(c) GFDL

Den 12. Juni 1982 stierft den éisträichesche Wëssenschaftler, Auteur an Nobelpräisträger Karl von Frisch am Alter vu 96 Joer. Hien huet 30 Joer domat verbruecht, d’Verhalen an d’Kommunikatioun vu Beien ënnert d’Lupp ze huelen.

Ah, ass et de Frisch deen e ganze Koup Bicher iwwert de Beiendanz geschriwwen huet?

Genee. Beien hunn nämlech en aussergewéinlech soziaalt Verhalen an tauschen duerch eenzegaarteg Danzschrëtt Informatiounen aus. Sou kënnen se sech zum Beispill matdeele wou genee se Nektar fonnt hunn, wéi gutt en ass, wéi vill es do ass oder wéi wäit et bis dohin ass. An déi Informatiounen si relativ komplex: och wann’s de der Bei den direkten oder einfachste Wee verspäers, fënnt se den Nektar awer!

Da schénge Beie jo clever Déieren ze sinn. An awer hunn se am Moment Problemer fir z’iwwerliewen.

Jo, Beien si ganz besonnesch Déieren: eisen Ökosystem, an domat eist Liewen, hänkt vill vun hinnen of. Vill Planze sinn op Beien ugewise fir befrucht ze ginn. Mee d’Dynamik vun enger Beiekolonie ass ëmmer nach net richteg verstan, an dofir ass et esou schwéier erauszefanne firwat genee se massiv ausstierwen.

...a wat mer dogéint kenne maachen. Selwer vill Blumme planze schéngt mer just eng kleng Plooschter op enger grousser Wonn ze sinn!

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch
Foto © GFDL

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

 

Extrait aus séngem Buch

Auch in dieser Rubrik

Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR
Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR