SKIN & FNR

Video vum Ziel mir keng!

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

De Guillaume Osier vum STATEC (lénks) an de Prof. Christophe Ley vun der Uni Lëtzebuerg (riets) si Peer-Reviewer vun dëser Episod.

Infobox

Guillaume Osier - Biografie

De Guillaume Osier ass Statistiker a responsabel fir d'Unitéit « Conditions de vie » beim STATEC, wou hie verschidden Ëmfroe bei der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg leed. Hien huet zu Aarbechten am Beräich vun der statistescher Methodik bäigedroen, besonnesch zur Berechnung vun der Genauegkeet vun Donnéeën aus Stéchprouwen an allgemeng zur Methodik vun Ëmfroen. Hien hält och Virträg zu dem Thema op der Uni Lëtzebuerg am Kader vum EMOS-Programm (European Master for Official Statistics).

 

 

 

 

Christophe Ley - Biografie

De Christophe Ley ass Associate Professor fir ugewannt Statistik beim Departement fir Mathematik vun der Universitéit Lëtzebuerg. Hien ass och President vun der "European Association for Advanced Statistics Courses" a vun der "Luxembourg Statistical Society", an Initiator vum internationale Netzwierk “Sports - Training and Research in Data Science Methods for Analytics and Injury Prevention Group”. Hien ass Empfänger vum  Marie-Jeanne Laurent-Duhamel Präiss vun der Société Française de Statistique an Associate Editor fir d'Journals Annals of the Institute of Statistical Mathematics, Econometrics and Statistics, an Statistique et Société.

Firwat wësse Sondagen zimmlech gutt wéi eng ganz Bevëlkerung wäert ofstëmmen, obwuel net jidderee gefrot gouf? 

Do kënnt d'Statistik an d'Spill!

An trotzdeem kënne Sondagen och heiansdo falsch leien. Dat ka verschidde Grënn hunn.

Mir resuméieren hei, wéi Sondage funktionéieren, op wat ee bei der Interpretatioun soll opassen, a firwat se trotzdeem heiansdo falsch leie kënnen.

Eng representativ Stéchprouf wielen

D’Stéchprouf ass ee méi klenge Grupp u Leit deen d'Froe gestallt kritt. An dëse sollt statistesch representativ sinn – also a senger Zesummesetzung der ganzer Populatioun änlech sinn, an zwar no e puer relevante Parameter.

Huele mer d’Beispill vun engem Walsondage. Relevant Parameter déi d’Walverhale beaflosse sinn z.B. d’Regioun wou d’Leit wunnen, d’Geschlecht an den Alter. 

Al Leit wiele vläicht anescht wéi Jonker, Fraen anescht wéi Männer, Leit am Norden anescht wéi  am Süden... Eis Stéchprouf sollt also representativ sinn op e puer Alterstranchen, puer Regiounen an 2 Geschlechter. D.h. an der klenger Grupp musse verhältnisméisseg sou vill Jonk respektiv eeler Leit dra si wéi an der ganzer Populatioun.

Ofbildung 1. Opdeelung vun der Populatioun (lénks) an enger representativer Stéchprouf. D'Proportioune baséieren op reellen Zuele vum STATEC.

Well zu Lëtzebuerg bei den Nationalwalen nëmmen Erwuessener mat Lëtzebuerger Nationalitéit wielen dierfen, brauche mer keng Kanner a keng auslännesch Matbierger an der Stéchprouf ze hunn.

An da kënnt nach eppes Weideres Wichteges:

Ënnerhalb vun der Stéchprouf sollen d’Leit duerch Zoufall ausgesicht ginn

Wann nämlech eng Meenung méi heefeg vertrueden ass wéi eng aner, da kënnt dat, wann een d’Leit zoufälleg befreet, statistesch relativ séier zum Virschäin. Et brauch ee guer net all d’Leit ze froen fir dat ze erkennen. Ouni Zoufall kéinten eng oder puer Meenunge favoriséiert ginn. Ausserdeem erlaabt den Zoufall eis, d’Onsécherheet vun der Stéchprouf statistesch festzehalen.

Op wat muss ee bei der Interpretatioun oppassen?

D'Marge d’Incertitude ass immens wichteg, an ëmsou méi kleng, wat den Echantillon méi representativ ass a wat méi Leit gefrot ginn.

Wann een z.B. 300 Leit befreet, a 40% soen si géifen eng bestëmmt Partei wielen, da läit d’Resultat a Wierklechkeet tëscht 34,5 a 45,5 %. Wann een awer 10.000 Leit befreet, da läit d’Resultat lo nëmmen nach tëscht 39 an 41 %. D’Marge d’incertitude ass méi kleng.

D'Marge d'Incertitude kann ee mat enger Formel berechnen, déi hei ënnendrënner an der bloer Infokëscht steet. An der Tabell hei uewendriwwer sinn d'Konfidenzintervaller (95% Wahrscheinlechkeet) fir verschidde Proportiounen an Persounenzuele mat där Formel berechent.

Ofbildung 2. Marge d’Incertitude (roud) bei 40% wann 300 Leit befrot ginn (n = 300, lénks) a wann 10 000 Leit befrot ginn (n = 10 000, riets).

D’Marge d’Incertitude kann een iwwregens ganz graff mat dëser Formel hei ausrechnen:

Déi Formel berechent d'statistesch Marge d'incertitude (95%)  fir eng geschätzte Proportioun p vun engem Échantillon vun n Persounen.

Dat heescht, datt déi Proportioun déi ee sicht sech am Konfidenzintervall

befënnt, mat enger Wahrscheinlechkeet vu 95%. Wann een des Wahrscheinlechkeet bei 90% (respektiv 99%) fixéiert, da kritt ee folgend Konfidenzintervaller:

 

D'Marge d'Incertitude huet awer och mat der gewielter Methode ze dinn. Bei der Kommunikatioun vu Sondage wier et dofir wichteg transparent ze sinn, wat d’Methode an d'Marge d’Incertitude ugeet. Dat gëtt leider net ëmmer gemaach, wat dann zu Feelinterpretatioune féiere kann.

E Beispill: Soe mer eis Partei, déi 40% Zoustëmmung hat, kënnt am nächste Sondage op eemol op 41%.  Kann ee lo vun engem Trend no uewe schwätzen?

Nee.Well d’Differenz ënnerhalb vun der Marge d’Incertitude läit. Korrekterweis misst ee soen, dass d’Zoustëmmung fir d'Partei plus minus stabel bliwwen ass.

Ofbildung 3: Prozentsaatz, deen eng (fiktiv) Partei bei engem éischten (lénks) an engem zweete (riets) Sondage ereecht huet, plus Marge d’Incertitude (95% KI)

Allgemeng gëllt:

Bei klengen Differenze sollt ee skeptesch sinn an hannerfroen ob d’Differenz iwwerhaapt statistesch signifikant ass

Wéi vill Leit ee bei engem Sondage froe muss kann een iwwregens net pauschal soen. Dat hänkt vu ville Facteuren of. An dovunner wéi vill Budget do ass fir de Sondage ze man.

Zu Lëtzebuerg gi bei representative Wal-Sondagen dacks sou tëscht 500 an 2000 Leit befrot. Ma bei verschidde Sondage ginn och manner Leit duer, oder et brauch een der vill méi.

Wichteg ze wëssen ass awer, dass eng grouss Stéchprouf net automatesch e Qualitéits-Sigel ass: Wann dës net representativ ass, wann z.B eng Alterskategorie staark iwwerrepresentéiert ass, dann ass d’Resultat eventuell méi schlecht, wéi bei enger méi klenger Stéchprouf, déi awer statistesch representativ ass.

Iwwregens: An der Praxis gi Sondagë munchmol sou gemaach, dass am Ufank einfach mol lauter Leit kontaktéiert ginn oder online aus enger Datebank ugeschriwwe ginn, an duerno geet een dann op d’Sich no deene Profiller déi engem nach feelen, fir um Enn eng representativ Stéchprouf ze hunn. A wann dann trotzdeem nach gewëss Kategorie feelen, da gëtt munchmol mat statistesche Methoden nokorrigéiert.  

Firwat Sondagen awer heiansdo net dat richtegt Resultat viraussoen

E Sondage ass ëmmer eng Momentopnam. Am Fall vu Walen si relativ vill Leit awer bis kuerz viru Schluss nach ondecidéiert.

Dofir kann e Sondage dee puer Woche virun enger Wal duerchgefouert gouf anescht ausfale wéi d’Resultat um Waldag.

Et ginn och nach psychologesch Grënn, déi statistesch schwéier ze faasse sinn, déi zu Feeler am Pronostic kënne féieren.

Z.B. de Phänomen vun der sougenannter “désirabilité sociale”, dee gäre bei gesellschaftlech méi brisanten Themen antrëtt. Leit déi hei eng Positioun vertrieden déi gesellschaftlech “verpöhnt” ass, ginn dëst a Sondagen net ëmmer zou, virun allem wann de Sondage am Gespréich duerchgefouert gëtt. An der Anonymitéit vun der Walkabinn wiele si dann awer déi verpöhnt Positioun.

Wann ee Leit anonym per Internet befreet ass deen Effekt iwwregens manner grouss.

E weidere Grond ka sinn, dass d’Stéchprouf zwar um Pabeier representativ ass, ma awer eng Meenung net korrekt representéiert ass. Z.B. kann et sinn dass Leit déi ganz radikal Thees vertrieden net gär bei Sondage matmaachen, an dofir an der Stéchprouf feelen.

Oder et ka sinn dass eng Fro bëssi anescht gestallt ass am Sondage wéi duerno um Waldag selwer. Zu Lëtzebuerg gëtt z.B. bei Walsondage gefrot, wéi eng Partei ee géif bei der nächster Wal wielen. A Wierklechkeet panachéieren awer vill Leit - also wiele Persounen a keng Lëschten. Dat huet en Impakt op d’Resultat.

Grad bei Parteien déi verhältnisméisseg wéineg Lëschtestëmme kréien, a wou awer eenzel PolitikerInnen rausstiechen, kann dat e groussen Effekt hunn.

Et ass och sou dass an Europa ëmmer manner Leit dezidéiert Unhänger vun enger Partei sinn. Fréier huet e Kommunist zimmlech sécher d’Kommuniste gewielt, e Liberalen zimmlech sécher déi Liberal. Haut si vill manner Leit sou strikt Unhänger, wat de Pronostic ëmmer méi schwéier mécht.

Dës Episod vum "Ziel mir keng!" gouf vum Michèle Weber a Jean-Paul Bertemes presentéiert.

Schlussfazit

Sondage liwwere gutt a relativ fiabel Resultater wann d’Stéchprouf gutt gewielt ass a genuch Leit befrot ginn. Ma et gi Saachen op déi ee bei der Interpretatioun muss oppassen: Wat ass d’Marge d’Incertitude? Wéi eng Methode gouf benotzt? Kéint d’Resultat duerch psychologesch Phenomener verfälscht sinn? Ass tëscht dem leschte Sondage an der Wal eppes geschitt wat d’Leit kéint ëmstëmmen? Am Fall vun de Wale gëtt et finalement just ee richtegt Resultat: Dat vun der Wal selwer. D’Sondage virdrun sinn awer interessant Momentopname vun der Stëmmung an der Bevëlkerung.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Présentatioun: Michèle Weber & Jean-Paul Bertemes (FNR)
Lektorat: Michèle Weber (FNR)
Peer-Review: Prof. Christophe Ley (Universitéit Lëtzebuerg) & Guillaume Osier (STATEC)
Video: SKIN
Grafiken: Headroom
Tableau mat de Berechnunge vun de Konfidenzintervallen: Guillaume Osier

Auch in dieser Rubrik

SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Fake News widerlegen

Weshalb fallen wir auf Fake News und Falschinformationen rein? Lohnt es sich sie zu widerlegen? Und falls ja, wie macht man das am besten?

FNR
Science-Check Ziel mir keng! - Unfruchtbarkeit: Ursachen und Statistiken

Nimmt Unfruchtbarkeit zu? Wie viele Menschen trifft es? Eher Frauen oder eher Männer – Stichwort „Spermakrise“? Und was sind jeweils mögliche Gründe? Das sind Themen in diesem "Ziel mir keng!"-Video.

FNR, CHL
aurora borealis
Aurora borealis Wie entstehen Polarlichter?

Am Wochenende waren in Luxemburg farbige Polarlichter am Nachthimmel zu sehen. Wir erklären in diesem Artikel, wie es dazu kam, und wie die Farben entstehen.

FNR