Adobe Stock

Geschwënn ass Vakanz! An do ass bestëmmt deen een oder aneren deen an d’Bierger fiert. Ech freeë mech esou op d'Skivakanz mat Frënn. Wann et mir nëmmen net géif sou schlecht ginn als Bäifuerer...  Wann ech selwer fueren, hunn ech nie déi Problemer. Firwat ass dat sou Mister Science? 

De Phänomen gëtt Kinetose genannt, dat ass d’Beweegungskrankheet. Dat geschitt wann eis Sënner widderspréchlech Signaler un d'Gehier schécken. Wa mir zum Beispill e Buch oder op en Handy wärend der Faart an engem Auto kucken, soen eis Aen: "Mir stinn nach ëmmer." Mee d’Knubbelen an der Strooss oder e séiert fueren duerch d’ Kéieren huet en Effekt op Sensoren, déi an eisem banneschten Ouer, an de Muskelen an an de Gelenker sinn. Si reagéieren op mechanesch Kräften - wéi d’Beschleunegung, a soen: "Mir beweegen eis." Dat mécht eist Gehier duercherneen. D'Resultat: mir gi bleech, eis gëtt schwindeleg, an am Extremfall muss een sech iwwerginn. Wa mir selwer fueren, gesäit et e bëssen anescht aus. Well da sinn eis Aen ëmmer op der Strooss. Si gesinn datt mir eis beweegen, an d'Signaler passe mat deene vun eise Sensoren am banneschten Ouer, Muskelen a Gelenker openeen. 

Elo gëtt et awer net all Bäifuerer schlecht, weess ee wourun dat hänkt? 

Tatsächlech kann et jidderengem iergendwann a sengem Liewe geschéien. Den Alter schéngt hei eng Roll ze spillen. Kanner bis ongeféier zwee Joer schéngen zimmlech onsensibel ze sinn. Tëscht zwee an zwielef geet d'Sensibilitéit fir d’Bewegungskrankheet staark erop. Duerno vergeet dat bei deenen meeschten erëm. Awer net bei jidderengem. Fraen hu méi dacks mam Problem ze kämpfe wéi Männer. De gréissten Impakt huet awer dat wat mir eise Sënner wärend dem Fueren ubidden. Een Extrem wier et, direkt iwwert der hënneschter Achs vum ale Schoulbus op enger knubbeleger Strooss ze fueren, a nieft dem Liese vun engem Buch och nach de Geroch vun Ofgasen anzeootmen. Extrem Richtungsännerungen a Kombinatioun mat schlechte Geroch a monotoner Aenaarbecht si bal Garant dofir datt et dir schlecht gëtt. Séikrankheet op Schëffer a Loftkrankheet a Fligeren hunn iwwregens déi selwecht Origine. 

Geet dat dann och ëmgedréint? Also z.B. wann ee krass Beweegung mat den Ae gesäit, mee eis Sensoren näischt spieren? 

Jo dat nennt een dann Astronautekrankheet: An der Schwerelosegkeet spieren d’Sensoren am Bannenouer keng Beweegung mee d’Aen gesinn se awer. D’Gehier huet rëm widderspréchlech Informatiounen an da gëtt et engem schlecht. Relativ nei, a méi buedemstänneg ass d'VR Krankheet. VR steet fir virtuell Realitéit an et sinn ëmmer méi Leit, déi dës speziell Casquen iwwer d’Aen zéie fir an aner Welten anzetauchen. A munch Spiller hunn duerno Problemer mat Iwwelzegkeet oder Kappwéi. An dat schléit Wellen: Zum Beispill muss Microsoft seng VR Brëller fir den US Militär iwwerschaffen an den erwaarte virtuell reality Hype an der Gesellschaft, op dee vill Leit haten, schéngt net anzetrieden. Iwwelzegkeet ass net grad eng gutt Reklamm fir eng Erfarung a virtuelle Welten. Natierlech hänkt et och hei dovunner of wat ee mécht. D'Wëssenschaft ass awer elo ëm sou méi gefuerdert, muss d'Ursaache méi präzis ënnersichen a Léisunge fannen. A genee dofir bleift d'Fuerschung spannend.

Wann et erëm méi laang dauert 

 

Wann et engem beim Autofuere schlecht gëtt, gesäit ee meeschtens awer eng Luucht um Enn vum Tunnel. Mir si jo an der Reegel net méi wéi e puer Stonnen ouni Paus ënnerwee, a no engem Dag oder zwee op eis Destinatioun ukomm. 

D'Situatioun ass natierlech anescht mat enger Rees iwwert d’Mier. Kinetose gëtt hei bequeem Seekrankheet genannt, mee déi huet et an sech. Datt ee bleech am Gesiicht oder midd gëtt an dat komescht Gefill am Mo, kenne sensibel Leit scho vum Auto. Wann dësen Zoustand awer laang undauert, kënnen d’Symptomer méi staark ginn. De Kierper produzéiert Stresshormoner an de kale Schweess kënnt op d’Stier. Dacks iwwergëtt een sech sou heefeg datt näischt méi am Mo ass – a souguer nach e bësse weider. Doduerch verléiere mer Flëssegkeet a mir riskéieren ze deshydratéieren. An dat schléit och op d’Gemitt. Wann et ee richteg schwéier erwëscht kann ee souguer suizidär Gedanken entwéckelen. Glécklecherweis kann een deem entgéint wierken, z.B. andeem ee mat moderne Schëffer reest, eng gutt Kabinn wielt, an sech am Noutfall gutt behandele léisst. An u Land verschwannen d'Symptomer meeschtens no e puer Deeg. 

Iwwregens: Et gëtt och e Pendant zur der Séikrankheet – d’Landkrankheet. Hei ass et de Mangel u Geschaukels, deen de Kierper iwwer vill Deeg um Mier gewinnt war, deen zu Iwwelzegkeet féiere kann. 

Wat kann ee maache wann et engem schlecht am Auto gëtt? 

 

Wann ee weess datt et engem dacks schlecht am Auto oder am Bus gëtt, da soll een sech am beschte Vir sëtzen an duerch d’Fënster kucken. Et ass am beschte fir e fixe Punkt um Horizont ze fixéieren. De Kanner kann een hëllefen andeems een déi bekannten Autofuerer Spiller spillt: “Ech gesinn eppes wats du net gesäis” - zum Beispill. Wann et nach agreabel am Auto richt - well een op d’fëmme verzicht – dann hëlleft dat direkt op méi Manéieren. Wann ee besonnesch sensibel ass, kann een e Stéck Ingwer probéieren. Et soll hëllefen e klengt Stéck vun der schaarfer Wuerzel ze knätschen. A fir déi wierklech haart Fäll ginn et Medikamenter. Awer si bekämpfen awer nëmmen d'Symptomer wéi de Reiz sech ze iwwerginn. 

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR