Autsch!!! Brainfreeze!

De Summer, wann et gudd waarm ass, gëtt et jo näischt Besseres wéi eng Glace! Mee ech kréien dovun dack mega Kappwéi, just nodeems ech an d’Glace gebass hunn! An no e puer Sekonne verschwënnt en erëm! Wat ass dat?

Wat’s de do beschreifs ass e Brainfreeze! Mee keng Angscht, däi Gehir fréiert net wierklech! Wann eppes Kales uewe widdert däi Mond kennt, da ginn deng Odere rondrëm der Mondhiel eng Kéier séier zesummen, an direkt duerno rëm séier auserneen! Doduerch schwankt den Drock an den Oderen eng Kéier zimlech hefteg! An d’Nerven an där Géigend registréieren dat als Péng!

Mee wat huet d’Glace da mat den Oderen am Kapp ze dinn?

Däi Gehir ass e wichtegt a sensibelt Organ a verdréit keng Temperaturschwankungen! Wann et elo ganz kal an dengem Mond gëtt, da mengt däi Kierper du wiers an enger geféierlecher kaler Situatioun. Fir d’Gehir ze schützen, zéien d’Odere sech dann tëscht dem Mond an dem Gehir zesummen, fir dass d’Keelt aus dem Mond net kann iwwert d’Blutt op d’Gehir iwwerdro ginn!

Firwat deet dat da wéi?

Bis elo deet nach näischt wéi! Mee däi Mond hetzt sech jo séier rëm op, an däi Kierper mierkt och séier dass et keng richteg geféierlech Situatioun ass. D’Gehir muss jo och gudd duerchblutt gi fir richteg ze funktionéieren. Dofir entspanen d’Odere sech ganz plëtzlech, an d’Blutt schéisst wéi well doduerch! An dat deet wéi! Ze héije Bluttdrock am Kapp ass näämlech guer net gudd, da riskéieren d’Oderen ze platzen! Dofir sinn Nerven do rondrëm, déi dem Gehir dat direkt duerch Péng mellen!

Dat ass jo en zimlech clevere System! De Mister Science verréit mer elo nach wéi ech e Brainfreeze ka verhënnere fir meng Glace ze genéissen, an dir kennt dat wéi ëmmer op eisem Site noliesen!

Wéi kann ech e Brainfreez verhënneren?

D’Péng vun engem  Brainfreeze kennt also dovun, dass d’Oderen tëscht der Mondhiel an dem Gehir sech ze séier entspanen. Doduerch kennt d’Blutt da séier geschoss, de Bluttdrock geet do lokal an d’Luucht, an d’Nerve mellen dem Gehir de Problem ënner Form vu Péng!

Et ginn also dräi Méiglechkeeten, fir e Brainfreeze ze verhënneren:

1. Ech verhënneren, dass mäi Mond uewen ze kal gëtt! Da brauchen d’Odere sech net zesummen ze zéien an et entsti keng Drockschwankungen!

  • E Schalümo fir kalt Gedrénks ass also ze évitéieren! Da land d’Gedrénks näämlech genee uewe widdert dem Mond an et gëtt ganz séier kal!
  • Et kann een d’Glace oder d’Gedrénks kuerz op der Zong zergoë loossen! Sou kann een d’Erfrëschung besser genéissen an de klenge Snack gëtt opgewiermt ier en uewe widdert de Mond kennt!

2. Ech wierme mäi Mond séier op, nodeems ech eppes Kales giess hunn! Och wann ech e Brainfreeze esou net ëmmer ka verhënneren, kann ech e méi séier rëm lass ginn!

  • Mat der Zong de Mond uewen opwiermen, oder séier eppes Waarmes drénken.
  • Eng Hand virun de Mond halen, an déi waarm ausgeotemt Loft rëm anootmen!
  • E waarme Fanger uewe widdert de Mond pressen.

3. Ech verhënneren, dass mäi Mond ze séier ofkillt! Well et ass jo beim plëtzlechen Opwiermen, wou d’Blutt duerch d’Odere schéisst!

  • Ech pressen d’Glace laang uewe widdert de Mond, sou dass d’Temperatur gläichméisseg lues ofhëlt während d’Glace schmëlzt.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 03/07/13 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Wëssenschaftler vun der ganzer Welt beschäftege sech mat Migränen a Kappwéi. Eng international Collaboratioun mat Fuerscher vun der "National University of Irland Galway", „Harvard Medical School“ an eng Rei aner Institutiounen hu viru kuerzem de Lien tëscht engem Brainfreeze a Migräne gemaach. Laut neien Erkenntnisser sinn e ganze Koup Zorten a Forme vu Kappwéi d’Resultat vu lokale Bluttdrockschwankungen am Kapp, grad esou wéi e Brainfreeze. Dofir benotze si e Brainfreeze, deen se am Labo bei de Leit ausléisen, als Modell fir Migränen a Kappwéi besser ze verstoen. Des Ferschungsaarbechte kéinten zu neie Medikamenter féieren, déi direkt op d’lokal Bluttdrockschwankung am Kapp wierken (also d‘Ursaach vum Kappwéi) anstatt op d’Péng ze wierken (just e Symptom vu Kappwéi).

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och d'Lëtzebuerger ginn net vu Kappwéi a Migräne verschount! 60.000 Leit leide bei eis dorënner, meeschtens tëscht 25 a 55 Joer. Och 10% vun de Schüler bekloe sech iwwer Kappwéi. Domat ass Kappwéi bei eis méi heefeg wéi Asthma, Diabetis an Epilepsie zesummen! Trotzdem gëtt et dack banaliséiert, mee den Impakt op d’Privatliewen an op d’Aarbecht sinn enorm!

Säit 2007 lafen am CRP-Santé 2 Projeten, déi sech mat Kappwéi beschäftegen: Eurolight an e-TEACCH:

Eurolight ass eng europawäit Studie déi d’Leit ënnert d’Lupp hellt, déi vill ënner Kappwéi leiden. D’Fuerscher konzentréiere sech drop, wéi d‘Leit betreit oder medezinesch behandelt ginn, wéi hier Liewensqualitéit ass a wat hiren Impakt op eis Gesellschaft ass.

e-TEACCH, eng Zesummenaarbecht tëscht dem CRP-Santé an der Uni Lëtzebuerg, geet e Schrëtt méi wäit. D’Fuerscher schaffen nei innovativ Methoden aus, fir souwuel d’Patiente wéi d’Dokteren iwwert Kappwéi an nei Behandlungsméiglechkeeten opzeklären, fir besser Diagnostiken ze man, fir d’Krankheet besser ze géréieren oder esouguer virzebeugen an natierlech fir d’Liewensqualitéit ze verbesseren.

Auch interessant

Äiskal Wéi kritt ee Seefeblosen un d’Fréieren ?

Wann et gutt kal dobaussen ass, kann ee wonnerbar Seefeblosen-Äiskristaller maachen.

FNR
The Beauty of Slow Motion Wieso kann Eis eine Explosion erzeugen?

Wie kann man mit einer Plastikflasche, etwas Wasser und Trockeneis eine Explosion erzeugen?

FNR
Trockeneis-Experiment Lasse Seifenblasen aufsteigen!

Mit diesem kleinen wissenschaftlichen Trockeneis-Experiment kann aus einer Seifenblase eine Kristallkugel werden.

FNR