(c) KuruanShotshop.com

Op all Produit am Supermarché sinn di vertikal Strécher mat den Zuelen drënner, de Barcode. Mee wei gouf dëse Code entwéckelt?

Ech ka mech nach gutt erënnere wei fréier an de Butteker all eenzelen Artikel huet misse per Hand an der Kees agetippt ginn!

Jo du kanns der jo virstellen dass dobäi vill Feeler gemaach goufen! Dofir huet missen e bessere System hier.

An dat war eise Barcode?

Neen nach net grad direkt! 1949 hunn zwee Studenten e System entwéckelt fir Saachen zu nummeréieren. Si hunn sech heifir um Morsecode inspiréiert a fir dass de Code vun all Säite liesbar ass huet desen éischte Code ausgesi wéi eng Zilscheif.

Jo mee eise Barcode ass jo awer net ronn!

Dono ass vill um Code gefuerscht ginn an et goufe verschidde Systemer entwéckelt. An zu all Code huet natierlech och missen e passend Liesgerät erfonnt ginn.

Mee ass dat net schrecklech komplizéiert bei sou enger helle Wull u verschiddene Coden?

Dach! An dofir huet missen een industriewaite Standard hier! Den U.P.C. (Universal Product Code, de Barcode wei mir en haut kennen, ass iwwerall agefouert ginn. 1974 gouf an Amerika den éischte Produit an engem Buttek gescannt, e Knätsch.

Et ass dach erstaunlech dass Informatioune kennen a Strécher gespäichert ginn, wei funktionéiert de Barcode dann eigentlech?

De Barcode besteet aus verschidde breeden, parallele Strécher a Espacen. All Espace a Stréch steet fir eng Zuel, d‘Liesgeräter erkennt op do en Stréch oder Espace ass an wei deck en ass an verschafft dat dann elektronesch weider. Déi normal Barcode sinn eendimensional (1D), an den 80er goufen dunn schonn 2D-Coden agefouert, den QR ass z.B. sou een.

An haut?

Haut ginn et 3D-Coden, hei ass d‘Faarf déi 3. Dimensioun. D’Fuerscher schaffe mëttlerweil schonn un engem 4D-Code deen animéiert ass. De Problem bei dësem Code ass, dass en nach net vun alles gelies ka ginn. Mee d’Fuerscher tüftelen och do schonns fläisseg un enger Léisung!

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…
 

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Photo © KuruanShotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Helium einatmen
Quiitscheg Stëmm Firwat mécht Helium eis Stëmm méi hell?

Firwat klénge mir wéi d'Mickey Maus, wa mir en déiwen Zuch aus engem mat Helium gefëllte Loftballon huelen?

FNR
Erneuerbare Energie
Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méiglech op 100% erneierbar Energie iwwerzegoen?

FNR
Tränen Roboter
Genial, emotional, aus Stol Wäerte Maschinne jeemools fille kënnen?

Robotik a kënschtlech Intelligenz maache grouss Fortschrëtter. Mee wäerte Maschinnen enges Daags fille kënne wéi mir Mënschen?

FNR