shotshop.com

Faarwe sollen op Mënschen e besonneschen Afloss hunn. Gréng soll berouegend wierken a rout aggressiv maachen. Mr. Science, wat ass do drun?

Faarwe wierken tatsächlech ënnerschiddlech op Wuelbefannen, Emotiounen a Verhalen. Dat hunn Etüde confirméiert. Di meescht vun eis empfanne rout, orange a giel Téin als waarm. Si hunn e stimuléierenden Effekt, fërderen d'Opmierksamkeet an d'Konzentratioun. Blo a gréng Téin wierken dogéint kill. Si si berouegend an inspiréieren d'Kreativitéit. All Faarf fuerdert d'Psyche op seng eegen Aart a Weis eraus.

Kanns du e Beispill dofir nennen?

Natierlech. Huele mer déi rout Faarf. Där hier Wierkung ass besonnesch gutt ënnersicht. D'Leit verbanne rout mat Léift, Loscht a Leidenschaft. Rout Kleedung mécht attraktiv fir dat anert Geschlecht - dat kann ee souguer um Bols an um Bluttdrock moossen.

Mee rout kann awer och intimidéieren...

Jo, dat stëmmt. Dozou stellt gréng iwwregens e Géigepol duer. Dës Faarf straalt Entspanung an Harmonie aus.

Sinn dës Wierkungen an alle Kulturen selwecht? 

Vill Effekter sinn iwwerall op der Welt selwecht. E puer fënnt ee souguer bei Deieren erëm. Rout léist bei den Afen en änleche sexuelle Reiz aus wéi bei Mënschen. Anerersäits gi munche Faarwen an ënnerschiddleche Kulturen aner symbolesch Wäerter zougeschriwwen. Sou gëllt rout a China zum Beispill als Zeeche vu Gléck a Wuelstand. 

A wouhier kënnt et, datt Faarwen eng psychologesch Wierkung hunn?

Dat ass schonn zimmlech fréi an der Evolutioun entstanen, well et fir d'Iwwerliewe wichteg war. Fuerscher huelen, datt d'Signalwierkung vu Rout zum Beispill beim Sammele vun Iesse gehollef huet: et war wichteg, zeideg - an da meeschtens rout, giel oder orange - Friichte gutt ze erkennen. Rout signaliséiert awer och: Opgepasst, Gefor! Do klëmmt dann de Bols.

Firwat gesi mir d'Welt faarweg?

Physikalesch gesinn si Faarwen elektromagnéitesch Welle mat enger bestëmmter Wellelängt. Als siichtbar Liicht gëtt deen Deel vum Wellelängtspektrum bezeechent, deen dat mënschlecht A gesi kann: tëscht 380 a 780 Nanometer, also milliounstel Millimeter. De Faarwespektrum fänkt mat mof un an hält bei rout op. En entsprécht ongeféiert deem Deel vun der elektromagnéitescher Stralung, deen och am Sonneliicht stécht - dorun huet d'Evolutioun d'Aen ugepasst. Dofir, datt mir Faarwe gesi kënnen, suerge sougenannten Zäppercher: Sehzellen, vun deenen dräi ënnerschiddlech Zorten am A sinn. All Zort reagéiert op aner Faarwen. Aus de Signaler, déi di ronn 6 Milliounen Zäppercher op der Netzhaut vum An un d'Gehier weiderleeden, entsteet do e faarwegt Bild vun deem, wat mir virun Aen hunn. Vermëscht een e puer Faarwen, entsteet doraus eng nei. E Mix aus alle méigleche Faarwen ass wäiss.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Werden wir eines Tages Wände hochklettern wie Spiderman?

Damit ein Mensch an einer Wand emporklettern kann, müssen seine Hände mit einer Kraft an der Wand haften, die sein Gewic...