Winterdepression

shotshop.com

Dofir muss een erausfannen, ob ee just déi waarm Summerowenter dobausse vermësst oder méi staarkt ënnert dem Wanterblues leit. Dat ass de Fall, wann ee moies kaum aus dem Bett kënnt, dagsiwwer schlapp ass, no Iesse mat vill Kuelenhydrater glëscht an déi depressiv Stëmmung all Joer fir den Ufank vun där däischterer, kaler Joreszäit erëm optaucht. Da leit ee wahrscheinlech un enger saisonal bedéngter Depressioun. De Fachausdrock fir de Wanterblues ass SAD, dat steet fir Seasonal Affective Disorder.

Wéi vill Leit erwëscht et dann all Joer?

Em déi 3 Prozent, also ongeféiert ee vun 30 Leit. Dovu sinn dräivéierel Fraen an déi meescht Betraffe leiden all Wanter drënner.

A wat kann een dogéint maachen?

Normalerweis kritt ee Liichttherapie verschriwwen. Dofir setzt een sech all Dag 30 bis 45 Minutte virun eng immens hell Spezialluut. Meeschtens recommandéieren d'Dokteren, dat moies ze maachen. No enger bis 2 Woche verbessert sech da bei deene meeschte Patienten d'Stëmmung erëm.

Kéint een sou och präventiv géint de Wanterblues wierken? Also schonn am Hierscht eng Liichttherapie maachen an net eréischt waarden, bis d'Wanterdepressioun een erwëscht huet? 

Dat hunn d'Fuerscher sech och gefrot a Liichttherapie als Präventivmoossnam getest. Zur Zäit sinn d'Resultater vun de Studien awer net kloer. Dat heescht, et kann een et probéieren, awer et gëtt kee Beweis dofir, datt Liichttherapie wierklech präventiv wierkt.

Wat ass dann d'Ursaach fir d'Wanterdepressioun?

Dat gëtt säit den 80er Joren vum leschte Joerhonnert erfuerscht. Et hëlt een un, datt et mat der biologescher Auer ze dinn huet, déi duerch de Manktem u Liicht am Wanter aus dem Takt geréit. So ass een op d'Iddi mat der Liichttherapie komm. Awer den Zesummenhang vu Liicht a Stëmmung ass schwéier ze beweisen.

Firwat?

Wann een zum Beispill e Medikament test, kritt eng Grupp vun de Patienten dat neit Medikament an eng aner Grupp eng Pëll oder soss en Traitement, déi kee Wierkstoff enthält, also e Placebo. Awer Liichttherapie kann een net sou testen, well wat wär dann "Placebo-Liicht"? Sou eppes gëtt et net. D'Fuerscher sichen dowéinst zum Beispill no Hormonschwankungen am Blutt, déi d'Wanterdepressioun erkläre kéinten. Awer bis elo hunn se d'Rätsel vun der Wanterdepressioun nach net geléist. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer nach spannend!

Kann ee Wanterdepressioun verhënneren?

Well déi depressiv Stëmmung sech bei de Betraffenen all Joer am Ufank vum Wanter erëm weist, probéieren d'Medeziner erauszefannen, wéi een se verhënnere kéint. Si hunn dofir d'Effikassitéit vu Liichttherapie, Psychotherapie a Medikamenter getest. Bis elo konnten si awer net eendeiteg noweisen, dass eng vun den Therapie-Optioune wierklech wierkt. Allerdéngs gëtt et och keng kloer Beweiser, déi géint eng vun dësen Therapië schwätzen. Et gëtt dofir recommandéiert, méiglech Niewewierkunge géint perséinlech Preferenzen ofzeweien a präventiv Therapien eréischt no Récksprooch mat engem Dokter auszeprobéieren.

Liichttherapie géint "normal" Depressioun?

Anescht wéi bei der saisonaler Depressioun ass d'Effikassitéit vu Liichttherapie fir d'Behandlung vun "normalen" depressive Stéierunge mëttlerweil kloer bewisen. Aktuelle Studien no ass si genau sou efficace wéi aner Medikamenter. Am efficacesten ass eng Kombinatioun vu Liichttherapie an Andidepressiva. Anescht wéi bei der Wanterdepressioun schéngt et fir d'Behandlung vun "normaler" Depressioun och keng Roll ze spillen, a wéi enger Joreszäit d'Liichttherapie gemaach gëtt.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Seelische Gesundheit Depressionen – körperlich oder mental bedingt?

Ist Depression eine Krankheit? Welche Ursachen haben Depressionen, und wie wirken sie auf den Organismus? Wie lassen sie...

FNR
Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR
Nach dem Schlaganfall Informationsmangel erhöht Depressionsrisiko

Nach einem Schlaganfall könnten Hilfsprogramme und zuverlässige Informationen helfen, Depressionen bei Patienten zu ver...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR