Wikimedia Rittmeyer EN, Allison A, Gründler MC, Thompson DK, Austin CC

Dat klengsten Déier ass eng Méck aus Guadeloupe

Et ass emol keng Laus, mee eng Méck aus der Guadeloup! An zwar ass déi en Zéngtel Millimeter grouss! Dat klengst Wirbeldéier ass e Fräsch aus Papua Neu Guinea, dee ganzer 7 Millimeter grouss ass! Dat klengst Mamendéier, eng Spëtzmaus, ass esou guer 4 cm grouss!

Dat ass jo e risen Ënnerscheed tëscht der Méck, dem Fräsch an der Maus!

Eigentlech huet d’Wirbelsail jo d’Entwéckelung vu méi grousse Liewewiesen erméiglecht. Dofir ass et och keng grouss Iwwerraschung dass dat gréissten Déier op der Welt e Wirbeldéier ass, an zwar de Blowal mat 30 Meter.

Mee e klengt Déier brauch jo guer keng esou eng stabil Schankekonstruktioun fir z’iwwerliewen. Dofir ass déi Miniaturwelt vun de Wirbeldéieren och esou faszinéierend fir d’Fuerscher, well se iergendwéi widderspréchlech ass.

Mee d’Mamendéiere si jo awer net grad esou kleng. D‘Spëtzmaus huet 4 cm soss de, nee?

Jo, déi hunn nach d’zousätzlech Erausfuerderung dass se liewegen Nowuess kréien! An da muss jo genuch Plaz bannendra sinn, fir d’Entwéckelung vun deene Klenge bis zum Schluss ze packen! Onendlech schrumpfe kann een se jo och rëm net!

Onendlech net, nee! Mee wat ass dann theoretesch sou dat klengst?

Et ass jo grad d’Wirbelsail, déi vill Plaz ewech hellt. Dofir mengen se, dass dat klengst Wirbeldéier net manner wéi 5 mm kleng ka sinn.

Mee déi Welt vun de Miniatur Wirbeldéieren ass nach zimlech onbekannt! An se fannen och ëmmer nach méi klenger! De Kaarp, dee mat 7,9 mm laang de Rekord gehal huet, ass eréischt virun e puer Joer vun deem klenge Fräsch vu 7 mm vum Podium gehait ginn! 

Haart Konkurrenz also! Mee wat d’Déiere méi kleng ginn, wat se och méi schwéier ze fanne sinn, huelen ech un! Ech sinn dann emol gespaant mat wat d’Fuerscher als nächst kommen!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Alldeeglech Erausfuerderunge wann een esou kleng ass

 

Kleng sinn ass net ëmmer einfach! Dann ass näämlech d’Iwwerfläch vun der Haut immens grouss, verglach mam Kierpervolumen. Doduerch verléiert de Kierper vill Hëtzt a Fiichtegkeet.

Kleng gläichwarm Déieren (Warmblüter), also Déieren déi eng konstant Kierpertemperatur hun wéi Villercher oder Säugedéieren, verbrauchen dee gréissten Deel vum Dag mat friessen. Soss hunn se näämlech net genuch Energie fir hier Kierpertemperatur bäizebehalen.

Wiesselwarm Déieren (Kaltblüter), also Déieren deenen hier Kierpertemperatur sech der Aussentemperatur upasst, hunn dee Problem jo net. Mee fir kleng Amphibië stellt sech awer zum Beispill de Problem vum Waasserverloscht. Déi mussen dofir oppassen, dass de permanent am fiichte Gras setzen.

 

D’Gewënner aus der Miniaturwelt vun de Wirbeldéieren

 

Fësch: Kaarp aus Sumatra, Indonesien – 7,7 mm

Amphibie: Fräsch aus Papua Neu Guinea – 7 mm

Reptil: Gecko Brookesia minima – 14 mm

Vull: Beienelf Mellisuga helenae – 30 mm

Säugedéier: Etruskerspatzmaus Suncus etruscus– 40 mm

 

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

 

D’Welt vun de Miniatur Wirbeldéieren ass net déi eenzeg, déi nach gréisstendeels onerfuerscht ass. D’Ozeane, besonnesch ab enger bestëmmten Déift, biergen op mannst grad esouvill Geheimnisser.

Tara Expeditions“, eng franséisch Associatioun déi sech fir d’Ëmwelt asetzt, huet 2009 en neie Projet op d’Been gesat: „Tara Oceans“. Mat engem Schëff huet eng Equipe Fuerscher während 3 Joer den Tur duerch eis Mierer gemaach a Waasserprouwen aus alle Géigenden an Déifte gesammelt. Resultat: 1,5 Milliounen nei Liewewiesen. Dorënner kleng Quallen, Scampien a Wierm, déi eis bis haut komplett onbekannt waren.

Leider hunn se donieft awer och Dausenden an Dausende vu Platikstécker pro Quadratkilometer fonnt. Esou guer an deene verstopptesten Ecker, wou bis elo gemengt ginn ass dass de Mënsch kee groussen Afloss op den Ekosystem hätt.

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

Et stellt sech natierlech d’Fro, firwat esou kleng Wirbeldéieren sech iwwerhaapt entwéckelt hunn. De Fuerscher hier Hypothese berout um Prinzip, dass sech eng ekologesch Nisch rondrëm de klengen Insekte gebilt huet, déi vu soss kengem gefriess ginn. Well d’Natur sech duerch de mënschlechen Afloss an de Klimawandel esou séier verännert, mengen d’Fuerscher dass nei Déierenarten et ëmmer méi schwéier hunn, fir sech duerchzesetzen an ze iwwerliewen. Dofir kéinten déi nei Liewensformen ëmmer méi un d’Extremer réckele goen, an zum Beispill ëmmer méi kleng ginn.

Mee déi séier Verännerung vun der Natur huet awer natierlech och Nodeeler  an dréit zum Verschwannen oder Ausstierwe vu villen Déierenarten. Dofir schafft den Naturministère mat der europäescher Emweltagence zesummen, fir d’Natur an d’Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze schützen. Den Naturmusée mécht regelméisseg Bestandsopnamen ënnert der Leedung vum Guy Colling, fir verschidde bedroten Déieren ze schützen ier et ze spéit ass.

 

Auch interessant

Wie Wissenschaft funktioniert Was weiß die Wissenschaft? Wissenschaftliche Evidenz in Pandemie-Zeiten

Masken, Übertragung, AstraZeneca-Empfehlungen: Wissenschaftliche Evidenz kristallisiert sich meistens aus einem kontinui...

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Kribbeln im Fuß Wie können Füße einschlafen?

Mein Fuß ist eingeschlafen. Die Hand kribbelt beim Aufwachen. Was ist da los ?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR