Teig

Pixabay (Ales Krivec)

Kritt ee Bauchwéi well den Deeg am Mo weider opgeet?

Eltere warnen hir Kanner gäer, datt se net zevill réien Deeg iesse sollen: et géif een dovu Bauchwéi kréien, well den Deeg am Mo weider opgeet. Mr Science, stëmmt dat?

Wann ee vill réien Deeg ësst, kann dat zu Bauchwéi féieren. Ob dat awer dann un där grousser Bull Deeg am Bauch läit oder dodrun, dass d'Hief oder d‘Bakpolver am Mo weider opgeet, dozou hunn ech leider keng wëssenschaftlech Studië fonnt - zumindest net wat Mënsche betrëfft.

Fir Hënn schéngt et awer vill méi geféierlech ze sinn, well si méi kleng si wéi mir. Wann een net oppasst, an den Hond frupst déi ganz Deegschossel eidel, soll ee mat hinne séier bei de Véidokter goen. Well wann den Deeg an hirem Mo weider opgeet, kann e räissen oder et gi wichteg Oderen ofgeklemmt.

Déi méi grouss Gefor geet awer vun Alkohol aus, dee bei der Gärung vun engem Hiefdeeg entsteet: dee kann eng geféierlech Alkoholvergëftung verursaachen. A wann et sech em Salzdeeg handelt, kënnen Hënn un enger Salzvergëftung stierwen.

Doraus kann ee folgend Conclusioun zéien: virun allem bei klenge Kanner sollt een oppassen, datt si sech net mat réiem Deeg vollstoppen.

Awer e bëssen Deeg naschelen ass awer kee Problem?

Ouni elo wëllen ze dramatiséieren – ginn et awer och aner Grënn déi dozou féieren dass ee Bauchwéi oder Duerchfall kritt, oder sech iwwergi muss. Wann am Deeg réi Eeër dra sinn an déi mat Salmonelle kontaminéiert sinn, kënne mir eis mat deenen infizéieren. Fir Kanner ënner 5 Joer, al oder krank Leit kann dat zu engem grave Problem ginn.

Eng zweet, awer vill méi rar Geforequell, si Bakterien am Miel. Si kënnen zum Beispill aus den Exkrementer vun Déiere stamen, déi sech am Kärefeld opgehalen hunn.

An eng drëtt Gefor geet vu Mielwierm aus, déi vun engem Bandwuerm befall kënne sinn, dee sech et an eisem Daarm gemittlech maache kéint. Well Miel hautzedaags awer industriell an ënner strenge Reegele vun der Hygiène hiergestallt a gelagert gëtt, komme Mielwierm anescht wéi fréier sou gutt wéi ni dra vir.

Cookie Dough - réien Deeg am Trend

Cookie Dough ass e Liewensmëttel-Trend, deen aus Amerika kënnt. Et ass näischt aneschtes wéi réien Deeg, deen zum Beispill wéi Glace am Cornet oder am Becher zerwéiert gëtt. Wann am "Cookie Dough" réi Eeër dra sinn, sollten si genau wéi d’Miel sou laang erhëtzt ginn, datt geféierlech Bakterien ofstierwen. Bei „Cookie Dough“ muss ee besonnesch op virbildlech Hygiène oppassen, well e vun der Produktioun bis zur Consommatioun gutt Konditioune fir de Wuesstem vu Bakterie bitt.

Den Daarm als Alkohol-Gärfaas

Ëmmer erëm liest een an der medezinescher Fachliteratur vu rare Fäll, bei deenen sech am Daarm vu Patienten Hief, wéi déi aus Hiefdeeg, oder anere Mikroorganisme breet gemaach hunn, déi zockerhalteg Liewensmëttel zu Alkohol fermentéieren. Des Leit sinn dann oft voll, ouni ze wësse firwat. Meeschtens hu si e laange Leidenswee hannert sech, éier d'Ursaach fir hiren Dauer-Alkoholpeegel entdeckt gëtt. Dacks gi si fir d'éischt emol verdächtegt, heemlech ze drénken.

Fir sech vun deene lästege Mikroorganismen, déi Alkohol produzéieren, ze befreie kréie si Medikamenter géint Bakterien oder Pilzen a mussen eng Zäit laang e strikte Régime anhalen, bei deem si op Liewensmëttel mat vill Zocker oder Kuelenhydrater verzichte mussen.

Bei gesonde Leit besteet des Gefor vum sougenannten "Eigenbrauer-Syndrom" awer net. Hief oder Mikroorganismen, déi Alkohol produzéieren hunn nëmme bei Leit eng Chance, deenen hir Daarmflora duerch laang Behandlung mat Antibiotique oder laangwiereg Daarm- oder soss Erkrankunge virgeschiedegt sinn.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR