shotshop.com

Éigentwann wäert d’Äerd "gebroden" ginn

An engem sinn d’Fuerscher sech zimlech eens: Liewe soll et éigentwann keent méi op der Äerd ginn. D’Haaptursaach ass d‘Sonn, déi ëmmer méi waarm gëtt. 

Ob eise bloe Planéit éigentwann ganz verschwënnt, do sinn d’Fuerscher sech net eens. Awer sou wéi mir e kennen, wäert en net bleiwen.

Schold dorun ass eis Sonn. Säit hirer „Gebuert“ viru 4,6 Milliarde Joer gëtt si ëmmer méi hell a méi waarm (Firwat? Dat kënnt dir an enger Infobox liesen).  Doduerch ginn d’Konditioune fir Liewen op der Äerd ëmmer méi schwéier.

An 1 Milliard Joren ass d'Sonn 10% méi hell wéi haut, an et gëtt geschaat dass d'Äerd da just nach aus Wüst besteet. An éigentwann wäert d’Äerd "gebroden" ginn.

Wéini ass et dann sou wäit?

Aktuelle Berechnungen no soll a spéitstens 3 Milliarde Joer kee Liewen, wéi mir et kënnen, méi op der Äerd méiglech sinn. Net emol Bakterien, déi bei extremen Temperaturen iwwerliewen.

An a 7,5 Milliarde Joer hätt d’Sonn sech am Universum zu engem risege roude Feierball ausgedehnt, deen d’Iwwerreschter vun der Äerd einfach verschlécke kéint. Et ginn awer och Fuerscher déi mengen, dass d’Äerd iwwerlieft  - awer si wär dann 1400 Grad waarm.

Ok, d’Evolutioun vun der Äerd geet also éigentwann erëm hannerzeg.  Wéini stierwen d’Mënschen dann aus?

Mir existéieren elo säit 200.000 Joer op der Äerd. Fossilienberichter bezeien dass Mamendéieren am Duerchschnëtt 1 Millioun Joer liewen. Theoretesch hätte mir also nach honnertdausende Jore virun eis.

Mee ob d’Mënschheet wierklech sou laang iwwerlieft, weess kee genau.

Jo. Natierlech ass et méiglech, dass nei Liewewiesen entstinn, déi mat deenen extreme Konditiounen eens ginn, oder technologesch Fortschrëtter en Iwwerliewen erlaben. Mee mir hunn all Interêt drun fir an e puer 100.000 Joër op en anere Planéit geplënnert ze sinn.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: shotshop.com

Quellen:

1. Last Days of Earth: Timeline to the end of everything. New Scientist, 4 May 2016

2. Swansong Biospheres: Refuges for life and novel microbial biospheres on terrestrial planets near the end of their habitable lifetimes: O'Malley-James J.T., Greaves J.S., Raven J.A., Cockell C.S. (2013), Int. J. Astrobiology 12: 99-112.

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. Dës Sendung ass vum 1. Februar 2017 

 

 

Firwat gëtt d'Sonn méi waarm?

Fir Energie ze produzéieren réagéiert am Kär vun der Sonn Waasserstoff mateneen an verschmelzen zu Helium. Dëst ass eng sougenannten Kernfusioun. D’Konzentratioun vu Waasserstoff geet mat der Zait erof währendem sech Helium am Kär usammelt. De Kär gëtt ëmmer méi kompakt an zitt weidert Material mat eran. Doduerch gëtt d’Sonn lues a lues méi grouss a méi hell - a méi waarm.

Effekt vun enger méi heller Sonn

Zwee Fuerscher, den James Lovelock and en Michael Whitfield hunn 1982 fir d’éischt d’Effekter vun enger ëmmer méi waarmer Sonn op d‘Äerd beschriwwen. CO2, deen a Reendrëpse gefaangen ass, réagéiert mat Gesteng, an et entstinn fest Carbonater. Sou verschwënnt CO2 aus der Atmosphär. Wat et méi waarm ass, wat et méi reent, an wat also méi CO2 verschwënnt. Planze brauchen awer e bessen CO2 an der Atmosphäre fir Photosynthèse kënnen ze maachen an ze iwwerliewen. Soubal et keng Planze méi ginn, sinn och ganz séier Déiere vum Ausstierwe bedroht.

Ufank vum Liewen an Evolutioun

Déi éischt Zeeche vu Liewen ginn 3,8 Milliarde Joren zréck. Do virdrun war d’Äerd ze waarm a voller toxescher Gaser, fir dass Liewen an där Form wéi mir se kennen méiglech gewiescht wär. Virun 2,4 Milliarde Joren hunn déi éischt Bakterien Sauerstoff an d’Atmosphär ausgestouss. Do war et dann och nët méi laang bis déi éischt komplex Zellen entstaane sinn. Duerno koumen no an no Déieren a Planzen, déi sech iwwert d’Joren ëmmer erem un nei Emfelder an d’Bedingungen vum Liewen ugepasst hunn - Evolutioun.

 

 

Auch interessant

E Bléck an d’Kugel Wéi weess een, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit?

Mister Science, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit war laang e Rätsel. Mëttlerweil kennen d’Fuerscher awer den Opbau vun eis...

FNR
Weltall Satelliten sind Erd-Begleiter im Weltall

Hunderte von Satelliten kreisen um die Erde. Aber wozu sind die eigentlich gut?

FNR
Geodynamik En halleft Jorhonnert Miessungen zu Lëtzebuerg

Wann et iergendwou op der Äerd rubbelt, da mierke mir dat hei zu Lëtzebuerg.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR