Gedankenlesen

shotshop.com

Vu richtegem Gedankeliesen si mer nach wäit ewech, och wann de Gehierfuerscher an de leschte Joren impressionant Experimenter gelonge sinn. Am Labo kënnen si a ville Fäll mat Gehierscanneren erausfannen, wéi eng Biller d'Versuchspersounen sech grad ukucken oder ob si eng bestëmmte Plaz erëmerkennen. 

Dat ass dach scho sou eppes wéi Gedankeliesen?

Déi Etüde sinn impressionant, op alle Fall! Mee d'Fuerscher musse virdrun d'Gehierer vun de Participanten intensiv ënnersicht hunn, zum Beispill mat engem Magnéitresonanzscanner oder IRM, wéi een se och aus der Klinik kënnt. D'Participante ginn an dës grouss réierförmeg Gerät geluecht an d'Fuerscher weisen hinnen dann zum Beispill Biller. Sou kënnen se erkennen, wéi eng Beräicher am Gehier deen Ament aktiv sinn. Dat ass vu Mënsch zu Mënsch verschidden. Wa si d'Biller deenen individuelle Gehier-Aktivitéitsmuster zougeuerdent hunn, dréien d'Fuerscher de Prozess ëm. Si probéieren dann op Basis vun deenen am Gehier aktivéierte Beräicher ze roden, wéi ee Bild de Participant sech grad ukuckt. Gedanke kënne si sou awer net erkennen, dat verhënnert ënner anerem den "Äerdbierstäertcheproblem".

Wat ass dat dann?

Sou nennen ech dat, et kéint een awer och en anert Beispill huelen. Wann een un eng Äerdbierstäertchen denkt, kann d'Aktivitéitsmuster am Gehier ganz ënnerschiddlech ausfalen.Et kann een sech déi eng Kéier déi schéi rout Faarf vun den Äerdbiere virstellen oder un déi lecker Schlagsan denken, déi dozou gehéiert. Eng aner Kéier falen engem villäicht Erënnerungen un d'Kandheet an oder den Äerdbiersgeroch kënnt engem an d'Nues. Also ka schonn een einfach Wuert ganz ënnerschiddlech Beräicher am Gehier aktivéieren. Dofir si mir vum Gedankeliesen nach wäit ewech!

Mee sollt een dann net lo scho Reegelen entwéckelen, wéi een domat ëmgeet, wann ee besser an d'Gehier kucke kann?

Et kann ni schueden, sech fréizäiteg Gedanken ze maachen, fir Mëssbrauch ze verhënneren. Méi éierlech gesot: hautzedaags wären d'Fuerscher scho frou, wann dat, wat een als ganz, ganz einfach Gedankeliese bezeechne kéint, zouverlässeg an einfach funktionéiere géif. Also dass Queeschschnëttsgeläämter oder aner kierperlech behënnert Leit duerch intensiivt Denken u bestëmmte Beweegunge Protheese steiere kéinten. Obwuel d'Fuerschung och hei schonn impressionant Fortschrëtter gemaach huet, läit awer nach vill Aarbecht virun hinnen, fir des Technike wierklech an d'Praxis ëmzesetzen. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Utopesch Zukunftsvisiounen

Den amerikaneschen Entrepreneur Elon Musk wëll no Elektroautoen a Weltraumrakéiten elo eng Gehier-Computer-Schnëttstell bauen. Dënn Dréit, déi mat Elektroden dekoréiert sinn, sollen an d'Gehier ageplanzt gi fir Gehiersignaler aus- an anzeliesen. Och aner Wëssenschaftler fuerschen un änlechen Techniken, awer si sinn net grad sou ambitiéis wéi den Elon Musk. Dee stellt sech vir, mat senger Schnëttstell (déi nach entwéckelt muss ginn) Gehierer änlech wéi e Computer ze updaten, an sou z.B. d'Beherrsche vu Friemsproochen einfach eropzelueden. Hie wëll d'Mënschheet op hir nächst Entwécklungsstuf katapultéieren, andeems e Gehierer mat kënschtlecher Intelligenz verschmëlzt. Dës Versprieche bleiwen awer fir den Ament nach Science-Fiction.

Prématuren Asaz vun onräifer Technik

Eng amerikanesch Start-Up huet u chinesesche Schüler ee mat Elektroden dekoréiert Stierband getest. Et soll Gehierstréim moosse kënnen a sou feststellen, ob d'Schüler am Unterrecht gutt oppassen. Den Enseignant kann hire scheinbaren Opmierksamkeetsgrad live op engem Moniteur gesinn. Dat ass e Beispill dofir, wéi eng Technik op bedenklech Aart a Weis agesat gëtt, obwuel nach net emol kloer ass, ob se wierklech funktionéiert. Et kann ee sech virstellen, wéi sou Iwwerwaachungsmesuren d'Vertrauen tëscht de Schüler an dem Enseignant schiedegen a fir nach méi Stress am Klassesall suergen. Ginn d'Schüler wéinst engem Gehiermoossapparat, déi schlecht funktionéiert, fir falsch Onopmierksamkeet bestrooft? Léieren anerer den Apparat auszetricksen, andeems se sech op agreabel Erliefnisser ausserhalb der Schoul konzentréieren an sou Opmierksamkeet fir den Unterrechtsmatière simuléieren? A wat passéiert mat gudde Schüler, déi den Unterrecht locker mat manner Opmierksamkeet suivéiere kënnen?

Cybathlon: State of the Art vun der Gedankesteierung

Wee sech driwwer informéiere wëll, wéi wäit Gedankesteierung wierklech ass, dee sollt sech de Cybathlon (Link: https://cybathlon.ethz.ch/) méi genau ukucken, dee vu Fuerscher vun der ETH Zürich initiéiert gouf. Bei dëser Competitioun trieden ënner anerem vum Hals no ënnen hi geläämte Leit als Piloten a virtuelle Course géinteneen un. Si steieren dofir hiren Avatar iwwert eng Gehier-Computer-Schnëttstell. Bei der leschter Competitioun konnt een dobäi gutt beobachten, wéi vill Konzentratioun an Ustrengung d'Gedankesteierung vun de Wettkämpfer verlaangt gouf!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Quellen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR