shotshop.com

D'SUVen si méi schwéier wéi kleng Autoen, d.h. hir Pneue musse méi Gewiicht droen.

De Gummi vun ofgenotzten Autospneue fënnt een als fein Partikelen an der Natur erëm. Mr Science, anscheinend notzen d’Pneuen vu engem SUV méi séier of wéi déi vun engem klengen Auto?

Jo. D’SUVen si méi schwéier wéi kleng Autoen, d.h. hir Pneue musse méi Gewiicht droen. Si reiwen dofir méi staark op der Strooss an dobäi entstinn da méi Gummipartikel. Dat ass elementar Physik.  

Wat kann een dogéint maachen?

Zum Beispill mat engem klengen Auto amplaz mat engem SUV fueren. A wann een nei Pneue keeft, drop oppassen, datt se net ze séier ofnotzen. Dat erkennt een un der „Treadwear“, eng Zuel, déi een op ville Pneue fënnt. Wat déi Zuel méi héich ass, wat de Pneu méi lues ofnotzt.

Mee ganz ouni Ofnotze geet et och net, soss géifen d’Pneuen net gutt op der Strooss pechen. Dat ass och de Grond firwat Wanterpneue méi séier ofnotze wéi Summerpneuen. Si bestinn aus enger méi mëller Gummismëschung, fir dass de Pneu och bei kalen Temperaturen nach elastesch bleift a gutt op der Strooss pecht.  

Ech soll meng Wanterpneuen also net bis an de Summer era fueren?

Genee! Wanterpneue solle just an där Zäit um Auto drop sinn, wou een se wierklech brauch. Dat schount de Portmonnie an d’Ëmwelt. An de Fuerstil dréit och vill zur Ofnotzung bäi.

Also virausschauend fueren an net onnéideg bremsen?

Jo. Awer och duuss acceleréieren an net sou zackeg duerch d’Kéier fueren. Well bei der Acceleratioun dréit de Pneu ëmmer nach e bëssen duerch a reift sou op der Strooss, an an der Kéier rutscht en och nach ëmmer e bëssen zur Säit ewech. Wat ee méi „sportlech“ fiert, wat de Pneu méi séier ofnotzt.

Mee ass den ofgefuerene Gummi da wierklech e Problem?

Et huet ee sech laang keng Gedanken doriwwer gemaach, nom Motto „Aus dem Augen, aus dem Sinn.“ Dobäi verléieren déi 4 Pneue vun engem Auto am Laf vun hiren duerchschnëttlech 4 Joer Notzzait ee bis annerhallwe Kilo Material! Sou kommen iwwert d’Joer rise Quantitéiten zesummen.

Belaaschtbar Zuele gëtt et heizou aus Däitschland: et gouf geschat dat do pro Joer (lo haal dech un) 100.000 Tonne Stëbs duerch d’Ofnotze vu Pneuen entstinn – dat si ronn 5.000 vollgeluede Camionen. De Stëbs vun de Pneuen ass bedenklech, well net just Gummi dran ass. An deem Stëbs fënnt een och nach Zénk, Bläi, Cadmium a Weichmacher. Dat gëtt alles bei der Produktioun vun de Pneuen an d’Gummismëschung gemëscht.

An dat alles fënnt da säi Wee iwwert de Buedem, Planzen an Déieren och erëm op eisen Teller?

Kéint sinn. De Stëbs vun de Pneuen ass déi gréisst Quell vu Mikroplastik an der Ëmwelt, d.h. kleng Plastikpartikelen. Dat hu Fuerscher viru kuerzem berechent. Vill dovun gëtt duerch de Reen an d’Opfaangbecken ronderëm d’Stroossen geschwemmt. Awer et weess een den Ament nach net vill driwwer, wou de Stëbs vun de Pneuen zum Schluss lant. Dat probéieren d’Wëssenschaftler elo erauszefannen.

Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer wichteg a spannend!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

 

Infobox

Wouhier kënnt de Mikroplastik an der Ëmwelt?

Fuerscher vum Fraunhofer-Institut hu fir Däitschland ofgeschat, wéi vill Mikroplastik (dat si kleng Plastikpartikel) all Joer an d'Ëmwelt geréit. D'Resultater kann ee wahrscheinlech gutt op déi meescht aner europäesch Länner iwwerdroen. Souguer wa mir d'Suele vun eise Schong oflafen ginn am Schnëtt ëmmerhin 100 Gramm Stëbs pro Kapp am Joer fräigesat! Vill Mikroplastik entsteet och beim Wäsche vu Kleeder aus Plastikfaseren, op Sport- oder Spillplazen z.B. duerch d'Ofnotze vu kënschtlechem Wues, duerch ofgenotzte Stroossebelag a Markéierungen um Makadamm, duerch d'Industrie a Chantieren an duerch d'Entsuerge vun Offall. Mee den éischte Präis gewannen awer d'Pneuen: d'Ofnotze vu Pneuen ass responsabel fir iwwer een Drëttel vun der Mikroplastikverschmotzung!

 

 

Auch in dieser Rubrik

Onerwënschten Insekten Hunn Harespelen, Mustiken & Co. en Notzen?

D'Gentechnik bitt mëttlerweil Handwierksgeschier un, mat deenen ee kéint ganz Déierenaarten exstirpéieren (ausrotten). Mr. Science, sollte mir dat net fir onerwënschten Insekte probéieren? 

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Drogensucht
Drogesucht Firwat maachen Drogen eigentlech ofhängeg?

Ween ze vill an ze laang Droge consomméiert, ka säi Kierper ruinéieren an Aarbecht, Frënn a Famill verléieren. Firwat ass et trotzdeem sou schwéier, opzehalen?

FNR