Alkohol

shotshop.com

Mécht Nikotin d'Loscht op Alkohol méi grouss?

Dës Fro hu sech net just Partyfrënn gestallt, mee och Wëssenschaftler. Si konnten a Studien des Beobachtung aus dem Alldag bestätegen, datt Alkoholkonsum a Fëmmen oft Hand an Hand ginn. Ausserdeem fëmme vill Alkoholiker och gläichzäiteg reegelméisseg.

Firwat dat sou ass, dofir hu se awer keen endgültege Beweis. Mee si verdächtege verschidden Ursaachen: virop de Verloscht vun der Kontroll duerch den Alkohol. Duerch Alkoholkonsum ass ee manner gehemmt a sou léisst een sech vläicht méi liicht zu onraisonnabelem Verhale verféieren. Doriwwer eraus verstäerke sech Alkohol an Zigarette géigesäiteg an hirer opheiterender Wierkung op eis Stëmmung. Ausserdem wëssen d'Wëssenschaftler, datt Nikotin stimuléierend wierkt a sou déi aschléiferend Wierkung vum Alkohol e bëssen ophieft. All des Facteuren dreiwe warscheinlech d'Loscht op d'Zigarette beim Alkoholkonsum.

Mee kéint et dann net och ëmgekéiert sinn, datt Zigaretten den Ausléiser fir den Alkoholkonsum sinn?

Wëssenschaftler konnten tatsächlech beweisen, datt Nikotin d'Loscht op Alkohol méi grouss mécht, awer och den Alkohol d'Verlaangen no Zigaretten - woubäi hei d'Studielag nach net ganz kloer ass. Awer et muss en dozou soen, datt des Studien ëmmer mat relativ wéineg Leit duerchgefouert goufen. Ausserdeem si realistesch Partysituatiounen am Labo nëmme schwéier nozestellen. Well d'Studiebedingunge solle genau kontrolléiert sinn, fir datt d'Resultater gemooss kënne ginn.

Party-Studien

Bei enger vun de Studie-Partyen hunn d'Participanten ëmmer genau missten all 10 Minutten eng Quantitéit vun engem alkoholesche Gedrénks drénken, déi fir hiert Gewiicht a Geschlecht festgeluecht gouf. Si souzen dobäi eleng an engem Raum a goufe vun enger Kamera beobacht. Op Kommando vun engem Tounsignal sollte si dann eng Zigarett an d'Hand huelen an ufänken, awer net un hier zéien. Dobäi hu si missten uginn, wéi staark hiert Verlaangen no Fëmmen ass. D'Wëssenschaftler hunn nom Versuch och nach d'Gesiichtsausdréck vun de Participanten an de Videoopzeechnungen analyséiert.

Kléngt méi no Aarbecht wéi no entspaantem Feieren...awer firwat maache Wëssenschaftler iwwerhaapt sou Versich?

Ech wëll lo kee Spillverdierwer si mee Alkohol an Zigarette si streng geholl Drogen, déi grondsätzlech net gutt fir d'Gesondheet sinn. Fir Leit mat extremem Konsumverhalen ass et jo och wichteg, wierkungsvoll Therapie fir den Alkohol- oder Nikotinentzug ze entwéckelen. Bis elo huet een sech dobäi meeschtens just op eng vun deenen zwou Ofhängegkeete konzentréiert. Wa mir awer besser verstoen, wéi sech déi zwou Droge géigesäiteg an hirer Suchtwierkung beaflossen, kënnen d'Therapien hoffentlech verbessert ginn. Dofir ass sou Fuerschung wichteg a spannend, och wann se op den éischte Bléck vläicht e bësse skurril eriwwerkënnt.

Sou wierkt Alkohol am Gehier

Alkohol geet mat Liichtegkeet duerch d'Blutt-Gehier-Barrière a suergt am Gehier fir décken Duercherneen: e beaflosst verschidden Neurotransmitter an aner wichteg Moleküllen, déi fir d'Verschaffe vu Signaler vun de Gehierzelle wichteg sinn. Wéi eng Gehierfunktiounen duerch Alkohol wéi verännert ginn, ass awer an de meeschte Fäll nach ëmmer net genau gekläert. Et weess een awer, datt scho kleng Quantitéiten Alkohol d'Perceptioun veränneren. Et fillt een sech schnell beschwipst, d'Heefegkeet vun Accidenter klëmmt zum Beispill. Ausserdeem beaflosst Alkohol och de Belounungssystem an eisem Gehier: agreabel an euphoresch Gefiller maache sech breet. Verschidde Leit gi bei méi grousse Quantitéiten Alkohol awer och aggressiv.

Sou wierkt Nikotin am Gehier

Genau wéi Alkohol kënnt Nikotin och séier an d'Gehier a suergt dofir datt Botestoffer an Hormoner am Gehier fräigesat ginn, déi stimuléierend wierken. De Bluttdrock geet an d'Luucht an d'Häerz schléit méi séier. Ausserdeem klëmmt de Bluttzockerspiggel, wouduerch d'Hongergefill erofgeet. Héich Dosen Nikotin wierken awer berouegend. Dat erkläert, firwat vill Fëmmerten Zigarette brauchen, fir ze entspaanen. Well Nikotin séier ofgebaut gëtt, musse si sech ëmmer erëm eng Zigarett ufänken, fir hiren Nikotinlevel ze halen. Genau wéi Alkohol wierkt och Nikotin op de Belounungssystem vum Gehier. Sai staarkt Suchtpotenzial berout zum groussen Deel op dësem Effekt.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR