shotshop.com

Bei Vollmound huet een dacks d'Gefill, datt ee méi schlecht schléift. Mee ass et wëssenschaftlech bewisen, dass de Mound eise Schlof beaflosst, Mister Science?

Do sinn d’Meenunge gedeelt. Dass de Mound tatsächlech eise Schlof beaflosst, wëlle Schwäizer Chronobiologen 2013 an enger Studie erausfonnt hunn. Allerdéngs hu si fir hir Ënnersichunge just 33 Probanden an de Schloflabo invitéiert. Bei Vollmound waren deenen hir Gehierstréim signifikant anescht ewéi bei anere Moundphasen. An d’Probanden hunn an dëser Zäit och manner geschlof – an och méi schlecht, esou hire subjektiven Androck – ewéi an aneren Nuechten.

Infobox

Eng Prophezeiung, déi sech selwer erfëllt

Beim leschte Vollmound huet ee schlecht geschlof. Dat geschitt beim nächste Vollmound bestëmmt erëm. An Zack geschitt et. Dat nennt een eng "self-fulfilling prophecy" - eng Prophezeiung, déi sech selwer erfëllt. Mir rieden eis eppes an an eleng doduerch gëtt et scho reell. Dat geschitt, well mir eis Verhale bewosst oder onbewosst esou upassen, datt eis Erwaardung antrëtt. Dat funktionéiert net nëmme beim Mound. De Placebo-Effekt, deen ee bei Medikamenter observéiert, déi keng Wierkung hunn, ass esou eng Prophezeiung, déi sech selwer erfëllt. Wa mir fest dru gleewen, datt et wierkt, da wiert et ënner Ëmstänn tatsächlech. D'Angscht, bei engem Test oder Examen ze versoen, gehéiert och an des Kategorie. Genee wéi déi Saach mat den Horoskoper.

Wann een also erwaart, bei Vollmound méi schlecht ze schlofen, ass d'Warscheinlechkeet méi héich, datt dat och antrëtt.

 

 

 

 

E Joer méi spéit dogéint huet e Grupp Fuerscher vum Münchener Max-Planck-Institut fir Psychiatrie keen Afloss vum Mound op eise Schlof fonnt. Heifir gouf de Schlof vun 1.265 Probande wärend 2.097 Nuechten analyséiert. Ouni signifikant Zesummenhäng ze fannen. Änlech Experimenter hu kanadesch Fuerscher 2016 mat bal 6.000 Kanner duerchgeféiert. Wat d’Schlofdauer bei Vollmound ugeet, goufen och hei héchstens minimal an – vun engem klinesche Standpunkt – onbedeitend Ënnerscheeder festgestallt.

Also schéngt de Mound awer keen Afloss op eise Schlof ze hunn?

Ganz esou einfach ass et net, well bei de Studien am Schloflabo gouf de Mound als Liichtquell bewosst ausgeblent. Dës kéint awer déi ënnerschiddlech Schloflängt, déi bei deenen anere Studien erauskomm ass, beaflosst hunn – quitte datt de festgestallten Ënnerscheed immens kleng war. Well e prächtege Vollmound um stärekloren Nuetshimmel ass déi zweetstäerkst natierlech Liichtquell no der Sonn. A Liicht beaflosst, wéi staark eise Kierper d’„Schlofhormon“ Melatonin ausschëtt.

Dann huet de Mound déi selwecht Wierkung op de Schlof ewéi meng Steeluucht um Nuetsdësch?

D’Studien, déi bis elo gemaach goufen, loossen dorop schléissen. Viru Kuerzem huet allerdéngs eng weider Studie genee de Géigendeel erausfonnt an domat nei Munitioun fir d’Fuerschung geliwwert. Wëssenschaftler vun der amerikanescher University of Washington hunn hire Probande Miessbraceleten ugedoen, déi hire Schlof wärend zwee Moundzyklen iwwerwaacht hunn.

Dat Interessant un der Studie: Fir dräi Probandegruppen haten d’Wëssenschaftler jeeweils 20–26 Persounen aus engem argentineschen Naturvollek rekrutéiert. Ee Grupp hat kee Stroum, een anere just zäitweis an deen drëtten huet an enger Stad gelieft. E véierte Propandegrupp huet aus 467 Studenten aus der Groussstad Seattle bestanen. Bei jiddwerengem vun de véier Gruppe gouf e periodesche Schlofrhythmus festgestallt. E puer Deeg virum Vollmound ass d’Schlofdauer miessbar erofgaangen: zirka 20 Minutte bis annerhallef Stonn manner ewéi bei Neimound. D’Kurve vun de véier Gruppe ware bei ville Punkten opfälleg änlech – och wann déi vill Luuchten an enger Groussstad dem Vollmound scho laang Konkurrenz maachen.

Ob dës Studie mat relativ wéineg Probanden an den eenzelne Gruppen tatsächlech e Richtungswiessel an der Fro no dem Afloss vum Mound op eise Schlof bréngt a wat an dësem Fall wuel déi genee Grënn wieren, dat wäert d’Zäit nach weisen. A grad dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Effektiv e spannend Thema, zu deem et nach vill ze soe gëtt. Am Artikel hei ënnendrënner analyséiere mir weider Hypothesen méi am Detail:

Deen immens helle Fleck, deen an der Nuecht um Himmel steet, ass schonn eppes Besonnesches. Well vun de banneschte Planéiten – Merkur, Venus, Äerd, Mars – huet just eise Planéit e „Partner“, deen d’Bezeechnung „Mound“ verdéngt. (Déi zwee kleng Stäre Phobos an Deimos, déi de Mars ëmkreesen, erënneren dogéint éischter un agefaangen Asteroiden ewéi un e Mound.) Eise Mound ass am Verglach zu „sengem“ Planéit wierklech grouss: D’Luna huet bal e Véierel vun der Äerd hirem Duerchmiesser. An huet dowéinst e groussen Afloss op de Planéit, esoudass Astronomen tatsächlech dacks vum Äerd-Mound-System schwätzen. Well duerch hire gemeinsamen Danz deen ee ronderëm deen aneren a ronderëm d’Sonn ännert sech d’Wierkung vun der Schwéierkraaft periodesch. Dëst zitt d’Äerd rhythmesch auserneen an nees zesummen. Doduerch entstinn d’Gezeite mat Ebbe a Flut. Dëse Rhythmus bestëmmt d’Liewen an a bei den Ozeaner. Mee och de Stand vum Mound um Himmel huet en Afloss op eng Rei Liewewiesen. Fir munch Nuetsfalteren ass en déi kosmesch Täscheluucht, déi zu engem Rendezvous mat enger Partnerin féiert. An eng Partie Zuchvigel fléie méi oder manner héich, jee nodeem wéi eng Moundphas grad ass. Mee egal ob Insekten, Vigel oder Mënschen – ouni de Mound wiere mir vläicht guer net entstanen. Well d’Äerd dréint sech jo bekanntlech ewéi en Dillendapp ronderëm sech selwer. Heibäi bleift d’Schréi vun der Äerdachs awer net konstant ëmmer d’selwecht. Dat nennt ee Präzessioun. Wat dës Ännerung méi grouss ass, wat d’klimatesch Bedéngungen op engem Planéit méi gravéierend wiesselen. De Mound stabiliséiert d’Äerdachs, esoudass d’Ëmweltbedéngunge bei eis iwwer laang genuch Zäitraim stabel bleiwen. Fir d’Entwécklung vu Liewen, esou d’Fuerscher, kéint dëst duerchaus e wichtege Faktor gewiescht sinn.

Et soll méi haart sinn ewéi gewéinlecht Holz. Méi stabil an och méi zéi. Et soll Feier besser trotzen, sech beim Dréchne manner zesummenzéien an ënner fiichte Bedéngunge manner staark quëllen. Och Schädlinge sollen et manner futti maachen. Dat alles gëtt Moundholz zumindest nogesot. An nee, et staamt net vun eisem Äerdtrabant, mee gëtt am Aklang mat dem astrologesche Moundkalenner gehaen. An vill Clientë si bereet, fir dëst Holz quasi en Drëttel méi ze bezuelen ewéi fir normaalt Holz. Bis elo konnten dës Behaaptungen awer net mat wëssenschaftleche Methoden allgemeng a reproduzéierbar bewise ginn. Schonn eng Studie aus dem fréien 18. Joerhonnert konnt se net wierklech ënnermaueren. Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf a grouss ugeluechten Experimenter festgestallt: Et gëtt warscheinlech keen Zesummenhang tëschent der Haltbarkeet vum Holz a vun der Moundphas vu senger Recolte. An och d’Technesch Universitéit Dresden koum um Ufank vum neie Joerdausend zu der Conclusioun: Moundholz ass eng Marketingmasch a léisst sech wëssenschaftlech net beleeën.

Anescht ewéi d’Sonn, déi Dag fir Dag a vollem Glanz um Himmel steet, verfollegt de Mound e bestëmmte Rhythmus a gesäit ëmmer anescht aus. Perfekt, fir sech dodrun ze orientéieren a seng Zäit dono anzedeelen – hu sech wuel ganz vill vun eise Virfare geduecht. An esou sinn am Laf vun der Geschicht vill Kalennersystemer entstanen, déi sech ausschliisslech oder zumindest deelweis no dem Mound riichten. Lunarkalenneren nennt ee Kalenneren, bei deene just de Mound zielt. Se si warscheinlech déi eelste Form, fir d’Joer systematesch an Abschnitter anzedeelen. E Mount fänkt dann un, wann dat éischt Liicht vum neie Mound um Himmel opdaucht. Neiliicht nennt een dat. Zwielef Méint sinn dann e Joer. Well e Moundzyklus – astronomesch och als Lunatioun bezeechent – am Duerchschnëtt 29 Deeg, 12 Stonnen an 43 Minutte laang ass, feelen dem Moundjoer zirka eelef Deel bis d’Sonnejoer. Haut spille Moundkalennere virun allem bei reliéise Fester eng Roll. Am Islam ass de Faaschtemount Ramadan enk mat dem Moundkalenner verknëppt. D’hinduistescht Luuchtefest Diwali fënnt no dem Moundkalenner statt. A beim chineesesche Moundfest léisst schonn den Numm erkennen, dass de chineesesche Moundkalenner hei eng grouss Roll spillt.

Fir munch Kulture war de mythesche Mound weiblech. D’Gottheet, déi hie representéiert huet, hu si Nanna, Selene oder Luna genannt. Aner Kulturen dogéint hu männlech Zich gesinn an hir Moundgottheete Mani, Thot oder Tecciztecatl genannt. Mee egal ob männlech oder weiblech – veréiert gouf eisen himmlesche Komerod quasi an all Period vun der Mënschheetsgeschicht. Dacks gouf et en enken Zesummenhang tëschent dem Mound- an dem Sonnegott. An der nordescher Mythologie waren de Moundgott Mani an d’Sonnegëttin Sol Geschwëster. Bei den Azteken hunn den Tecciztecatl an den Nanahuatzin drëms gekämpft, wien d’Äerd beliichten dierft. Den Nanahuatzin huet gewonnen a gouf de Sonnegott. Fir den Tecciztecatl ass just d’Nuecht iwwereg bliwwen. Dacks goufen Himmelserscheinungen ewéi dMoundphasen oder Däischterten a Geschichte ronderëm d’Gottheet verflecht. Esou war et beispillsweis e béisen Dämon, dee sech Nuecht fir Nuecht um alägyptesche Moundgott Thot giedlech gedoen an hie reegelrecht Stéck fir Stéck verschlongen huet. An dat huet sech all Mount op en Neits widderholl.

 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Dr Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch interessant

Mound tëscht Äerd a Sonn Partiell Sonnefinsternis vum 10. Juni 2021 zu Lëtzebuerg

En Donneschdeg, den 10. Juni 2021 ass eng partiell Sonnenfinsternis zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt ...

FNR
Weltraum Exploratioun Wéi kënnen sech Rover op friemen Himmelskierperen orientéieren?

Am Februar ass de Mars Rover Perseverance um Mars gelant. Um Mars oder um Mound gëtt et jo kee GPS. Ma wéi fënnt iwwerha...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR