FNR, Skin

Déi zweet Episod vun "Ziel mir keng!" geet ëm gendersensibel Sprooch.

Beim Gendere respektiv gendersensiibler Sprooch geet et jo drëms, d’Gläichbehandlung vun de Geschlechter zum Ausdrock ze bréngen. 

Fir eise Bäitrag hu mir ë. a. recherchéiert, ob Sprooch, oder méi konkreet Genderen, eist Denke beaflosst? A wat Vir- an Nodeeler vum Gendere sinn. 

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Mir hu fir dëse Skript vill Recherche gemaach, an de Skript vun enger Expertin an engem Expert iwwerliese gelooss (peer review). Dat sinn d‘Dr. Caroline Döhmer vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch an de Prof. Peter Gilles vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’Caroline Döhmer ass Sproochwëssenschaftlerin am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an Expertin fir Grammatik a Rechtschreiwung. Sie ass als Expertin a verschiddene Fachgremien täteg, ë.a. an engem zur gendersensiibler Sprooch. De Prof. Peter Gilles ass Professer fir Linguistik um Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Universitéit Lëtzebuerg. Als Linguist erfuerscht de Peter Gilles säit Joren d’Lëtzebuerger Sprooch (ë.a. Dialektologie, Phonetik/Phonologie, Morphologie, Sproochgeschicht, Variatiounslinguistik…). 

Mir schaffe grad un engem Artikel, deen nach méi an d’Déift geet, a wou een d’Source fënnt zu all den Aussoen an desem Artikel. Mir wäerten deen an den nächste Wochen op science.lu publizéieren.  

De Kontext 

„Museker, Kosmeetiker, Mecanicien“. U wien denkt der, wann der dës Beruffer héiert? U Männer, u Fraen, un net-binär Persounen?  

Déi meescht Leit denken hei éischter u Männer. Dat ass op alle Fall d’Resultat vun e puer Studien.  

Wouhier kënnt dat?  

Eng Erklärung si Rollebiller: bei Beruffer, déi traditionell vrun allem vu Männer ausgeüübt ginn, hu mer och éischter e Bild vun engem Mann am Kapp. 

Ma u wat denkt der, wann ech soen: „Kosmeetiker“? Och bei Beruffer, déi traditionell méi vu Fraen ausgeüübt ginn, hunn an de Studien déi meescht éischter u Männer geduecht. 

Eng Hypothees kéint sinn, dass dat um sougenannte „geneeresche Masculin“ läit. 

De geneeresche Masculin 

De geneeresche Masculin gëtt a villen europäesche Sprooche benotzt an ass eng grammatesch Form, wou mer e Masculin benotzen, ouni spezifesch op d‘Geschlecht anzegoen: mir mengen domadder theoreetesch souwuel Frae wéi Männer wéi net-binär Leit.  

Studie weisen awer: beim geneeresche Masculin entstinn an eisem Kapp éischter Biller vun engem Mann. D'Interpretatioun kann also spezifesch op Männer verstane ginn, och wann eigentlech ënnerschiddlech Geschlechter gemengt sinn. 

Méi generell ginn et och Studien déi weisen, dass eis Sprooch allgemeng en Afloss op eist Denken huet. 

Tëschefazit 1: Sprooch kann eist Denke beaflossen. A wann de geneeresche Masculin benotzt gëtt, denke mer éischter u Männer wéi u Fraen.  

Wat ass dorunner lo de Problem?  

Et geet hei ëm d’Theema Gläichstellung tëscht de Geschlechter.  

Wann d’Sprooch d’Männer iwwer- an d’Fraen ënnerrepresentéiert, ass dat eng Verzerrung vun der Realitéit a kéint eng männer-dominéiert Weltsiicht bestäerken.  

A wa Fraen oder net-binär Leit sech duerch d’Sprooch net ugeschwat fillen, kann dat och e Problem sinn.  

Huele mer als Beispill Beruffsannoncen: wa Beruffer just am geneeresche Masculin publizéiert ginn, fillen z. B. Frae sech net sou gutt ugeschwat. Soumatt ass den Zougang zu deene Beruffer fir Fraen opgrond vun der Sprooch erschwéiert.  


Geschlechter- oder gendersensiibel Sprooch kéint bei dëse Problemer hëllefen. Hei ginn et 3 Haapt-Formen: 

  1. D‘Béidnennung: Studentinnen a Studenten 
  2. D‘Kuerzform mat Sonderzeechen: Student*innen 
  3. D‘Ëmschreiwen: „Leit, déi studéieren“ 

D’Fro, déi sech lo stellt ass, ob Genderen da – wëssenschaftlech gesinn – iwwerhaapt eppes bréngt. 

Et ginn eng Rei Studien, déi weisen, dass, wa gegendert gëtt, dass dann och méi u Frae geduecht gëtt – a Frae sech besser ugeschwat a representéiert fillen.  

Genderen huet also en Effekt.  

Ma léist Genderen aleng lo de Problem vu mangelnder Gläichstellung tëscht de Geschlechter?  

Natierlech net.  

Ma déi, déi fir d’Genderen sinn, sinn der Meenung, dass et dozou bäidréit.  

Tëschefazit 2: Wa gegendert gëtt, gi Frae méi an eisem Denke mat abezunn. 

Bis elo kléngt et jo kloer: Et ass also evident, dass mer gendere sollten!  

Oder net? 

Et ginn och negativ Aspekter beim Genderen.  

Ee Problem ass z.B., dass Gendere bei munche Leit Irritatioun ausléist.  

An dat kéint de Géigendeel bewierke vun deem, wat gewollt wor: amplaz dass Oppenheet fir Gläichstellung geschaf gëtt, riskéiere Leit, sech nees méi ze verschléissen.  

Heizou konnte mer awer keng empiresch Donnéeën aus Studie fannen.  

Ma de gréisste Problem ass awer wuel, dass Genderen aktuell mat méi Opwand verbonnen ass.  

Sproochwandel 

Sproochwandel geschitt permanent, d'Sprooch passt sech och ëmmer nees gesellschaftleche Verännerungen un. An der Sprooch entstinn nei Weeër, fir eppes méi einfach oder méi däitlech ze formuléieren. Dat leeft dacks relativ onbewosst of um Niveau vun enger ganzer Sproochgemeinschaft.  

Beim Gendere wierkt dat awer iergendwéi ëmständlech: D’Sprooch gëtt méi schwéierfälleg – an et schéngt net vum selwen ze goen. 

Kritiker a Kritikerinnen soen, Gendere géif eis Sprooch verhonzen. An et wier en Zwang, näischt Fräiwëlleges. 

Déi, déi derfir sinn, argumentéieren, dass ee sech bei Sproochwandel oder neie Schreifweisen ëmmer muss mol fir d’éischt un eppes gewinnen. Iergendwann fënnt een et dann normal.  

Falls sech Gendere sollt duerchsetzen, wäert dat wahrscheinlech nach Joren daueren. An d’Sproochgemeinschaft misst sech op Normen eenegen, déi se praktesch a gutt ëmgesat kritt.  

A Schweden hunn se z. B. viru ronn 10 Joer en gender-neutraalt Pronomen agefouert. Nieft männlech oder weiblech „hien“ oder „hatt“ respektiv „si“ op lëtzebuergesch, bezeechent am Schwedeschen d’Pronomen „Hen“ all d’Geschlechter – a gëtt mat der Zäit ëmmer besser acceptéiert.  

Schlussfazit: Jo, Gendere bewierkt tatsächlech, dass Fraen duerch d’Sprooch méi siichtbar ginn. Ma ob eng Form wäert fonnt ginn, déi vun der Sproochgemeinschaft acceptéiert gëtt, kann d’Wëssenschaft zurzäit na net beäntwerten.  

Auteur: Jean-Paul Bertemes 
Peer-Review: Dr. Caroline Döhmer, Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch; Prof. Peter Gilles, Professor fir Linguistik op der Universitéit Lëtzebuerg; 
Fact check: Jochen Tempelmann (Scitec Media) 
Editeuren: Michèle Weber, Joseph Rodesch, Linda Wampach, Melanie Reuter (FNR) 

 

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by science.lu (@science_lu)

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR