RTL, FNR

Am Mr Science sengem Reportage stëbst et uerdentlech.

Renge Stëbs an der Loft, deen ënner 10 Mikrometer (een Honnertstel Millimeter) grouss ass, gëllt als Responsabel fir iwwer 4,5 Millioune Stierffäll op der Welt. Dëst, well renge Stëbs laanscht all Schutzmechanisme vun eisem Kierper bis an d’Longe kann erakommen. Déi ganz reng Stëbspartikel komme vun do aus weider bis an eist Blutt, wou et zu Entzündunge komme kann. Renge Stëbs ass dohier net nëmme verantwortlech fir Longekrankheete mee och fir Häerzerkrankungen.

Am Mr Science sengem Reportage stëbst et uerdentlech. Nieft de verschiddene Sourcë vu rengem Stëbs weist hien och wat een dogéint kéint maachen, a wéi ee Plaze mat besonnesch propperer Loft erkenne kann.

Photo Smog: Luxemburger Wort – Guy Jallay
Merci’en: Pins Asbl, Jan Bidinger
Produktioun: RTL
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Diffusiounsdatum: 11/11/18

Auch in dieser Rubrik

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR