Wéi vill Fuerschung stécht am Bëtong?

17.12.14

FNRDiesen Artikel drucken
Bëtong gouf vun de Réimer erfonnt. 2000 Joer méi spéit probéiere Fuerscher d’Geheimnis vun hirer Bëtongsmëschung ze lëften. An zwar well hiren Bëtong méi resistent ass, wéi eisen hautdesdaags.
Wisou kucken sech Fuerscher al réimesch Bëtongsstécker un, fir besseren Bëtong ze entwéckelen?

Ma se hunn sech einfach gewonnert wisou de Bëtong vu munche réimescher Hafen-Bauwierker och no 2000 Joer nach ëmmer dem salzege Mierwaasser an de Welle stand hält. Moderne Bëtong wier bei dëse Belaaschtunge scho laang zerbréckelt.

An wat ass d’Geheimnis vun den antike Baumeeschteren?

Bëtong ass eng Mëschung aus méi oder manner grousse Stengelcher, Sand, Zement a Waasser. D’Fuerscher hunn erausfonnt, dass d’Réimer zousätzlech  Vulkanäschen an hire Bëtong gemëscht hunn. Wann dës Mass haart gëtt, verpescht d’Äschen déi eenzel Komponente besonnesch gudd an de Bëtong ass vill méi resistent géint Belaaschtungen aus der Ëmwelt.

Gëtt hautdesdaags dëst aalt réimescht Rezept rëm benotzt?

Anverännerter Form, jo! Jenodeems, firwat de Bëtong agesat gëtt, gëtt zum Beispill Fluchäsche bäigemëscht, dat ass en Offallproduit aus de Kuelekraaftwierker. D’Fuerscher experimentéieren och mat aneren Zousätz. Se mëschen zum Beispill ganz reng Mineralpartikelen an de Bëtong. Dës si just e puer zéngdausendstel Millimeter kleng.

Wat bréngt dat wann een sou kleng Partikelen an de Bëtong mëscht?  

Normalem Bëtong huet kleng Huelraim an deene liicht Rëss entsti kënnen. Wann en elo dem Bëtong extrem kleng Partikele bäimëscht, da fëllen déi dës Huelraim. De Bëtong gëtt doduerch méi stabil. D’Bëtongsentwéckler mëschen awer och butzeg Faseren aus Plastik oder Stol mat an de Bëtong. Déi halen en dann nach zousätzlech zesummen. Dat nennt een dann Ultrahéichfeste Bëtong, e chicen Numm, nee?

Naja…, ass dëse superstabile Bëtong da schonn am Asaatz?

Jo, bei e puer Baute gouf schonn domat experimentéiert. Wëll de Bëtong sou stabil ass, kënne Bauwierker mat wéineg Bëtong gebaut ginn. Et brauch ee manner Matière Première an Energie fir de Bëtong ze produzéieren an d’Bauwierker gesi méi elegant aus. Bei enger Bréck fueren d’Autoen an Zukunft iwwert eng Bëtongsplack déi alles dréit an nëmmen e puer Zentimeter dënn ka sinn

Majo da musse mer jo op eis Ingenieure vertrauen an hoffen, dat eis Brécke genee sou laang hale wéi déi vun de Réimer.

Mir kenne jo an 2000 Joer nach eng Kéier driwwer schwätze…

 

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: (c) Pixabay

 

Auch in dieser Rubrik

Wéini deet d’Ofzéie vu Plooschteren endlech net méi wéi?

22.10.15 Wéi virun 100 Joer d’Plooschter erfonnt gouf, hunn sou munch Plooschteren sou gutt gepecht dass ee mat hinne Vëlospneuen gefleckt huet. > Ganzen Artikel lesen

Erfinder vum Dag: de Prinzip vum Héichuewen ass zweemol erfonnt ginn

24.08.15 De 24. August 1856 huet den Henry Bessemer de Prinzip vum Héichuewe fir d'éischt beschriwwen! Inoffiziell ass den Héichuewen awer schonn e bësse méi al... > Ganzen Artikel lesen

Wat kann d’Glas vun der Zukunft?

18.06.15 Fuerscher kënnen hautdesdaags Glas produzéieren, wat een em de Fanger wéckele kann, ouni dass et brëscht. > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Gore-Tex ?

27.11.14 Egal ob Sportsschung, Trëppelbox oder Reenjackett: Soubal mer de klenge schwaarz-goldege Gore-Tex Logo op engem Kleedungsstéck gesinn, gëtt et eis net nëmme...> Ganzen Artikel lesen

Wéinst wat huet de gebiertege Lëtzebuerger Jules Hoffmann den Nobelpräis kritt?

06.10.14 Nobelpräis an der Medezin: Haut goufen d'Gewënner bekannt. Vrun 3 Joer krut de Jules Hoffmann, gebuer zu Iechternach, dëse Präis. Fir wéi eng Entdeckung? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

all 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.


Verwandte Themen