© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Handschrëftlech Notize sollen dem Gehir hëllefe beim verhalen. Mee ass dat wierklech sou? De Mr Science huet dat mat Schüler getest.

30 Wierder ouni Zesummenhang hunn d’Testkandidate misse verhalen, an an enger zweeter Phase erëm opschreiwen. Eis goung et dorëm erauszefannen ob et hëlleft, sech d’Wierder opzeschreiwe während deem een se fir d’éischte Kéier héiert. Mir wollten ausserdeem kucken ob et en Ënnerscheed mécht op een d‘Notizen op der Hand oder um Computer hëlt. Mir hunn eis ob wëssenschaftlech Studie aus Norwegen baséiert.

D’Testklass war eng 2e C aus dem Lycée Aline Mayrisch, mat 20 Schüler déi all quasi genee sou gutt um Computer kënne schreiwe wéi mat der Hand.

D'Resultater fannt dir am Video.

Wëllt dir iech selwer testen?

D’Schüler an eisem Test waren extrem staark. Packt dir et se ze toppen? A wéi verhaalt dir am beschten?

Hei sinn eis dräi Audiofichieren mat deene d’Schüler den Test gemaach hunn. Probéiert selwer aus wéi vill Wieder vun deenen 30 dir verhale kënnt an ob een Hëllefsmëttel (schreiwen, tippen) iech dobäi hëlleft. Lauschtert ee Fichier nom aneren a schreift duerno aus dem Kapp erëm op wat der nach wësst.

Vill Spaass beim Test!

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Produktioun: RTL

 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert déi Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg kënnt.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Stroke and language How listening to a story can help us diagnose a language disorder

A Luxembourgish PhD student at KU Leuven summarises her research project in a 2-minute video.

Studienteilnehmer gesucht Spannende wissenschaftliche Studie zur Körperwahrnehmung und Stress

Hast Du Interesse mehr über den Effekt von Stress auf die Körperwahrnehmung herauszufinden? Willst Du helfen die Mechani...

Medizin Hypnose in einem medizinischen Umfeld, wofür und wie wirksam ist sie?

Die Hypnose wird immer häufiger eingesetzt, um beispielsweise Schmerzen zu lindern. Die Öffentlichkeit ist jedoch geteil...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Feng Shui
En harmonescht Doheem Funktionéiert Feng Shui?

Muncheree setzt op Feng Shui, wann et ëm d'Ariichten an d'Dekoréiere vun der Wunneng geet. Dat uraalt chineesescht Konzept soll dobäi hëllefen, en harmonescht Liewen ze féieren. Funktionéiert dat?

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees op den Dësch?

FNR