(c) Casey Fleser

Mat der richteger, respektiv falscher Dosis ka bal all Gewierz engem zum Verhängnis ginn, well et da gëfteg oder esouguer déidlech ka sinn!

Sou wéi Salz a Muskotnoss, do hat ech dat scho mol héieren?

Jo schonn ëm déi 200 Gramm Salz ginn duer fir een ëmzebréngen – mee ouni kinnt een och net liewen. Muskat kann nach vill méi séier fatal wierken. Mee do ginn et nach aner, manner bekannte Falen am Gewierzschaf. Wéi zum Beispill Kanéil. Verschidde Varianten dovu kennen näämlech a grousse Quantitéite geféierlech ginn. Basilikum, Estragon a Fenchel kënne beispillsweis bei Déiere kriibserreegend sinn!

Egal wat! Ech benotzen déi Saache jo awer dack, an ech liewen ëmmer nach!

Ma d’Wierkung hängt bei deene Gewierzer an och bei allen aaneren Liewensmëttel eenzeg an alleng vun der Quantitéit of. Falsch doséiert kënnen se geféierlech ginn. Mee richteg doséiert, kënnen se och ganz gesond sinn, a Verschiddener ginn esouguer an der Medezin agesat!

Ah ok? A wéi eng dann zum Beispill?

Safran! Richteg doséiert, kann dee géint Kriibs schützen! Falsch doséiert schléifs de an, an deemno wéi erweschs de net méi!

Am Mëttelalter sinn d’Leit iwweregens mat hirem Bobbo direkt bei de Kach vun der Buerg gaang. Deen huet sech am beschte mat Gewierzer a Kraider auskannt, an huet de Leit gehollef fir rëm gesond ze ginn - ouni ze riskéiere wéinst enger Iwwerdosis hops ze goen!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Casey Fleser

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR