FNR

Opgepasst! Fro fir dëst Experiment en Erwuessenen ëm Hëllef. Stell all brennbar Materialien op d’Säit e stell e Feierläscher oder en Eemer mat Waasser prett.

De Joseph vu science.lu weist dir am Experiment vun Dag wéi ee mat engem Téiliicht an e puer Eisespéin e Mini Freedefeier mécht.

Feil mat enger Eisefeil e bësse Metallstëbs vun engem Nol oder engem anere Stéck Metall of. Fänk de Stëbs mat engem Blat op a looss dëse Stëbs duerno lues an d’Flam vun engem Téiliicht riiselen. Dobäi entstinn d’Fonken déi een och aus dem Späizmännche kennt (Hei ass och Eisen dran). Du kanns verschidde Metaller probéieren a sou verschidde liicht Effekter provozéieren.

Metaller kënne wann se réng genuch si verbrennen. Ëm e klenge Stëbskär ka vill Sauerstoff ronderëm kommen an doduerch eng séier Verbrennung erméiglechen. Wa Metall als déckt Stéck virläit gëtt d’Hëtzt déi entsteet séier vum Metall oftransportéiert sou datt d’Metallstéck net verbrenne kann.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoe fënns du hei:

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR