Adobe Stock
Note vun der Redaktioun: Des ass eng liicht ugepasste Versioun vun engem Artikel deen ursprünglech den 22.12.2021 verëffentlecht gouf. D'Quelle goufen aktualiséiert an et koum en neien Abschnitt derbäi iwwer d'Fragilitéit vun eisem Gediechtnes.
Mir Mënschen si sozial Wiesen an dofir brauche mir Ritualer. Well si fërderen den Zesummenhalt vun de Gruppen, an deene mir liewen. Verschidde Studien hu gewisen, datt Emotiounen a Verbindung mat vertraute Ritualer a gemeinsamen Erliefnisser d’Bildung vum Gediechtnes besonnesch stäerken. An eisem westleche Kulturkrees huet sech Chrëschtdag als esou e Ritual ganz besonnesch staark etabléiert. Als Familljefest kreéiert et virun allem fir d'Kanner vill schéin Erënnerungen, déi mir och als Erwuessener nach beim Gedanken u Chrëschtdag ofruffen.
Mä op de Feierdeeg ass jo awer net alles just schéin. Stress, Enttäuschung an och Sträit gehéieren dach och dozou.
Dat stëmmt! Mee vill vun dësen negative Faktore kommen eréischt am Erwuessenenalter an d'Spill. D'Basis fir d'Gefiller, déi mir mat Chrëschtdag verbannen, leet eist Gehier awer an der Kandheet un. Hei verknäppt et d'kribbeleg Spannung beim Waarden op d'Kaddoen, déi een sech esou vill wënscht; et verbënnt de Geroch vu Kanéil an Neelcheskäpp mat de Gedanken un d'Bake vu Kichelcher an der Famill. An dës Erënnerunge bleiwen.
A wouhier kënnt dann de Chrëschtdagsstress, dee mir als Erwuessener oft empfannen?
Dee kënnt ironescherweis och vun eben dëse schéinen Erënnerungen. Wéi ass dat méiglech? Ma eist Gehier späichert Saachen déi mir erlieft hunn net als Film of, mee als rekonstruéiert Mosaik: ee Geroch, ee bestëmmte Liicht, e Geräisch an déi passend Gefiller dozou. Wat mer méi al ginn, wat mer déi Mosaicker méi staark idealiséieren. A genee des idealiséiert Biller aus eiser Kandheet setzen eis als Erwuessenen ënner Drock: Mir wëllen dass Chrëschtdag esou gëtt, wéi mir d'Fest aus der Kannerzäit am Kapp ofgespäichert hunn. Dat schaaft héich Erwaardungen. An heiansdo dann och Stress.
A firwat erënneren sech Geschwëster heiansdo eigentlech ganz ënnerschiddlech un deselwechten Hellegowend?
Ma dat ass well eis Erënnerunge fragil sinn. D’Sammlung vun eise perséinlechen Erliefnisser, déi d’Wëssenschaftler d’episodesch Gediechtnes nennen, ginn all Kéiers wa mir se opruffen nei zesumme gesat. An zwar aus deem, wat mir gesinn, gefillt a fir wichteg gehalen hunn. Fuerschung aus Schwede weist: Souguer kleng Ënnerscheeder an der Opmierksamkeet, der Stëmmung oder der Aart a Weis wéi mer Geréch wouer huele kënnen zwou komplett verschidden Erënnerungen u Chrëschtdag formen. Wéi genee do Emotiounen déi eng Erënnerunge stabiliséieren, wärenddeem anerer verzerrt ginn, ass nach net ganz verstanen: an dofir bleift d’Fuerschung spannend!
Erënnerunge leien an der Loft
En Hauch vu Kanéil, plus e bëssen Neelcheskäpp a ronderëm de wierzegen Doft vu frëschem Dännegréngs – a scho schéissen eis d'Biller vun de Chrëschtdeeg aus der Kannerzäit duerch de Kapp. D'Fuerschung seet: Et si virun allem Gerécher, déi mir intensiv a ganz laang mat Erliefnesser a Gefiller verbannen. An zwar jiddereen op seng ganz speziell Fassong. Wat deen ee vun de grousse Vakanzen aus senger Schoulzäit dreeme léisst, mécht vläicht bei munch anerem, dass et him kal de Réck erofleeft.
Virun allem schéin an emotional Erënnerunge vun Erliefnesser, déi u sech längst vergiess sinn, komme scho beim geréngsten Doft an der Nues nees zréck. Dat Faszinant u Gerécher oder Parfumen: Eise Kierper reagéiert dorop, ier mir iwwerhaapt wëssen, dass si do sinn. Verschafft gi si am limbesche System. Dësen Deel vum Gehier ass wichteg fir eis Emotiounen a steiert eis Instinkter.
Gerécher mat Erliefnesser ze verknäppen, soe Fuerscher, mécht absolut Sënn. Well esou kënne mir op eppes reagéieren, wat mir ganz plëtzlech an der Nues hunn: De leckeren Doft vun engem Brot bereet eis Verdauung op eng Molzecht vir, wärend de faulege Gestank op där anerer Säit mécht, dass mir e grousse Bou ëm verduerwe Liewensmëttele maachen.
Wat maachen, wa Chrëschtdag negativ Erënnerungen ausléist?
D'Reaktioune vun eisem Gehier entstinn op Basis vu viregten Erfarungen. Wat eist Gehier méi oft Chrëschtdag mat positiven Erfarunge verbënnt, wat et méi einfach ass fir eist Gehier, bei zukünftege Chrëschtdagsfester e positiivt Gefill ervirzeruffen. Munch Leit hunn aus ënnerschiddleche Grënn leider negativ Erënnerungen u Chrëschtdag a kënnen sech dowéinst net op oder iwwer d'Fest freeën. Wien dat ännere wëll, ka probéieren, nei Ritualer ze kreéieren: andeems ee schéi Saachen op Chrëschtdag mécht oder d'Fest mat Leit verbréngt, mat deenen ee frou ass.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?), Michèle Weber (FNR)
Infobox
Xygalatas, D., Mitkidis, P., Fischer, R., Reddish, P., Skewes, J., Geertz, A. W., Roepstorff, A., & Bulbulia, J. (2013). Extreme Rituals Promote Prosociality. Psychological Science, 24(8), 1602-1605. https://doi.org/10.1177/0956797612472910
Hobson, N. M., Schroeder, J., Risen, J. L., Xygalatas, D., & Inzlicht, M. (2017). The Psychology of Rituals: An Integrative Review and Process-Based Framework. Personality and Social Psychology Review, 22(3), 260-284. https://doi.org/10.1177/1088868317734944
Elizabeth A Phelps, Human emotion and memory: interactions of the amygdala and hippocampal complex, Current Opinion in Neurobiology, Volume 14, Issue 2, 2004, Pages 198-202, ISSN 0959-4388, https://doi.org/10.1016/j.conb.2004.03.015.
The Impact of Emotion on Memory: Evidence from Brain Imaging Studies., January 2010, Publisher: VDM Verlag, ISBN: 3639188659
Holland AC, Kensinger EA. Emotion and autobiographical memory. Phys Life Rev. 2010 Mar;7(1):88-131. doi: https://doi.org/10.1016/j.plrev.2010.01.006. Epub 2010 Jan 11. PMID: 20374933; PMCID: PMC2852439.
Nelson, K., & Fivush, R. (2004). The Emergence of Autobiographical Memory: A Social Cultural Developmental Theory. Psychological Review, 111(2), 486–511. https://doi.org/10.1037/0033-295X.111.2.486
Schacter DL, Addis DR. The cognitive neuroscience of constructive memory: remembering the past and imagining the future. Philos Trans R Soc Lond B Biol Sci. 2007 May 29;362(1481):773-86. doi: https://doi.org/10.1098/rstb.2007.2087. PMID: 17395575; PMCID: PMC2429996.
Berntsen, Dorthe. (2009). Involuntary Autobiographical Memories: An Introduction to the Unbidden Past. https://doi.org/10.1017/CBO9780511575921.
St. Jacques, Peggy & Schacter, Daniel. (2013). Modifying Memory. Psychological science. 24. https://doi.org/10.1177/0956797612457377.
Herz, Rachel. (2004). A Naturalistic Analysis of Autobiographical Memories Triggered by Olfactory Visual and Auditory Stimuli. Chemical senses. 29. 217-24. https://doi.org/10.1093/chemse/bjh025.
Soudry Y, Lemogne C, Malinvaud D, Consoli SM, Bonfils P. Olfactory system and emotion: common substrates. Eur Ann Otorhinolaryngol Head Neck Dis. 2011 Jan;128(1):18-23. doi: https://doi.org/10.1016/j.anorl.2010.09.007. Epub 2011 Jan 11. PMID: 21227767.
Anderson AK, Christoff K, Stappen I, Panitz D, Ghahremani DG, Glover G, Gabrieli JD, Sobel N. Dissociated neural representations of intensity and valence in human olfaction. Nat Neurosci. 2003 Feb;6(2):196-202. doi: https://doi.org/10.1038/nn1001. PMID: 12536208.
- https://www.sueddeutsche.de/muenchen/fuerstenfeldbruck/psychologie-weihachten-ist-eine-grundfeste-1.4735035
- https://www.welt.de/wissenschaft/article135353834/Was-macht-Weihnachten-eigentlich-mit-uns.html
- https://www.fau.de/2016/02/news/wissenschaft/emotionen-zum-einatmen/
- https://www.spektrum.de/frage/warum-wecken-gerueche-oft-intensive-erinnerungen/1620950
- https://lexikon.stangl.eu/15875/proust-effekt/
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.