shotshop.com

Déi héich Téin hunn eng méi héich Frequenz, dat heescht, dass se méi Drockschwankunge pro Sekonn produzéieren, wéi déif Téin.

Am beschte versteet een et wann ee weess wat de Schall ass. Dat gesäit en gutt bei enger Membran vun engem Hautparleur: bei déiwen Téin gesäit een wéi se sech hin an hier beweegt. Bei den héijen Téin kann ee mam Fanger spieren wéi se vibréiert. D’Loft gëtt vun der Membran ofwiesselnd zesummegedréckt an ausernee gezunn. Dobäi ginn Drockschwankunge produzéiert, déi sech duerch d’Loft weider beweegen. Déi Drockschwankungen héiere mir an eisem Ouer als Toun.

Wat ass dann den Ënnerscheed tëschent héijen an déiwen Téin?

Déi héich Téin hunn eng méi héich Frequenz, dat heescht, dass se méi Drockschwankunge pro Sekonn produzéieren, wéi déif Téin. Héij Téin beweegen d’Loftdeelercher also méi dacks hin an hier wéi déif Téin. A wann eng Schallwell d’Deelercher méi dacks muss hin an hier stoussen, da leescht se och méi Aarbecht. Dobäi geet Energie a Form vu Wäermt verluer. Déi héich Téin ginn dofir méi séier méi schwaach. Si mussen einfach méi schaffen wéi déi Déif...

Wat geschitt da wann d’Téin net duerch d’Loft ginn, mee duerch d’Maueren?

De Prinzip ass ëmmer de selwechten: Téin sinn Drockschwankunge, déi d’Baudeeler vun der Matière hin an hier beweegen. Dobäi ass et egal op dat Deelercher vun der Loft oder vum Bëtong sinn. Déi héich Téin beweegen d’Deelercher méi séier, an doduerch ginn se och méi séier schwaach. Doduerch kommen déi déif Téin nët nëmmen méi wäit duerch d’Loft mee och besser duerch d’Maueren.

De selwechten Effekt, notzen och Elefanten an Walen. Hir Lauter bestinn haaptsächlech aus déiwen Téin. Doduerch ginn hier Signaler ganz weit duerch d’Savannen an duerch d’Mier bis se bei hiren jeeweilegen Kollegen ukommen.

Haustechnik: Infraschall Problem

Ëmmer méi Bewunner aus Appartementer beschwéieren sech iwwer stéierend déif Téin. Heiansdo handelt et sech hei ëm Infraschall. Infraschall si Schallwellen, déi sou eng déif Frequenz hunn datt mir se net héieren kënnen, mee se als Vibratioun, als Drock op den Oueren oder als Onsécherheetsgefill spiere kennen. Wäermepompelen, Klimaanlagen oder Mini-Blockheizkraaftwierker kennen zum Beispill eng Ursaach fir Infraschall sinn. A wann sou Anlagen emol agebaut sinn, da loossen sech déi Schall- an Infraschallwellen opgrond vu hirer déiwer Frequenz nëmme ganz schwéier ofschwächen. Déi Bescht Léisung: beim Abaue vun sou Anlagen drop oppassen, datt se wéineg déif Frequenzen an och soss keng Schwéngungen produzéieren.

Mat Schall an de Kierper kucken: Firwat den Ultraschall ënnert d’Haut geet?

Bei Analysen mat Hëllef vu Ultraschall, benotzten Dokteren den Effekt, dass déi déif Frequenzen manner ofgeschwächt ginn wéi héijer. Wa si en Organ ënnersichen, wat méi déif am Kierper läit, stelle si um Ultraschallgerät eng méi déif Frequenz an, wéi wann se Ënnersichungen just ënnert der Haut maachen. Déi déif Frequenzen hunn allerdéngs den Nodeel, dass d’Biller e gutt Stéck méi ondetailléiert sinn wéi déi, déi ee beim héichfrequenten Ultraschall kritt.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
De Mister Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.