© shotshop.com

1 Gramm Botox kéint reng rechneresch ronn 10 Millioune Mënschen ëmbréngen.

Note vun der Redaktioun: Des ass eng ugepasste Versioun vun engem Artikel deen ursprünglech den 10.01.2021 verëffentlecht gouf. Nei Studie goufe mat a Betracht gezunn an d'Quelle goufen aktualiséiert. 

Et ass en zimmlech staarkt Nervegëft: 1 Gramm Botox kéint – gesprëtzt – reng rechneresch ronn 10 Millioune Mënschen ëmbréngen. Et stierft ee well een net méi ootme kann, well d‘Gëft d‘Nerven attackéiert, déi eise Muskelen d‘Befeeler fir Beweegung ginn. Also och deenen déi de Broschtkuerf hiewen a erofzéien. Da kann een net méi an an aus ootmen, an et erstéckt een. Awer Schéinheetschirurgen oder Hautdoktere sprëtzen et ganz staark verdënnt géint Falen. Si läämt sou gezielt Gesiichtsmuskelen déi d’Haut a Falen zéien, zum Beispill tëschent eisen Aperhoer oder op der Stier. Ausserdeem ka Botox, wat e Gëft vu Bakterien ass, och d‘Nerveverbindunge bei Schweessdrüse lämen, an hëlleft doduerch och géint iwwerméissegt schweessen.

An gëtt et geféierlech Niewewierkungen?

Wie bei allen Agrëffer kann et zu Niewewierkunge kommen. Awer des sinn an der Reegel kleng an d’Behandlung gëllt laut Iwwerblécksstudien als relativ sécher – virausgesat de korrekte Produit an déi korrekt Dosis gëtt fachmännesch gesprëtzt. D’Gëft kann sech zum Beispill wieder verbreeden a Muskele lämen, déi eis Aebewegunge steieren. Dann baluckt een, an et gesäit alles duebel. Méi heefeg si Lämunge vun de Muskelen am Aendeckel oder hänkeg Aendeckelen.

Ween däerf zu Lëtzebuerg Botox sprëtzen?

  • Ästhetesch Behandlunge wéi Botox-Injektioune gëlle rechtlech als medezineschen Agrëff. Si falen ënnert d’Gesetz vum 29. Abrëll 1983 iwwer Dokteren, Zänndokteren an Déierendokteren. Des Gesetz schreift vir: Ween zu Lëtzebuerg medezinesch schafft, brauch eng staatlech Erlabnis (Autorisatioun).
  • Zu Lëtzebuerg gëtt et keng offiziell unerkannte Spezialisatioun nëmme fir ästhetesch Medezin. Dofir existéiert och keng speziell Zouloossung just fir Botox oder aner Schéinheetsbehandlungen.
  • Dat bedeit: All zougeloossenen Dokter däerf grondsätzlech och ästhetesch Behandlunge wéi Botox duerchféieren.

(Quell: Äntwert op parlamentaresch Fro (2025))

Ginn sou schwéier Niewewierkungen dann erëm ewech?

Glécklecherweis jo. Awer et brauch ee Gedold, well et e puer Wochen dauert bis d’Wierkung noléisst, an sech d’Nerve regeneréieren. Awer genee aus dësem Grond léisst d’Wierkung géint Fale mat der Zäit och no, an et muss een d’Behandlung no ee puer Méint widderhuelen.

Ween huet dat Gëft eigentlech entwéckelt oder entdeckt?

Et gëtt vu Bakterie produzéiert déi iwwerall am Buedem liewen. Wann déi ee Liewewiesen infizéieren an ëmbréngen, friessen si sech un deem verfaulte Fleesch sat a multiplizéieren sech. Genee sou maachen déi dat och a verfaulter Wurscht oder a Konserven. Dat kann dann zu geféierleche Liewensmëttelvergëftunge féieren. Am 19. Joerhonnert gouf vu Wurschtgëft geschwat, an dofir huet een dëse Bakterien den Zousaznumm botulinum ginn. Dat kennt vum laténgesche botulus fir Wurscht. Sou koum de Botox dann och zu sengem Numm.

An wéi koum een dann op d’Iddi, dëst „Wurschgëft“ a Gesiichter ze sprëtzen?

Dat war am Joer 1977, fir Patienten ze behandelen déi baluckt hunn. Mat Botox goufe gezielt bestëmmten Aemuskele geläämt. Doduerch goufen d‘Aen net méi an déi falsch Richtung gezunn. 10 Joer méi spéit huet een eng onerwaart Niewewierkungen entdeckt: bei verschiddene Patiente sinn d‘Falen op der Säit vun der Schléif oder op der Stier verschwonnen. Dës Observatioun huet de Botoxboom an der Schéinheetschirurgie ausgeléist. Awer och ëmmer méi Krankheete ginn hautzedaags mat dësem Bakteriëgëft  behandelt. Fir nëmmen ee Beispill ze nennen: Bei Leit déi e Schlag gemaach hunn, kann ee Muskelverkrampfungen, déi immens wéi dinn, entspanen.

Dass verfaulte Wurscht mat Schlag-Patienten eppes um Hutt huet hätt ech net geduecht!

Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Wéi wierkt dat Botulinumtoxin genee?

Dat Bakteriëgëft ass zimmlech raffinéiert. Et besteet aus zwou laangen Eewäissketten a gëtt am Mo an am Daarm anescht wéi vill aner Eewäisser net desaktivéiert. Et trëtt an d’Blutt iwwer an dockt da gezillt un d'Extremitéite vun Nerven un, déi Muskele steieren. Nerve fir ze fillen an ze taaschte ginn ignoréiert. Nodeems d'Gëft vum Nerv opgeholl gouf, spléckt et seng méi laang Eewäissketten of. Elo entfaalt et seng richteg Kraaft, wëll déi méi kuerz Eewäissketten  hellt elo Nervenproteinen auserneen, déi fir weiderleede vu Signaler verantwortlech sinn. D'Extremitéit vum Nerve kann da keng Botenstoffer méi ausschëdde fir d'Beweegung vun de Muskelen ze koordinéieren. Den Nerv erhëlt sech eréischt vun der Gëftattack no e puer Wochen, nodeems en nei Extremitéite vum Nerv produzéiert huet. Déiereversich weisen, dass d'Gëft laanscht Nervefasere wandere kann. Eventuell kéint et sou souguer a Richtung Gehier goen.

Botox-Alternative géint Falen

Et gëtt eng Rei Optiounen, fir Falen ouni (oder zousätzlech zu) Botox ze reduzéieren. Dës wierke meeschtens méi lues wéi Botox. Hei e puer Beispiller:

  • Weichgewebe-Filler, z. B. Hyaluronsaier, PMMA (Polymethylmethacrylat), Poly-L-Mëllechsaier a Calciumhydroxylapatit. Des gi wéi Botox an d’Haut gesprëtzt.
  • Thread Lift („Fadenlifting“), bei deem speziell Fiedem ënnert d’Haut geluecht ginn an douce gespaant ginn, fir schlaff Gewebe unzehiewen a Falen ze reduzéieren.
  • Laserbehandlung reegt duerch héichenergetesch Liichtimpulser déi kierpereege Kollagen-Produktioun un, wouduerch d’Haut méi stramm a méi glat wierkt.
  • Thermesch Methoden op Basis vu Radiofrequenz oder Ultraschall reegen och d’Kollagen-Produktioun un.
  • Anti-Fale-Crème wierke mëttelméisseg, wann se gutt ënnersichte Wierkstoffer enthalen a reegelméisseg applizéiert ginn. Fir Retinoiden (besonnesch Tretinoin a Retinol) gëtt et déi stäerksten an am meeschte reproduzéierten Noweiser vu Wierkung.
  • Sonneschutz, net fëmmen an en insgesamt gesonde Liewensstil sinn nach ëmmer déi wierksaamste Strategien, fir d’Altere vun der Haut ze bremsen a Fale virzebeugen.

Botulinumtoxin als Waff?

D’Bakteriëgëft huet séier d'Opmierksamkeet vum Militär op sech gezunn. Japanesch Entwéckler fir Biowaffen hunn an den 1930er Joer déidlech Versich u Gefaangenen an der besater Mandschurei gemaach. Am 2ten Weltkrich hunn d'USA a grousse Quantitéiten een Antiserum als Géigemëttel produzéiert well si Angscht virum Asaz vum Gëft duerch déi Däitsch haten. Gläichzäiteg sollen si Pläng gemaach hunn, wei chineesesch Prostituéierter esou japanesch Offizéier kéinte vergëften. Et sollt a kleng Kugelen aus Gelatine verpak ginn, déi pecheg ginn, wann een se naass gemaach huet. Esou sollten déi Prostituéiert déi déidlech Kugelen an hiren Hoer verstoppe fir se dann onbemierkt an d’Gedrénks vun hire Clienten ze maachen. D’Gëft wierkt net direkt. Et wollt ee verschleieren, wéi d‘Offizéier ëmbruecht gi sinn. D‘Kugele goufe scho produzéiert mee de Plang wier awer anscheinend net ëmgesat ginn. Och Terroristen hu scho mam Gëft experimentéiert. A Japan vun den 1990er Joer sinn 3 Uschléi vun der Aum-Sekt schif gaangen. Glécklecherweis hunn se d'Produktioun an dat feint verdeele vum Gëft net gutt genuch beherrscht. Haut warnen Terrorismusexperten dovunner, dass domadder Liewensmëttel vergëft kéinte ginn. Am normalen Drénkwaasser géif d’Gëft dogéint awer duerch Chlor séier inaktivéiert ginn.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Jan Bidinger
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

 

Quellen

      1.K. Y. Wong, C. H. Tan, & N. H. Tan, Venom and Purified Toxins of the Spectacled Cobra (Naja naja) from Pakistan: Insights into Toxicity and Antivenom Neutralization. The American Journal of Tropical Medicine and Hygiene, 94 (2016) 1392–1399. https://doi.org/10.4269/ajtmh.15-0871. 
      2.O. Rossetto & C. Montecucco, Tables of Toxicity of Botulinum and Tetanus Neurotoxins. Toxins, 11 (2019) 686. https://doi.org/10.3390/toxins11120686. 
      3.J. Jankovic, Botulinum toxin in clinical practice. Journal of Neurology, Neurosurgery, and Psychiatry, 75 (2004) 951–957. https://doi.org/10.1136/jnnp.2003.034702. 
      4.K. Dashtipour & F. Pedouim, Botulinum Toxin: Preparations for Clinical Use, Immunogenicity, Side Effects, and Safety Profile. Seminars in Neurology, 36 (2016) 29–33. https://doi.org/10.1055/s-0035-1571213. 
      5.A. W. Klein, Contraindications and complications with the use of botulinum toxin. Clinics in Dermatology, 22 (2004) 66–75. https://doi.org/10.1016/j.clindermatol.2003.12.026. 
      6.S. Ahsanuddin, S. Roy, W. Nasser, R. Povolotskiy, & B. Paskhover, Adverse Events Associated With Botox as Reported in a Food and Drug Administration Database. Aesthetic Plastic Surgery, 45 (2021) 1201–1209. https://doi.org/10.1007/s00266-020-02027-z. 
      7.F. J. Erbguth, From poison to remedy: the chequered history of botulinum toxin. Journal of Neural Transmission, 115 (2008) 559–565. https://doi.org/10.1007/s00702-007-0728-2. 
      8.A. B. Scott, Development of botulinum toxin therapy. Dermatologic Clinics, 22 (2004) 131–133, v. https://doi.org/10.1016/s0733-8635(03)00019-6. 
      9.N. Moreau, S. A. Korai, G. Sepe, F. Panetsos, M. Papa, & G. Cirillo, Peripheral and central neurobiological effects of botulinum toxin A (BoNT/A) in neuropathic pain: a systematic review. PAIN, 165 (2024) 1674. https://doi.org/10.1097/j.pain.0000000000003204. 
      10.E. Bomba-Warczak, J. D. Vevea, J. M. Brittain, A. Figueroa-Bernier, W. H. Tepp, E. A. Johnson, F. L. Yeh, & E. R. Chapman, Interneuronal Transfer and Distal Action of Tetanus Toxin and Botulinum Neurotoxins A and D in Central Neurons. Cell Reports, 16 (2016) 1974–1987. https://doi.org/10.1016/j.celrep.2016.06.104. 
      11.S. Luvisetto, Botulinum Neurotoxins in Central Nervous System: An Overview from Animal Models to Human Therapy. Toxins, 13 (2021) 751. https://doi.org/10.3390/toxins13110751. 
      12.S. S. Arnon, R. Schechter, T. V. Inglesby, D. A. Henderson, J. G. Bartlett, M. S. Ascher, E. Eitzen, A. D. Fine, J. Hauer, M. Layton, S. Lillibridge, M. T. Osterholm, T. O’Toole, G. Parker, T. M. Perl, P. K. Russell, D. L. Swerdlow, K. Tonat, & for the Working Group on Civilian Biodefense, Botulinum Toxin as a Biological WeaponMedical and Public Health Management. JAMA, 285 (2001) 1059–1070. https://doi.org/10.1001/jama.285.8.1059. 
      13.F. J. Lebeda, M. Adler, & Z. F. Dembek, Yesterday and Today: The Impact of Research Conducted at Camp Detrick on Botulinum Toxin. Military Medicine, 183 (2018) 85–95. https://doi.org/10.1093/milmed/usx047. 
      14.J. G. Sotos, Botulinum Toxin in Biowarfare. JAMA, 285 (2001) 2716. https://doi.org/10.1001/jama.285.21.2716. 
      15.O. Cenciarelli, P. W. Riley, & A. Baka, Biosecurity Threat Posed by Botulinum Toxin. Toxins, 11 (2019) 681. https://doi.org/10.3390/toxins11120681. 

16. Li, Kelun, Meng, Fanyu, Li, Yu Ru, Tian, Yueyi, Chen, Hao, Jia, Qi, Cai, HongXin, Jiang, Heng Bo, Application of Nonsurgical Modalities in Improving Facial Aging, International Journal of Dentistry, 2022, 8332631, 18 pages, 2022. https://doi.org/10.1155/2022/8332631

17. Liu, Yin PhD*; Mao, Rui MS†; Xiao, Minqin BS*; Zhu, Weidong PhD*; Liu, Yang BS*; Xiao, Hong BS*. Facial Rejuvenation: A Global Trend of Dermatological Procedures in the Last Decade. Plastic & Reconstructive Surgery-Global Open 12(6):p e5801, June 2024. | DOI: 10.1097/GOX.0000000000005801

18. Yip, L. (2024). Anti‐aging trends in Australia. Journal of the European Academy of Dermatology and Venereology, 38, 45 - 52. https://doi.org/10.1111/jdv.19647.

19. Lin, L., Chen, X., Liu, C. et al. Comparative efficacy of topical interventions for facial photoaging: a network meta-analysis. Sci Rep 15, 26889 (2025). https://doi.org/10.1038/s41598-025-12597-0

20. Draelos, Z., Bogdanowicz, P., Saurat, J., Bogdanowicz, P., & Dermo-Cosmétique, P. (2024). Top weapons in skin aging and actives to target the consequences of skin cell senescence. Journal of the European Academy of Dermatology and Venereology, 38, 15 - 22. https://doi.org/10.1111/jdv.19648.

21. Milosheska, D., Roškar, R. Use of Retinoids in Topical Antiaging Treatments: A Focused Review of Clinical Evidence for Conventional and Nanoformulations. Adv Ther 39, 5351–5375 (2022). https://doi.org/10.1007/s12325-022-02319-7

22. Gostimir, Mišo M.D., M.P.H.*; Liou, Victor M.D.†,‡; Yoon, Michael K. M.D.†,‡. Safety of Botulinum Toxin A Injections for Facial Rejuvenation: A Meta-Analysis of 9,669 Patients. Ophthalmic Plastic and Reconstructive Surgery 39(1):p 13-25, January/February 2023. | DOI: 10.1097/IOP.0000000000002169

23. Kroumpouzos, G., Kassir, M., Gupta, M., Patil, A. and Goldust, M. (2021), Complications of Botulinum toxin A: An update review. J Cosmet Dermatol, 20: 1585-1590. https://doi.org/10.1111/jocd.14160

24. Zhang, W., Wen, Y., Zhong, Y., & Chen, Q. (2024). Meta-Analysis of Adverse Reactions of Botulinum Toxin A in Facial Rejuvenation Treatment. Aesthetic Plastic Surgery, 49, 2305 - 2314. https://doi.org/10.1007/s00266-024-04539-4.

Question parlementaire: https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2025/08/QP_60015_1756295628130.pdf