© Shotshop

Bei Politikdiskussioune kann et séier zu Sträit kommen.

D’Gemengewale sti virun der Dir, wouduerch a villen Haushälter oder ënner Kollegen am Restaurant iwwer Politik debattéiert gëtt. Elo héieren ech datt een, enger aler Reegel no, dat net maache soll... Wisou eigentlech, Mr Science?

Ech kann dech direkt berouegen – et gëtt keng wëssenschaftlech Reegel déi verbitt fir iwwer Politik bei Iessen zu schwätzen. Ma de Grond firwat déi Reegel awer Sënn mécht, ass wëll d’Leit sech dacks net eens sinn. Bei Politikdiskussioune kann et nämlech séier zu Sträit kommen... A Sträit ass fir de Kierper eng Stresssituatioun.

A Stress ass net net gutt fir z’iessen!?

Genee- A Stresssituatiounen ass d’Gehir an Alarmbereetschaft a regléiert de ganze Kierper anescht wéi an enger entspaanter Situatioun. Mir gi bei Stress z.B. méi wakereg duerch zousätzlechen Dopamin, mee aner Kierperfunktioune wéi d’Verdauung gi bei Stress zréckgeschrauft. Während dem Iessen ass dat net sou gutt, a kann zu Bauchwéi féieren... En Iesse fir dat sech e Kach richteg Méi ginn huet, soll ee genéisse kënnen!

Iwwer wat soll een dann idealerweis nach net schwätze während dem Iessen?

Eekeleg Krankheeten oder bluddeg Operatioune sinn natierlech och net jiddwerenger senges fir beim Iessen, well hei munch engem d‘Fantasie mat duerchgeet.

Wéi gesäit dann dat optimaalt Dëschgespréich aus?

De berühmte Philosoph Immanuel Kant huet sech doriwwer Gedanke gemaach, wéi en optimaalt Dëschgespréisch soll opgebaut sinn. Hien huet gemengt et misst aus 3 Phase bestoen: Fir d’éischt d’Verzielen, dann den Austausch vun den Argumenter an als Ofschloss d’Gecksen. Mee bon, wann ech mech dorop konzentréieren da kann ech d’Iessen och net richteg genéissen...

Auteur: scienceRELATIONS, Joseph Rodesch
Iwwersetzung a Editioun: Joseph Rodesch

Auch interessant

11. und 12. November 2023 Science Festival: Ein Wochenende zum Experimentieren und Staunen

Ein Erlebnis für die ganze Familie: Das größte Fest der Wissenschaften in Luxemburg findet vom 9. bis 12. November in Lu...

MNHN , FNR
Science Writing Competition 2021 Entdecke die Gewinner des Schreibwettbewerbs „Research is Everywhere“

Klettern wie Spiderman, Milben in unserer Haut, Luftverschmutzung, und die Beziehung zwischen Wissenschaft, Forschung un...

Gewinner des nationalen Jonk Fuerscher Wettbewerbs Wissenschaftsjournalismus für Jugendliche

Théophile De Moncuit entwickelt ein wissenschaftliches Medium namens Kidado Sciences. Hier widmet sich der 12-Jährige ei...

Auch in dieser Rubrik

Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR