Eehm

Pixabay

Et kënnt drop un, wéi oft een déi sougenannten Hesitatiounslauter gebraucht.

Eh, Mr. Science, mir hunn hei eng Fro zum Thema Sprooch. Munch Léit soe jo zimlech oft ehm oder eh, wa se schwätzen. Wouhier kennt dat?

Ehm, eh oder mmmh sinn Hesitatiounslauter. Mënsche maache se, wa se fräi schwätzen an eng kuerz Zäit brauchen, fir sech déi nächste Wierder richteg ze dréinen.

Ass dat normal?

Dat ass komplett normal. Op der enger Säit hëllefen Hesitatiounslauter, eng reegelméisseg Ootmung bäizebehalen. Stell der vir, du géifs bei all kuerzer Hesitatioun mam Schwätzen ophalen, ausootmen an erëm anootmen. Sou munch ee géif do schéin hechelen.

Ehmen an Ehen hëllefen awer och deem dee nolauschtert, fir der Ried besser no ze kommen. Wann s de heiansdo Eh sees, mierkt een, dass de iwwer dat nodenks, wat s de gläich soe wëlls. Et kritt een d‘Gefill: Deen ass bei der Saach. Dat steigert d‘Opmierksamkeet.

A Sproochtraininge gëtt engem awer den Eh ofgewinnt.

D’Heefegkeet vun den Hesitatiounslauter ass entscheedend. Wéineg Ehen maachen d’Ried interessant, mee sou munche Politiker versteet ee viru lauter Ehen kaum nach. Dat soll een da léiwer ewechtrainéieren.

Merci Mr. Science. Ginn mer elo zesummen en Béier drénken?

Ehhh… Munchmol ass en Hesitatiounslaut och eng Indikatioun op dat, wat gläich kennt. Wien eng Aluedung ofsoe muss, dee kënnt an d‘Struewelen. Mee no dem éischten Ehm kanns de eigentlech ophalen ze schwätzen. Jidderee weess Bescheed.

Also et deet mer wierklech leed – mee ech muss nach schaffen.

OK dann eng aner Kéier.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Foto : Pixabay

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 

Ehmen hëllefen deem deen nolauschtert

Riedner, déi oft Hesitatiounslauter wéi Eh oder Ehm schwätzen, sinn net besonnesch beléift. Hier Aart a Weis fir ze schwätze gelt als onelegant. Zu Onrecht, wéi US-amerikanesch Fuerscher nogewisen hunn: D’Hesitatiounslauter stäerken d’Erwaardunge vum Nolauschterer, deen sech op eppes Wichteges, Komplizéiertes oder Spannendes astellt. Miessunge vu Gehirstréim hu gewisen, dass Contenuen, déi no engem Hesitatiounslaut kommen, besonnesch intensiv verschafft a besser agespäichert gi kennen.

Wéini soll een trotzdeem eppes géint ze vill Ehmen oder Ehen ënnerhuelen?

Ee Schwätztraining géint Hesitatiounslauter ass an deene meeschte Fäll iwwerflësseg. Hesitatiounslauter maache – a Moossen -  dat Geschwatend méi interessant! Et sief dann, et gëtt een heefeg drop ugeschwat, dass een ze oft Ehm seet. En professionelle Riedner op der Bühn oder virun engem Mikro mussen sech permanent selwer kritesch beobachten oder beobachte loosse – a sollen am Zweiwelsfall léiwer en Schwätztrainer opsichen, ier hier Carrière ënnert engem mangelhafte Sproochfloss leit.

 

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR