(C) Shotshop

Am Kader vun engem EU Projet (COST/Bi-SLI) huet d'LEARN Equipe vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat 34 anere Länner, e Wuertschatztest entwéckelt, mat deem de mono- a multilinguale Kanner aus der Spillschoul hiert rezeptiivt an expressiivt Wuertwësse kann erfaasst ginn. Am Test gëtt de Kanner e Bild gewisen a si sollen et benennen, oder d’Kanner kréien e Wuert gesot a sollen dann op dat richtegt Bild vu véier méigleche weisen.

E limitéierte Wuertschatz ass dacks ee vun den éischten Indikatore vun enger spezifescher Sproochentwécklungstéierung.

D'LEARN Equipe weess och, datt bei engem multilinguale Kand de Wuertschatz an enger vu senge Sproochen dacks liicht méi kleng ass wéi dee vun engem monolinguale Kand, wat awer ganz normal ass. E méisproochegt Kand muss an all senge Sprooche getest ginn, fir eng genee Iddi vu sengem Wuertwësse kënnen ze kréien. Et feelt awer leider u Sproochentester, déi spezifesch fir méisproocheg Kanner ausgeschafft goufen.

An dësem Projet goung et drëm, genee esou een Test ze entwéckelen.

Déi linguistesch Charakteristike sinn an deene verschiddene Sprooche kontrolléiert, d’Biller goufen a 34 Länner validéiert a bis ewell gëtt et den Test an 21 Sproochen – dorënner och Lëtzebuergesch. D'LEARN Equipe ass elo derbäi, Norme fir Lëtzebuerg ze erhiewen, an hoffen, den Test de Leit um Terrain an noer Zukunft kënnen unzebidden. Weider Informatiounen iwwert dëse Projet fannt Dir op: http://www.bi-sli.org/

Auteur/Kontakt: Pascale Engel de Abreu (University of Luxembourg)
Photo © Shotshop.com

 

Infobox

Wat ass LEARN?

 

 

 

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Et handelt sech ëm e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mat engem Newsletter, deen eemol d'Joer erauskënnt, stellt d'LEARN-Equipe Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete vir, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

 

Zu den Auteuren

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu : Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS. D’Pascale intresséiert sech fir d’Entwécklung vun der Sprooch, d’Ursaachen an d’Diagnos vu spezifesche Sproochentwécklungsstéierungen an Dyslexie, an d’Roll vun den Exekutivfunktiounen/ Aarbechtsgediechtnes beim Léieren.

 

Matarbeschter 

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS

Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

 

Waat ass ECCS ?

 

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden.

 

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR
Neugeborenen-Screening Systematische Suche nach Krankheiten bei Babys

Mit Hilfe des Neugeborenen-Screenings werden am LNS seltene, aber schwerwiegende Krankheiten frühzeitig erkannt. Damit l...

LNS
Projekt COVID-Kids Lebenszufriedenheit und Wohlbefinden von Kindern im Schatten der Pandemie

Mit den Veränderungen aufgrund der Corona-Pandemie haben Kinder und Jugendliche besonders zu kämpfen. Das Projekt COVID-...

Auch in dieser Rubrik

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt

Psychische Gesundheit Auswirkungen von Widrigkeiten in der Kindheit auf die psychische Gesundheit im späteren Leben

Neue Erkenntnisse über die Auswirkungen einer Trennung der Eltern oder einer Adoption auf die psychische Gesundheit zeigen deutlich, wie wichtig es ist, betroffenen Kindern Hilfe anzubieten.

Projekt COVID-Kids Lebenszufriedenheit und Wohlbefinden von Kindern im Schatten der Pandemie

Mit den Veränderungen aufgrund der Corona-Pandemie haben Kinder und Jugendliche besonders zu kämpfen. Das Projekt COVID-Kids hat sich mit den Auswirkungen während der ersten Welle befasst.