(c) Victorgrigas

Schold si komplex Zockerketten

A Bounen, Lënsen an aner Hülsenfrüchte si vill komplex Zockerketten dran. Verschiddener dovu kritt eise Kierper net selwer verdaut, an déi ginn da mat bis an den Déckdaarm transportéiert. Do stoussen se op Bakterien, eis Daarmflora, déi déi Zockeren zersetzen an eis esou hëllefen Nährstoffer erauszefilteren. A beim Zersetzen entstinn nu mol Ofgasen!

Sinn déi onverdaulech Zockerketten da just an deenen Hülsenfrüchte?

Déi sinn och a villen aner Liewensmëttel, just manner. An dofir entsti beim Zersetzen och manner Ofgasen, sou dass et eis net opfält.

Dat huet een also dovu wann een eng gutt Lënsenzopp ësst!

Du kanns dat awer schonn e bësse kontrolléieren! Eng gesond Daarmflora ka schonn duergoen, fir dass net ze vill där sténkeger Gasen entstinn. Verschidde Gewürzer, wéi Kümmel oder Fenschel  zum Beispill, hëllefen och, fir de Gas ... loosse mer soen „diskret ze evakuéieren“.

Manner peinlech, mee fuerze muss een awer nach!

Ma verschidde Studien hu gewisen, dass ee vu Bounen oder Lënsen, déi an enger Waasser-Bakpolver-Mëschung loungen, manner fuerzt!  An deem Fall verschwënnt nämlech dee gréissten Deel vun onverdaulechen Zockerkette scho beim kachen! Déi Aarbecht huet deng Daarmflora manner, an et entstinn och manner Ofgasen. Wéi genee Bakpolver dat fäerdeg bréngt ass de Fuerscher awer nach e Rätsel!

An et ass eigentlech jo och blöd dass dat engem peinlech ass. Fréier soll fuerzen nämlech e Kompliment un de Gaaschtgeber respektiv de Kach gewiescht sinn!

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Jerry Wagener
Foto: © Victorgrigas

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

D’Daarmflora besteet aus verschiddene Bakterien, déi an eisem Déckdaarm Liewensmëttel zersetzen déi mir selwer net verdaut kréien. Op des Manéier hëlleft si eis, fir méi Nährstoffer erauszefilteren a gesond ze bleiwen. Eis Gesondheet hänkt also vill vun eiser Daarmflora an eiser Ernierung of!
Wéi genee déi dräi Saachen zesummenhänken, dat ass awer nach net ganz kloer. D’Ines Thiele hëlt dat Thema dofir mat senger Fuerscherequipe ënnert d’Lupp, an zwar mat Hëllef vu performante Computeren a komplizéierter Software, an awer och duerch Experimenter an Date vu Patienten. A wee weess, vläit wësse mer wierklech geschwënn wéi mer duerch eis Ernierung gezielt Krankheete kenne verhënneren oder esou guer heelen!

 

Portrait « Une réussite pour le Luxembourg et notre groupe de recherche »

Des scientifiques du Luxembourg Institute of Health (LIH) ont reçu le Prix Galien pour leur contribution exceptionnelle ...

LIH
FNR ATTRACT Fellow Stan Schymanski Prédire les conséquences du changement climatique grâce à une feuille modélisée

Stan Schymanski et son équipe analysent les répercussions du changement climatique sur nos ressources en eau. La végétat...

FNR ATTRACT Fellow Anne Grünewald Recherche de traitement personnalisé pour les patients atteints de la maladie de Parkinson

Anne Grünewald et son équipe étudient, à l’aide de l’immunofluorescence, la lésion des cellules nerveuses chez les patie...

Aussi dans cette rubrique

Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch wichtegt Thema? Mr. Science, wat maachen “Duerchzochsfuerscher“?

Gin Tonic
Drénken amplaz (vum) Schnapp? Hëlleft Gin Tonic géint Heeschnapp?

Soubal d'Heeschnappsaison erëm ufänkt, maachen och erëm eng ganz Rei Rotschléi géint déi lästeg Allergie d'Ronn. Zum Beispill, dass Gin Tonic hëllefe soll. Mee stëmmt dat dann och?

FNR
Naturphenomer De gréisste Kalwaassergeysir vun der Welt ass an der Eifel

Bis zu 60 Meter héich sprëtzt de Geysir all 2 Stonnen zu Andernach. Wéi dëse funktionéiert a wou zu Lëtzebuerg et sou Phenomener ginn, gidd der an dëser Episode vum Pisa Wëssensmagazin gewuer.

FNR, RTL