(C) Shotshop

D’Méisproochegkeet ass eng Aart Gehirtraining, dëst och nach am Alter.

D’Gehir ass en „plastescht“ Organ, dat heescht, datt et sech duerch de Gebrauch verännere kann. Obwuel dat beim Erwuessenen net méi grad sou liicht geet wéi bei engem klenge Kand, behält d’Gehir iwwert d’ganzt Liewen eng gewësse „Plastizitéit“. Wat kanadesch a lëtzebuergesch Studie weisen, ass, datt och erwuesse Leit, déi méi wéi eng Sprooch an hirem Ëmfeld benotzen, wichteg Virdeeler an den Exekutivfunktiounen hunn.

Wat sinn d’Exekutivfunktiounen?

D’Exekutivfunktiounen sinn eng Aart Kommandosystem am Gehir, dat eis hëlleft, eist Verhalen an Denken zilgerecht ze steieren. D’Gehir brauch d’Exekutivfunktiounen, fir kënnen op dat opzepassen, wat relevant ass - an onwichteg Informatiounen auszeblenden, fir esou nei Problemer kënne schnell an effizient ze léisen. An der Schoul hëllefen d’Exekutivfunktiounen, fir gutt ze léieren. Kanner mat sougenannten „spezifesche Léier-schwieregkeeten“ hunn dacks Problemer mat hiren Exekutivfunktiounen. Besonnesch bei Kanner mat engem Opmierksamkeetsdefizit / enger Hyperaktivitéitstéierung (ADHS) schaffen d’Exekutivfunktiounen net sou gutt wéi bei Kanner ouni dës Stéierung. Dëst féiert derzou, datt sech dës Kanner kënnen impulsiv behuelen an sech nëmme schwéier konzentréiert kréien, well de „Filter“ am Gehir, deen déi relevant vun den onwichtege Saachen trennt, net richteg funktionéiert.

Méisproochegkeet an Alzheimer

Ganz nei Etudë weisen, datt sech déi klinesch Symptomer vun Alzheimer bei méisproochege Leit am Duerchschnëtt véier bis fënnef Joer méi spéit weise wéi bei Leit, déi nëmmen eng Sprooch benotzen. Et gëtt dervun ausgaang, datt d’Gehir duerch den „Training“, deen et duerch d’Méisproochegkeet kritt, eng „kognitiv Reserve“ an den Exekutivfunktiounen opbaut. Op déi kënne méisproocheg Leit dann zeréckgräifen, wa Problemer mam Gediechtnes, bedéngt duerch Alzheimer, optauchen. Gediechtnesproblemer kënne méisproocheg Leit also duerch hir gutt Exekutivfunktioune kompenséieren, sou datt d’Symptomer vun Alzheimer méi spéit opfalen, obwuel hiert Gehir eigentlech gläich vill vun Alzheimer befall ass, wéi dat vu monolinguale Leit.

Auteuren/Kontakt: LEARN

Photo © Shotshop.com

Infobox

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Matarbeschter 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET

Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Waat ass ECCS ?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Aussi intéréssant

My research in 90 seconds Schreiben in einer Fremdsprache – Schwierigkeit oder Chance?

Ist Mehrsprachigkeit mehr Herausforderung oder kann sie Quelle für Erfolg und Weiterentwicklung sein? Damit befasst sic...

La langue influence les processus mathématiques Le cerveau multilingue calcule différemment selon la langue utilisée

Le cerveau multilingue calcule différemment selon la langue utilisée. Ceci est le résultat d'une étude récente de l'Uni...

Spezifesch Sproochentwécklungsstéierung (SSES) Wat as eng SSES a wat si Problemer bei der Diagnose?

LEARN erklärt eis wat eng spezifesch Sproochentwécklungsstéierung (SSES) as, wéi se diagnostizéiert gëtt a wat d’Ursaac...

Aussi dans cette rubrique

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autres pays ? La chercheuse Audrey Bousselin du LISER nous livre son point de vue.

L’IA DANS L'ÉDUCATION Impact de l'intelligence artificielle sur le monde de l'éducation

ChatGPT a fait l'effet d'une bombe dans les écoles du Luxembourg. D’aucuns se sentent pris au dépourvu par l'intelligence artificielle (AIet craignent pour la qualité de l'enseignement. A juste?

Gratuité des maisons relais au Luxembourg Comment se portent les enfants dans les maisons relais ?

Depuis cette rentrée, les structures d'accueil d'enfants sont gratuites au Luxembourg. Les enfants s’y sentent-ils à l’aise ? Et quel est l’impact de ces structures sur leur développement ?

Santé mentale Impact de l'adversité en début de vie sur la santé mentale plus tard dans la vie

De nouvelles connaissances sur les effets à long terme d’une séparation des parents ou d’une adoption sur la santé mentale soulignent qu'il faut offrir un soutien aux enfants concernés.