19ten August 2005: d'Pharmaindustrie gëtt zu enormem Schuedenersaz verdonnert.

D’Firma Merck&Co muss enger Witfra iwwer 250 Millioune Schuedenersaz bezuelen. Hire Mann war un engem Häerzinfarkt gestuerwen, enger Niewewierkung vum Medikament Vioxx. Am Ganzen hunn iwwer 160 000 Leit duerch dat Medikament en Häerzinfarkt oder Hireschlag kritt, 55 000 dovu si gestuerwen.

Vioxx ass bei wäitem net dat eenzegt Medikament wat duerch esou Problemer muss vum Maart gezu ginn. Fir esou Problemer ze vermeiden, schaffen d’Fuerscher un der Entwécklung vu mathematesche Modeller. Domat kanns de an der Theorie genee kucke wat d’Medikament an dengem Kierper mécht, wou et higeet a wou et reagéiert.

Mee just an der Theorie….

Dofir schaffe se jo nach drun! Mee verschidde Modeller kommen der Realitéit scho ganz no a ginn och scho benotzt.

Ass dat dann déi berühmte personaliséiert Medezin?

Et geet an déi Richtung. D’Iddi ass natierlech dass deng Modeller iergendwann esou präzis sinn dass de engem Patient säi Krankebild kanns aginn. De Modell weist der da wéi’s de Medikament solls benotze fir d’Wierkung ze maximiséieren an d’Niewewierkungen ze minimiséieren.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Outdoorkleedung Kann eng dënn Jackett geneesou waarm halen ewéi eng déck?

Eng dënn Funktiounsjackett ka geneesou waarm halen ewéi en décke Parka. Mir erklären, mat wat fir engen techneschen Tricker bei Material, Passform a Wandschutz dat geléngt.

FNR
Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR