AdobeStock/Rawpixel.com

Momentan gibt es viele scheinbar verlockende Sonderangebote in Geschäften und auch online.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Mr Science, firwat fält et ville Leit um Black Friday schwéier, speziellen Offeren ze widderstoen?

Well mir beim Kafen net nëmme rationell decidéieren. Dat maache sech Händler zu Notzen. Op der Internetsäit steet: Nëmmen nach e puer Exemplaren op Lager – a vill anerer interesséiere sech grad dofir. Oder: Bis elo huet d'Posch 100 Euro kascht. Elo kascht se der just nach 50! De méi héije Präis setzt en Anker am Kapp – an op eemol kënnt d'Posch eis wéi e Schnäppche vir. Esou Hiweiser beaflossen, wéi mir Offere bewäerten a fir wéi eng mir eis decidéieren (Koh & Seah, 2023; Sinha & Adhikari, 2017).

Firwat loosse mir eis esou staark vun Hiweiser ewéi „Nëmmen nach haut“ oder „Nëmmen nach zwee Stéck“ beaflossen?

Bei Knappheet hu mir d'Gefill, datt mir séier handele mussen. Et denkt een: Wann ech elo net zougräifen, verpassen ech eng eemoleg Geleeënheet. Esou Hiweiser funktionéieren awer net ëmmer. Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hu gewisen, datt se och manipulativ op d'Benotzer wierke kënnen. Virun allem Zäitlimitte kënnen negativ Gefiller ausléisen an d'Akafserliefnis manner agreabel maachen (Tuncer et al., 2024).

A wat passéiert am Gehier, wa mir esou Offere gesinn?

Eng Rei Beräicher am Gehier schaffen zesummen: Verschiddener bewäerten, wéi attraktiv mir e Produit fannen an ob et sech lount, en ze kafen. Anerer weien de Präis an den Notzen of. Studie mat Scannerbiller vum Gehier weisen, datt d'Bezuelbereetschaft mat engem ganze Reseau am Gehier zesummenhänkt (Wang & Yao, 2024). Et ass also net esou, datt d'Kafdecisioun vun engem eenzele Beräich am Gehier ofhänkt. 

Fuerscher kënnen also um Gehier erkennen, ob eng Persoun wëlles huet, eppes ze kafen?

Neen. Unhand vun Aktivitéitsmustere kënne si just aschätzen, ob et warscheinlech ass, datt se eppes keeft. An enger Studie konnt een domat e bësse besser viraussoen, ob eng Persoun en Artikel kafe géing – awer just a ronn 60 % vun de Fäll. Vum Gedankeliese si mer also nach wäit ewech (Knutson et al., 2007). 

Am Neuromarketing gi jo esou Miessmethoden agesat. Wat bréngt dat iwwerhaapt?

Neuromarketing ka klassesch Maartfuerschung ergänzen: Et kann ee verfollegen, wou d'Leit beim Shoppen hikucken, moossen, wéini hire Kierper reagéiert, an ënnersichen, wat fir eng Reseauen am Gehier aktiv sinn. Fuerscher beschäftege sech dofir mat der Fro, wéi gutt ee mat esou Kierpersignaler eist spéidert Kafverhalen aschätze kann – an ob se méi zouverlässeg Resultater kréien, wa se verschidde Miessmethoden zesummen asetzen (Bigné et al., 2025). Et bleift also spannend an der Fuerschung.

Wat d'EEG iwwer eist Kafverhale verréit – a wat net

 

Bei enger EEG (Elektroenzephalografie) gëtt d'elektresch Aktivitéit vum Gehier mat Elektroden op der Kapphaut gemooss. Fuerscher sichen domat zum Beispill no Musteren an der Gehieraktivitéit, déi mat eise Kafdecisiounen zesummenhänken. Verschidden EEG-Signaler hunn éischter mat Opmierksamkeet oder Erënnerung ze dinn, anerer mat der emotionaler Bewäertung vun engem Produit. Eng systematesch Auswäertung vun 174 Studie weist awer och, datt d'Resultater tëschent de Studien oft net eenheetlech sinn. Eng Kafdecisioun kann een also net zouverlässeg viraussoen (Byrne et al., 2022).

Infobox

Quellen
De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Verkéiersfuerschung Hëllefen automatiséiert Autoe Phantomstauen z’evitéieren?

En Auto bremst kuerz, a méi wäit hanne steet op eemol alles. Fuerassistenzsystemer an automatiséiert oder autonom Autoe kënnen esou Phantomstauen ofschwächen. Entscheedend ass, wéi se reagéieren.

FNR
Killwaasser Benotzen oder verbrauche Rechenzentre Waasser?

Fir net ze iwwerhëtzen, brauche Rechenzentre Waasser. Wat passéiert eigentlech domat? Dat hänkt virun allem vun der Killtechnik an dem Stroummix, deen agesat gëtt, of.

FNR
E-Zigaretten Vapen oder Fëmmen: Wat ass méi schiedlech?

Vapes respektiv E-Zigarette si längst am Alldag ukomm. Mee wéi vill wësse mir eigentlech iwwer dat, wat mir do anootmen?

FNR