zählen

shotshop.com

Een, zwee, dräi; eins, zwei, drei; un, deux, trois; one, two, three: Haart ziele kann ech a verschiddene Sproochen. Ma wéi eng benotzt een eigentlech ëmmer dann, wann et am Kapp séier goe muss, Mister Science?

Psychologen a Léierfuerscher ginn dovun aus, datt mir fir eis mathematesch Fäegkeeten automatesch déi Sprooch wielen, an der mer dës geléiert hunn. Beim Ziele wier dat an der Mammesprooch, also déi, déi mer ganz fréi am Liewen duerch eis enksten a soziaalt Ëmfeld bäibruecht kritt hunn. Wëssenschaftler schwätzen hei vun der „Éischter Sprooch“, well een déi jo och vum Papp léiere kann.

Wéi ass et da bei Persounen, déi gläichzäiteg bilingual opwuessen, also quasi zwou Mammesproochen hunn?

„Dat ass eng ganz interessant Fro, zu der mer den Ament nach keng direkt wëssenschaftlech Daten hunn“, seet d’Christine Schiltz, Professer fir kognitiv Neurowëssenschaften un der Universitéit Lëtzebuerg. „Zu Lëtzebuerg hëlt déi Lëtzebuergesch Sprooch ganz allgemeng awer eng wichteg Roll beim Kapprechnen an. Bei bilinguale Persounen (z.B. Franséisch-Lëtzebuergesch oder Portugiesesch-Lëtzebuergesch) ass dat och haaptsächlech de Fall – eventuell e wéineg manner ausgepräägt wéi bei eesproochege Lëtzebuerger. Dat ass warscheinlech duerch eise méisproochege Schoulsystem bedéngt, an deem mir an der Primaireschoul Mathe offiziell op Däitsch, ma informell och dacks op Lëtzebuergesch bäibruecht kréien.“

D’Christine Schiltz ënnersicht mat hirer Fuerschungsgrupp ënner anerem wéi Kanner zielen a rechne léieren a wéi d’Sprooch den Ëmgang mat Zuele beaflosst.

Also hänke Mathe a Sproochen enk zesummen?

Dat kann een sou soen. Wien huet méi? Wien huet manner? Wéi eng Zuel kënnt no der dräi? Wéi vill Ae weist de Wierfel? D’Grondlage vun der Mathe ginn de Kanner spilleresch iwwer d’Sproch vermëttelt, an zwar scho laang éier si déi éischte Kéier duerch hire Cours gebliedert hunn.

A wat ass, wa mir Mathe spéider an enger anerer Sprooch bäibruecht kréien?

Och bei dësem kulturvermëttelte Rechnen, wéi Fuerscher de Mathescours an der Schoul oder op der Uni nennen, spillt d’Sprooch eng wichteg Roll. Egal ob einfacht Grondrechnen oder komplizéiert Equatiounen – wa mer sou eng Aufgab maache mussen, da léise mer se am beschten an der Sprooch, an der mer se bäibruecht kritt hunn. Dëse Probleem an enger anerer Sproch unzegoen, déi mer zwar och gutt beherrschen, erfuerdert méi Ressourcen. Eng Etüd vum Dr. Amandine van Rinsveld a Prof. Christine Schiltz vun der Universitéit Lëtzebuerg huet gewisen, datt d’Gehier an sou engem Fall nach aner Regiounen aktivéiert. Niewent de Beräicher fir Zuelen a Sproochen, déi normalerweis beim Rechnen aktivéiert sinn, hunn hei och d’Arealer, fir dat bildlecht Denken, bei der Arbecht eng Roll gespillt.

“Am méisproochege Schoulsystem zu Lëtzebuerg beaflosst déi éischt Sprooch, déi am Mathsecours benotzt gëtt, souguer d’Zielen, d’Liesen an d’Erkenne bis an den Erwuessenenalter.“ ergänzt d’Christine Schiltz. „Erwuessener, Jugendlecher a Kanner brauchen sou méi laang fir franséisch Zuelen ze benennen a Kanner maache souguer och däitlech méi Feeler mat franséische wéi mat däitschen Zuelen.“

Infobox

Et kënnt op d’Basis un

Haut setze mir voll a ganz op d’Dezimalsystem. Dat mengt een emol. Dezi ass Latäin, an heescht „zéng“ an ass d’Basis vun eisem Zuelesystem. Dat léisst sech och ganz einfach a béiden Hänn ofzielen, mir hu jo schliisslech eis zéng Fangeren. Et geet awer och anescht. Firwat net einfach sexagesimal? Dat hunn sech viru gutt 4.000 Joer wuel och d’Babylonier geduecht an hunn d’60 als Mëttelpunkt vun hirer Zuelewelt benotzt. Datt hire System, zumindest an Deeler, d’Joerdausend iwwerdauert huet, gesi mer mat all Bléck op d’Auer. Nach ëmmer huet all Stonn genee 60 Minutten an all Minutt – richteg: 60 Sekonnen. Iwwregens: och d’60 léisst sech mat nëmmen 10 Fangeren opzielen. Den Daum vun enger Hand beréiert domat déi eenzel Glidder vun den anere Fangeren. Wann een dat ee mol gemaach huet, ass ee scho bei 12. Dat verhält den Zieler mat der anerer Hand, andeems en do ee Fanger an d’Luucht streckt. Sinn all Fanger uewen, huet ee fënnef mol bis zwielef gezielt an ass bei 60 ukomm. Och haut ginn et nach Mënschen am Noen a wäitem Osten, déi sech op dës Aart a Weis ze hëllefe wëssen.

Ziele mat System

Zuelesystemer ënnerscheeden sech awer net nëmmen duerch hier Basis, ma och an der Aart, wéi mer Zuelen aus den eenzelen Zifferen zesummesetzen. Do gëtt et engersäits d’Additiounssystem. De Béierdeckel, op deem déi frëndlech Serveuse/Serveur am Liblingsrestaurant mat all neier Cola e Stréch hannerléisst – dat ass en Additiounssystem. Dëse Stréch ass d’Symbol fir d‘1 an all neie Stréch gëtt einfach dobäi addéiert. Och d‘Réimesch Zuelen, déi haut nach an ale Bauwierker rëmfanne sinn oder déi d‘Kapitelen a verschiddene Bicher nummeréieren, gehéieren zu dësem System. Hei steet I fir d‘1, V fir d‘5, X fir d’10, L fir d’50, C fir d‘100, D fir d‘500 an M fir d‘1000. MMXII steet fir 1000 + 1000 + 10 + 1 + 1 also 2012. Eng Null gëtt et am réimeschen Zuelesystem iwwregens net an och d‘Reihenfolg mécht hei keen Ënnerscheet – op mannst an der ursprénglecher Form. An der additiver Schreifweis gëtt einfach alles zesummegezielt – MMXII an MM IIX kommen dann op dat selwecht eraus: 2022. Ma schonn am Mëttelalter huet sech eng verkierzt Schreifweis duerchgesat, an der och minus gerechent gëtt – nämlech ëmmer dann, wann soss véier vun de selwechten Zeechen niewendenee stoe géifen. Sou heescht d‘4 haut ebe bal ëmmer IV (5-1) an net IIII (1+1+1+1) an 9 heescht IX (10-1) amplaz VIIII (5+1+1+1+1) – och wann déi lescht Schreifweis am Zëmmerhandwierk d‘Jorhonnert iwwerlieft huet.

Am Stellewäertsystem, wéi eisem Dezimalsystem, sinn d‘Null an d‘Zifferereihenfolg dogéint een zentrale Bestanddeel. Mir bilden Zuelen aus den 10 Ziffere vun 0 bis 9. Wéi mer se zesummesetzen, ass fir d‘Resultat essentiell. 2012 ass eben net 2021. D‘Null mécht net nëmme komplex Mathematik méiglech, ma och Extrazeeche fir Honnert oder Dausend iwwerflësseg: 2012 huet eben zwee Dausender, keng Honnerter, een Zéngter an zwee Eenter.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeuren : Michèle Weber (FNR), Christine Schiltz (University of Luxembourg)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Quellen
  1. Persönliches Interview mit Prof. Dr. Antje Ehlert, Professur für Inklusionspädagogik, Förderschwerpunkt Lernen an der Universität Potsdam, Deutschland
  2. Prof. Dr. Steffi Sachse, Professur für Entwicklungspsychologie am Institut für Psychologie der Pädagogische Hochschule Heidelberg
  3. https://www.multilingual-matters.com/page/detail/?k=9781847692047
  4. https://www.science.lu/de/sprache-beeinflusst-mathematische-prozesse/das-mehrsprachige-gehirn-rechnet-anders-je-nach-sprache
  5. https://www.phase-6.de/magazin/rubriken/fakten-der-sprache/zahlensysteme-in-anderen-sprachen/
  6. https://de.wikipedia.org/wiki/Sexagesimalsystem
  7. Georges Ifrah: Universalgeschichte der Zahlen. 2. Auflage. Campus-Verlag, Frankfurt/Main 1987, ISBN 3-593-33666-9.
  8. https://orbilu.uni.lu/handle/10993/31366
Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR