Rieden an der Chamber live matliesen? Dat geet haut alles op och Lëtzebuergesch. Apps wéi 'LuxASR' oder d''Sproochmaschinn' maachen et méiglech. Digital Sproocherkennungs-Tools maachen eisen Alldag méi einfach. Awer hannert hinne stécht intensiv Fuerschung.

LuxASR ass ee vun de neisten a wuel populärste Tools, déi vum Institut fir Lëtzebuergesch Sprooch a Literatur un der Universitéit Lëtzebuerg entwéckelt goufen. Gegrënnt am Joer 2006 vum Linguist Prof. Dr. Peter Gilles, erfuerscht d'Institut zënter zwanzeg Joer d'Sprooch, d'Kultur an d'Literatur vum Groussherzogtum.

Mir hu mam Prof. Christoph Purschke an der Prof. Jeanne Glesener en Tour duerch déi jonk Disziplin vun der Luxemburgistik gemaach. Si hunn eis méi doriwwer verzielt, wéi enge Froen si noginn.

Wourëm geet et an der Fuerschung zur Lëtzebuerger Sprooch?

"Luxemburg ass e Land mat enger Nationalsprooch, enger komplexer Realitéit vu Méisproochegkeet am Alldag an enger méisproocheger Literatur. Eis Missioun ass et, dës eenzegaarteg Situatioun aus de Perspektive vun der Linguistik, der Literaturwëssenschaft an der Kulturwëssenschaft ze erfuerschen a Wëssen iwwer Sprooch a Kultur zu Lëtzebuerg ze vermëttelen," erkläert de Direkter vum Institut, Prof. Dr. Christoph Purschke. D'Schwéierpunkte gi vun der Geschicht an de besonnesche Charakteristike vun der Literatur am Groussherzogtum iwwer d'Grammatik, d'Variatioun, de Sproochwandel, d'Eegenheete vun der Lëtzebuerger Sprooch an der nationaler Sproochepolitik, bis hin zum gesellschaftlechen Ëmgang mat der Méisproochegkeet, moderner Computerlinguistik an digitale Sproochapplikatiounen.

"Mir beobachten nach ëmmer eng Debatt doriwwer, ob Lëtzebuergesch iwwerhaapt eng Literatursprooch ass," seet d'Literaturwëssenschaftlerin Jeanne Glesener. Auteure mussen sech rechtfäerdegen, wann si op Lëtzebuergesch schreiwen, an sech doduerch un eng méi kleng Lieserschaft adresséieren. Allerdéngs beschäftegt sech d'Literaturfuerschung bäi wäitem net just mam Lëtzebuergeschen: "D'Lëtzebuerger Literatur gëtt dacks mëssverstanen als Literatur, déi op Lëtzebuergesch geschriwwen ass. Awer d'Auteure vum Land schreiwen och op Däitsch, Franséisch oder Englesch. Eis Zil ass et dofir, eng interkulturell a méisproocheg Geschicht vun der Literatur vum Land ze schreiwen."

Wee bedreift Fuerschung zur Lëtzebuerger Sprooch a Literatur? 

D'wëssenschaftlech Ekipp vum Institut besteet haut aus fënnef Professeren – nieft dem Grënner vum Institut Peter Gilles, an dem Computerlinguist Christoph Purschke, sinn d'Literaturwëssenschaftlerin Jeanne Glesener, d'Soziolinguistin Melanie Wagner an d'Linguistin Caroline Döhmer – souwéi eng Rëtsch Doktoranden. D'Fuerscher ginn och Coursen fir d'Studente vum Masterprogramm Lëtzebuergescher Sprooch a Literatur, an droen esou zur Ausbildung vum Lëtzebuergesch-Léierpersonal bäi. Eng Erausfuerderung ass dobäi, datt ëmmer méi Studente Lëtzebuergesch just als zweet oder drëtt Sprooch schwätzen.

Wat ass dat Besonnescht un der Luxemburgistik-Fuerschung? 

Luxemburgiste leeschten a villen Hinsichte Pionéieraarbecht. Wärend d'Kulturraim aus den Nopeschlänner op Joerhonnerte vu Fuerschung an der Germanistik oder Romanistik zréckblécken, ass d'Luxemburgistik eng jonk Disziplin, déi nach am Opbau ass. Laang hat d'Sprooch net de néidege Status, fir esou selbstverständlech am Mëttelpunkt vun der Wëssenschaft ze stoe wéi d'Sprooche vun de groussen Nopeschlänner. "D'Virstellung vum Lëtzebuergeschen als limitéiert Sprooch hält sech bis haut hartnäckeg," bemierkt de Christoph Purschke – fir de Linguist mat däitschem Ursprong ass dat ee vun de Grënn, firwat hien seng Fuerschungscarrière dësem eenzegaartege Fach gewidmet huet.

Fuerschungsaarbechten, déi an där jonker Disziplin entstinn, sinn net seelen déi éischt iwwerhaapt zu engem Theema. Ob d'Monographie zu de Grammatikstrukture vun der Lëtzebuerger Sprooch, d'Analys vum fir Lëtzebuerg typesch Wiessel tëscht Sproochen, der Erfuerschung vum Afloss vu soziale Medien oder der Dissertatioun iwwert de méisproochege Bichermaart - d'Auteure stéingen all virun därselwechter Erausfuerderung, sou de Purschke: "Mir maache Grondlagefuerschung. Fir d'Wëssenschaft vun enger klenger Sprooch a Literatur gëtt et dacks kee Bestand vu Fuerschungsresultater, op deene mir opbaue kënnen. Dat kann heiansdo frustréierend sinn, mee bitt awer och grouss wëssenschaftlech Fräiheet. Eis Kultursprooch ass villäicht klengt, mee huet awer grousst Potenzial."

Besonnesch motivéierend fir d'Fuerscher ass dee grousse Fundus u Réidaten, déi si notze kënnen. "Mir hunn Zougang zum kompletten RTL Online-Archiv – an anere Wierder zu de Donnéeë vun der gréisster ëffentlecher Noriichteplattform zu Lëtzebuerg, mat  alle journalistesche Bäiträg a Lieserkommentaren aus de leschten 20 Joer. Vun esou eppes kënne Linguisten an anere Länner nëmmen dreemen." Dëst mécht et och méi einfach, ganze gesellschaftlechen Debatten nozegoen, wéi z. B. iwwert d'Bedeitung vun der Méisproochegkeet. 

Fuerschung fir a mat der Gesellschaft

Fuerschung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch ass keng reng akademesch Aarbecht, mee touchéiert och gesellschaftlech Empfindlechkeeten. Well d'Sprooch ass enk mat der nationaler Identitéit verbonnen. Dofir huet d'Luxemburgistik den Usproch, hir Fuerschung  esouzougänglechwéiméiglech fir d'interesséiert Ëffentlechkeet ze maachen. "Wëssenstransfer an direkten Austausch mat der Gesellschaft sinn  haut en integralen Deel vum Institut," betount den Direkter vum Institut Christoph Purschke. Dozou droe partizipativ Citizen-Science-Projete fir Matzemaache wéi Lingscape bäi (kuckt méi wäit ënne bei "Ausgewielte Projete vun der Luxemburgistik"), an och Ëffentlechkeetsaarbecht wéi de Podcast "E puer Wierder iwwer Wierder“ vum Caroline Döhmer op Radio 100komma7. Praktesch Uwendungen, wéi z. B. digital Tools, ginn dacks an Zesummenaarbecht mat externe Partneren entwéckelt, wéi der Chamber, RTL oder dem "Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch" (ZLS).

De Portal www.kulturgeschicht.lu mécht och e wäertvolle Bäitrag zur kultureller an historescher Ierfschaft vu Lëtzebuerg. Seng Texter baséieren op enger Serie Virträg, déi vun der Prof. Jeanne Glesener op Initiativ vum SCRIPT organiséiert ginn. Si decke sozial a wirtschaftlech Geschicht, Mediegeschicht, Antisemitismus a vill aner kulturell an historesch Themen am Zesummenhang mam Groussherzogtum of. D'Virtragsserie soll am Summersemester 2027 weidergoen.

Iwwert d'Grenzen eraus

D'Aktivitéiten a déi bal 300 Publikatioune vum Institut zéien och international Opmierksamkeet un. "Kleng Sproochen a Literaturen hunn aner Problemer. Zum Beispill funktionéieren Chatbots an automatesch Iwwersetzungsmodeller op Lëtzebuergesch net op déiselwecht Manéier wéi bei de wichtegste Kultursproochen, well d'Sprooch  vläichtnet komplett standardiséiert ass oder well et un Donnéeë fir den Training vun de Modeller feelt. Dat mécht d'Lëtzebuergesch zu engem Testfeld fir nei digital Uwendungen," erkläert de Christoph Purschke.

Och Sproochepolitik an déi gesellschaftlech Roll vum Lëtzebuergeschen als Integratiounsfacteur kréien international Opmierksamkeet: zum Beispill, datt Lëtzebuergesch net an der Schoul enseignéiert gëtt, Sproochecoursë fir Auslänner awer staark gefërdert ginn. 

D'Institute fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur wëll och d'Sproochepolitik hannerfroen an déi gesellschaftlech Roll vun der Sprooch als Landessymbol an Integratiounsmëttel ënnersichen. Wéi organiséiere kleng méisproocheg Gesellschaften hire Mateneen am Alldag - wee benotzt wéini a firwat wéi eng Sprooch? Wéi ka Lëtzebuergesch besser an der Gesellschaft verankert ginn, och wann d'Landessprooch net um Léierplang steet? A wéi kéint d'Literatur vum Land, onofhängeg vun der Sprooch, méi Opmierksamkeet kréien? Och no 20 Joer Fuerschung gëtt et fir d'Luxemburgistik nach vill ze entdecken - a grondleeënd Froen ze beäntwerten. 

Iwwert d'Institut fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur

Den Institute for Luxembourgish Language and Literature op der Universitéit Lëtzebuerg ënnersicht déi literaresch a sproochlech Praktike vu Lëtzebuerg aus linguistescher, didaktescher a literaturwëssenschaftlecher Perspektiv a setzt dobäi och Computerbaséiert Methoden an.

En Iwwerbléck iwwer Fuerschungsprojeten, Publikatiounen an Dokteraarbechte vum Institut fënnt een op https:/infolux.uni.lu an dem Newsblog, deen dozou gehéiert. 

Hei kann een och Tools a praktesch Uwendungen erofluede wéi z. B. den Atlas vu Lëtzebuergesche Familljennimm, d'Sproocherkennungstool Lux-ASR, de Variatiounsatlas, d'Lingscape-App esou wéi Wierderbicher a villes méi.  

Vu Lingscape bis Travolta: Ausgewielte Projete vun der Luxemburgistik

Lux-ASR-App

D'Universitéit Lëtzebuerg huet dëst Joer eng gratis Smartphone App (fir iOS an Android) mam Numm Lux-ASR eraus ginn, déi geschwate Lëtzebuergesch a geschriwwenen Text ëmwandelt. De KI-Projet ënnert der Leedung vum Prof. Peter Gilles gouf vun der Chamber ënnerstëtzt. Et gëtt ënner anerem dofir benotzt, fir Debatten an der Chamber automatesch ze transkribéieren an ze iwwersetzen. Nieft der Uwendung fir de professionelle Gebrauch notze vill privat User d'App och fir d'Transkriptioun vu Sproochnotizen.

Small Literatures in Europe

Dëse lafende Projet vun der Prof. Jeanne Glesener beschäftegt sech mat der Positioun, de Chancen an den Erausfuerderunge vu sougenannte klenge Literaturen an Europa a vergläicht se mateneen. Gemengt sinn domat literaresch Traditiounen, déi opgrond vun hirer begrenzter Sproochegemeinschaft manner siichtbar si wéi déi grouss europäesch Literaturen - sou wéi zu Lëtzebuerg. Am Mëttelpunkt steet d'Fro, wéi sou Literaturen sech definéiere loossen, wéi se sech entwéckelen, kulturell Eegestännegkeet behaapten an iwwer national a sproochlech Grenzen ewech wouer geholl ginn. Dobäi schafft d'Prof. Glesener mat Linguisten aus de baltesche Staaten zesummen, deenen hir Literatur sech änlech wéi déi vu Lëtzebuerg an engem méisproochegen Ëmfeld tëscht grousse Kulturnatioune behaapte muss. 

Travolta

De Projet „Tracing Attitudes And Variation In Online Luxembourgish Text Archives“ (TRAVOLTA) huet ënnert der Leedung vum Prof. Christophe Purschke iwwer dräi Joer ënnersicht, wéi sech d'Lëtzebuergesch an de leschte Joerzéngte vun enger primär geschwater Sprooch zu enger vollwäerteger Schrëftsprooch entwéckelt huet - staark acceleréiert duerch sozial Medien an den Internet. Dofir notze Fuerscher d'Online-Textarchive vun RTL.lu, inklusiv de Userkommentaren. Ënnersicht gouf ënner anerem, wéi sech an den digitale Medie gemeinsam Schreifpraktiken entwéckelen. Och d'Astellung vun der Ëffentlechkeet zu Theeme wéi Méisproochegkeet oder der COVID-19-Pandemie gouf erfuerscht. Doriwwer eraus liwwert de Projet nei Léisunge fir d'Verschaffe vun Textdonneeën wéi zum Beispill eng automatesch Korrektur vun der Orthografie.  

Lingscape-App

Den internationale Citizen-Science-Projet Lingscape vum Prof. Christoph Purschke erfuerscht déi sougenannte Linguistic Landscape (Sproochelandschaft), dat heescht d'Präsenz an d'Vilfalt vu geschriwwener Sprooch an der Ëffentlechkeet. Dozou gehéiere Stroosseschëlder, Plakater vu Reklammen, Schëlder vu Butteker, Sticker oder Graffiti. Iwwert eng gratis Smartphone-App ka jidderee weltwäit Fotoe vu Schrëftzeechen oder Schëlder am ëffentleche Raum maachen, deene Geodate ginn, déi erkannte Sprooche markéieren an eroplueden. Déi gesammelt Biller fléissen an eng interaktiv Online-Kaart. D'Web-Plattform déi virun zéng Joer lancéiert gouf, ass haut eng Fuerschungsinfrastruktur, déi vu Linguiste weltwäit genotzt gëtt. 

Schnëssen-App

Dëse Citizen-Science-Projekt vum Prof. Peter Gilles ënnersicht déi geschwate Lëtzebuerger Sprooch an hir Dialekter. Jiddereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt, konnt onofhängeg vun Alter, wou e wunnt a wou en hierkënnt kuerz Sproochopnamen areechen. Zil war et, dat Lëtzebuergesch dat haut geschwat gëtt an all senge Facetten ze dokumentéieren an ze erfuerschen, wéi sech regional Dialekter veränneren. Mat Hëllef vun insgesamt 250 000 Bäiträg hunn d'Fuerscher sou dee gréisste systemateschen Audiokorpus vun der Lëtzebuerger Sprooch opgebaut an hunn 2022 de „Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen“ entwéckelt, deen de Wandel vun de Lëtzebuergeschen Dialekter an der Alldagssprooch a Form vu Kaarte siichtbar mécht. 

Auteur: Britta Schlüter
Éditeuren: Michèle Weber, Linda Wampach (FNR)

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Sondage représentatif du FNR Taux de confiance encore en hausse pour la science

Comment les Luxembourgeois évaluent-ils le rôle de la science dans la pandémie de Covid ? Quel intérêt y portent-ils ? C...

FNR
Conférence interactive Que savoir pour réduire son empreinte environnementale en tant que citoyen ?

L’évènement « So you think you’re green ? » revient le 17 novembre 2020 (en ligne) avec pour sujet la mobilité.

FNR

Aussi dans cette rubrique

Journée de la langue luxembourgeoise Une petite langue aux grandes particularités

Seules quelques centaines de milliers de personnes parlent luxembourgeois. Or, malgré sa petite taille, cette langue réserve bien des surprises. Peter Gilles nous en explique les particularités.

Rapport sur la situation de la jeunesse 2025 La jeunesse au Luxembourg : vivre en ligne et hors ligne

L'édition 2025 du rapport sur la situation de la jeunesse confirme que, pour les jeunes au Luxembourg, le numérique est la nouvelle normalité et qu'il n'est plus possible de dissocier les deux mondes

Schueberfouer De Luxembourg à Chicago : comment une fête foraine a été exportée à l’international

À Chicago, des émigrés luxembourgeois célèbrent leur propre version de la « Schueberfouer ». Véronique Faber du C2DH retrace l’histoire fascinante de cet évènement unique.

Polarisation in society How polarised is Luxembourg? Assessment of a researcher

Is polarisation increasing and more and more dividing our society? How is the situation in Luxembourg? Assessment from Christophe Lesschaeve from the University of Luxembourg