Wechselhaftes Wetter

shotshop.com

Eng zimmlech grëndlech Etüd huet erausfonnt, datt sonneg Wieder am Fréijoer eng éischter positiv Wierkung huet, am Summer awer negativ - virausgesat d'Participanten halen sech vill dobaussen op.

Wéi wirkt sech d'Abrëllswieder op eis d'Gemitt aus? Mr. Science, du hues recherchéiert – wat weess d'Wëssenschaft doriwwer?

Wann een sech d'Etüden duerchliest, déi probéiert hunn en Zesummenhang tëscht Wieder a Stëmmung erauszefannen, dann ass een duerno bal sou duerchernee wéi d'Wieder op engem wiesselhaften Abrëllsdag. Ech hu just eng eenzeg Etüd fonnt, bei där d'Fuerscher sech net nëmmen d'Moyenne vum Wieder iwwert de ganzen Dag verdeelt ugekuckt hunn, mee wierklech de Wiederwiessel. Allerdéngs gouf et där am Beobachtungszäitraum just véier: zweemol huet d'Wieder tëscht liichtem Frascht op Temperature knapp iwwer Null gewiesselt, an dat all Kéiers bei bedecktem Himmel. Ganz éierlech: kee besonnesch krasse Wiederwiessel...Eemol huet et ugefaange mat reenen an eemol huet et opgehalen. Fir et kuerz ze maachen: Aus sou mann Donnéeë kann ee keng zolidd Conclusiounen zéien.

Awer wann d'Sonn schéngt, geet et engem dach scho besser, wéi wann den Himmel gro a bedeckt ass?

Dat ass eng allgemeng Virstellung, jo. Dat weist awer och, wéi delikat et ass, en Zesummenhang tëscht Wieder a Stëmmung erauszefannen. Well vill Etüde probéieren dat mat Hëllef vu Froebéi oder Journallen, an deenen d'Participanten hir jeeweileg Stëmmung androen. Et kann een awer dovun ausgoen, datt d'Participante mengen, sech bei schéinem Wieder éischter gutt a bei schlechtem Wieder éischter manner gutt ze spieren, a sech dovunner beaflosse loossen. Trotzdeem hunn d'Wëssenschaftler just e ganz schwaachen Zesummenhang tëscht Wieder a Stëmmung fonnt. An dacks sinn d'Resultater schwéier z'interpretéieren.

Zum Beispill?

Eng zimmlech grëndlech Etüd huet erausfonnt, datt sonneg Wieder am Fréijoer eng éischter positiv Wierkung huet, am Summer awer negativ - virausgesat d'Participanten halen sech vill dobaussen op. An enger anerer Etüd gouf just d'Stëmmung un Deeg mat vill Sonn mat där un Deeg, wou den Himmel total bedeckt war verglach. Mee och hei gouf et kee kloren Zesummenhang tëscht gudder oder schlechter Stëmmung. Eng aktuell Etüd ass awer ganz interessant, well si d'Participanten net direkt gefrot huet, mee op Basis vu hire Posts op Facebook an Twitter ausgewäert huet.

A wat koum dobäi eraus? 

D'Fuerscher hunn 3,5 Milliarde Posts vun e puer Millioune Notzer aus siwe Joer ausgewäert a konnten eng optimal Temperatur fir gutt Stëmmung ermëttelen an déi läit bei 25 Grad. Also wann et nach méi waarm gouf, ass d'Laun erëm erofgaangen. De Reen dréckt och d’Stëmmung: wat et méi reent, wat d'Notzer méi schlecht drop sinn.

Hm, dat ass jo lo net immens iwwerraschend...

Jo, do ass d'Fro iwwert dem Effet vum Wiederwiessel méi interessant awer ëmmer nach en oppent Feld fir d'Fuerschung. Dofir bleift se och ëmmer spannend!

Wéi ass et da mam Wanterblues?

Anescht wéi d'Fro, ob gutt oder schlecht Wieder en Afloss op d'Laun hunn gëtt et zolidd Resultater, wat de Wanterblues ugeet, also den Afloss vun der Joreszäit. Wëssenschaftlech heescht de Wanterblues SAD, kuerz fir Seasonal Affective Disorder. Ongeféier ee vun 30 Leit trëfft et all Wanter, dovunner sinn dräi Véierel Fraen. Et probéiert een dat mat Liichttherapie ze behandelen. Fir géint hir Wanterdepressioun ze kämpfen setzen sech d'Patienten all Dag 30 bis 45 Minutte virun eng speziell Luucht déi ganz hell ass an d'Sonneliicht imitéiert. Hei ginn et méi Infoen zum Wanterblues.

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Quellen
De Mister Science op RTL RADIO

 Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science