FNR

D'Linda vu science.lu weist Dir haut en Experiment.

D‘Linda vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi ee mat Ueleg (Bébéueleg oder soss en hellen Ueleg) an e bësse gefierftem Waasser en Effekt mécht deen sou ausgesäit wéi bei enger 70ies Lavaluucht. Eng Brausetablett, déi sech am Waasser opléist produzéiert e Gas: de Kuelendioxid. Dës Blose steigen op, a rappen dobäi e bësse faarwegt Waasser mat no uewen, wou den Ueleg ass. Soubal d’Gasblose platze fält dat faarwegt Waasser rëm duerch den Ueleg no ënnen. E Wow-Effekt fir an der Kichen!

Tipp: Als Brausetablett kanns Du och eng Vitamintablett benotzen. Am Video gouf eng Tablett benotzt, déi ofgelaaf war an net méi als Medikament konnt benotzt ginn. Den "Brause-Effekt" bleift erhalen. Den Ueleg kann och duerno zréck an d'Fläsch geschott ginn.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Aussi intéréssant

Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR
Réaction chimique Fais pousser un « arbre » à l'aide de bicarbonate de soude et de vinaigre

Cet « arbre au bicarbonate » utilise un procédé similaire à celui du « volcan au bicarbonate ».

FNR
Expérience de Noël Construis un sapin de Noël qui danse – à l’aide d’un moteur électrique

Dans cette expérience, tu découvriras comment l'électricité et le magnétisme interagissent dans un moteur électrique simple pour mettre un objet en mouvement.

FNR