(c) ColdShine

Fir ee Stack Trapen erop ze goen, verbrennt de Mënsch 5-10 Kilokalorien. Fir erauszefannen, wéi vill Energie e Lift verbrauch, dat ass scho méi schwéier.

Dat hänkt dovun of, ob e mechanesch mat Géigegewiichter gezu gëtt oder mat engem hydraulesche System funktionéiert, wéi schwéier en ass, wéi vill Leit dra sinn an op de Lift erop oder erof geet. Esouguer d’Hiersteller kënnen dat net genee aschätzen. Mee graff iwwert den Daum gepeilt verbrauch e Lift 2.000 Kilokalorie fir eng Persoun ee Stack erop ze beförderen. Also ongeféier 200 mol méi Energie wéi wann ech zu Fouss géif goen!

2.000 Kilokalorien! Dat sinn der jo awer schonn e puer!

Jo, dat läppert sech zesummen! Mam Equivalent vun 2.000 Kilokalorien Energie leeft deng Tëlee zum Beispill schonn 1 Stonn! An an engem Joer verbrauch e Lift an engem 5-stäckege Bürosgebai esou vill Energie wéi eng Famill fir hire ganze Stot brauch!

A mir hu jo och net nëmmen ee Lift am Gebai! Also keng Ausriede méi, d’Schung gestréckt a lass! An als klenge Plus mécht een och nach eppes fir seng eege Gesondheet!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © ColdShine

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR