Alexander Hauk

Mir gi scho säit Woche mat Walprogrammer, Spëtzekandidaten an Deputéierte bombardéiert. Do verléiert ee liicht den Iwwerbléck. Kenne mer dann einfach drop vertrauen dass eise Walsystem gerecht ass?

Ziel vun engem Walsystem ass et jo, dass deen d’Muecht kritt, dee vum Vollek déi gréissten Ënnerstëtzung huet. An deem Sënn léist sech iwwert deng Fro streiden. Vill Leit si sech dees net ëmmer bewosst, mee mir kennen eise Premier jo guer net wielen! An d’Ministeren och net! An dat si jo awer déi, déi di meeschte Muecht hunn!

Mir wiele just d’Parlament! Deen Deel vun eisem Walsystem, deen ass gerecht!

Mir wielen nämlech op direktem Wee déi Leit an d’Parlament, déi mer wëllen! Hir Aufgab ass et da fir eis Regierung op d’Been ze setzen, fir d’Ministermandater ze verdeelen an e Premier erauszesichen! Mee do hu mir keen Afloss drop, do kënne se eigentlech ma wat se wëllen!

Mir kennen net einfach e Walsystem „copy/paste“ zu Lëtzebuerg uwennen, wou mer de Premier direkt géife wielen.

Op e Walsystem an engem Land funktionéiert oder net, hänkt nämlech vun immens ville Saachen of. Do zerbrieche Psychologe sech de Kapp driwwer, wéi d’Leit eng Décisioun huelen a wat se konkret beaflosst. D’Walfuerscher probéieren dorops hin eis Walsystemer ze verbesseren. D’Gréisst vum Land, d’Zuel vun den Awunner, de politesche System, a virun allem och d’Kultur an d’Traditioun, si Saachen déi ee richteg muss aschätzen an an de Walsystem integréieren!

Et kennt éischter seele vir, dass bei eis eng Partei am Parlament d’absolut Majoritéit huet an eleng d‘Regierung bilt.

Normalerweis musse verschidde Parteien eng Koalitioun bilde fir zesummen d’Majoritéit ze hunn. Meeschtens ass dat déi Partei, déi am meeschten Deputéierten am Parlament huet an eng zweet Partei, déi vun der Ideologie a politescher Orientéierung gutt dobäi passt. Déi zwou Parteien deelen dann d’Ministermandater ënnert sech op.

Och wa mir weder d’Regierung nach d’Ministeren an de Premier wielen, mussen d’Membere vun der Regierung  dem Parlament Ried an Äntwert stoen. Op des Manéier kontrolléiert d’Parlament wat d’Regierung sou ëmrappt a kann och agräifen an hinnen de Budget sträiche wa si fannen dass d’Regierung net am Sënn vum Wieler handelt!

Et ass net einfach, fir Walsystemer mateneen ze vergläichen.

A verschiddene Länner wielt ee just d’Parlament, sou wéi bei eis, an Däitschland oder an England, an an aner Länner, wéi Frankräich an Amerika, wielt een d’Parlament an de President! Et muss een also oppassen, dass een net Äppel a Biere matenee vergläicht! An deene Länner, wou d’Leit de President direkt wielen (oder duerch Représentanten), huet de President och vill méi Muecht! Mee opgepasst, och wann dee System engem vläit op den éischte Bléck méi gerecht schéngt, funktionéiert en an der Praxis net ëmmer gutt! Do kann et nämlech virkommen, dass de President an de Senat Konkurrenzparteie sinn a sech géigesäiteg Steng an de Wee leeën!

Et ginn och grouss Ënnerscheeder an der Art a Weis wéi Walcampagnen ofgehal, respektiv finanzéiert ginn. A verschiddene Länner ginn et do keng Limite, soudatt dee Kandidat mat de meeschte Suen e klore Virdeel huet. An aner Länner ass dat méi geregelt, soudatt all d’Kandidaten déi selwecht Méiglechkeeten hunn.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: ©Alexander Hauk (Bayernnachrichten.de)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 09/10/13 opgeholl

Walsystem an England

Dat ass wuel dee System, dee mat eisem am meeschte gemeinsam huet well se och eng Monarchie an eng Demokratie hunn. Och bei hinne fënnt een d’Parlament (Chamber of Commons) an de Staatsrot (Chamber of Lords) erëm. Et sinn am Fong d’Englänner, déi dee System erfonnt hunn, mee an der Tëschenzäit ass en e bësse veraalt. De Lëtzebuerger System ass méi eng modern Variant!

Walsystem an Däitschland

An Däitschland wielt een och just de Bundestag, an déi wielen dann de Bundeskanzler. Bei hinnen huet een awer just 2 Stëmmen! Eng fir eng Partei ze wielen an eng, fir en eenzelne Kandidat ze wielen. Dee Kandidat mat de meeschte Stëmme kritt en direkt Mandat fir an de Bundestag!

Dat klengt zwar einfach, ass awer an der Praxis ganz komplizéiert! Well d’Land esou grouss ass, ass et a kleng Bezierker opgedeelt ass. Sou kennt et vir, dass an engem Bezierk dee Kandidat, deen déi meeschte Stëmmen huet an esou en direkt Mandat kritt, net onbedéngt zu der Partei mat de meeschte Stëmme gehéiert. Sou dass d’Saach mat der Sëtz, déi all Partei aus all Bezierk herno am Bundestag ze gutt huet, net méi opgeet. Dofir sinn nei Sëtzer geschaf ginn, déi dat Ongläichgewiicht erëm auszegläichen!

Walsystem a Frankräich

A Frankräich wielen d’Leit de President op direktem Wee. D’Wale fir de Senat si ganz onofhängeg!

Beim éischten Tour stinn all d’Kandidaten op der Lëscht. Mee nëmmen déi 2 mat de meeschte Stëmme kommen an den zweeten Tour! An deen, deen dann d’Majoritéit huet, dee gëtt President! Mee opgepasst! Jee no politescher Orientéierung sinn et net ëmmer déi zwee éischt, déi déi gréissten Ënnerstëtzung vum Vollek hunn!

Huele mer un, eis 4 bescht Kandidaten am éischten Tour wieren der Rei no de Jean-Claude Juncker (CSV), den Etienne Schneider (LSAP), de Xavier Bettel (DP) an de François Bausch (déi Gréng). De Jean-Claude Juncker an den Etienne Schneider kéime jo dann an den zweeten entscheedenden Tour. Mee déi, déi de François Bausch gewielt hunn, hätten awer vläit léiwer de Xavier Bettel als President wéi de Jean-Claude Juncker oder den Etienne Schneider. De Xavier Bettel hätt déi Stëmmen da méi (wann de François Bausch net als Kandidat dobäi gewiescht wier, dann hätten déi Leit fir de Xavier Bettel gestëmmt), a géif den Etienne Schneider iwwerhuelen. Laut dem Vollek sengem Wëlle wier et also de Jean-Claude Juncker an de Xavier Bettel ( an net den Etienne Schneider), deen an den zweeten Tour géif kommen!

Dee Problem huet a Frankräich scho méi wéi eng Kéier zu heftegen Diskussiounen an Enttäuschunge gefouert!

Walsystem an den USA

An Amerika gëtt de President och net direkt gewielt, mee all Staat wielt eng Rei Walmänner, sougenannte Representanten, déi herno fir d’Vollek bei de Presidentewahlen dobäi sinn!

D’Zuel vun de Walmänner, déi all Staat kann an d’Wale schécken, hänkt vun der Bevëlkerung of! Mee et sinn der awer ëmmer op mannst 3! E Staat mat wéinegen Awunner huet also ëmmer 3 Walmänner, och wann en eigentlech just en hallwen ze gutt hätt. Wéi esou dacks sinn déi kleng Staaten also iwwerrepresentéiert. E Walmann aus Californien huet also vill méi Wieler hannert sech, wéi e Walmann aus engem klenge Stat wéi Montana. An trotzdem hunn deenen 2 Walmänner hier Stëmm herno d’selwecht vill Gewiicht, obwuel deen een méi eng grouss Ënnerstëtzung vum Vollek huet, ewéi deen aner!

Si hunn och eng „the winner takes it all“-Astellung, sou dass fir all Staat entweder déi demokratesch ODER déi republikanesch Walmänner wiele ginn, jee nodeem ween d’Wale gewonnen huet.  Sou kann et virkommen, dass d’Demokraten zum Beispill a 24 Staaten d’Wale mat 90% vun de Stëmme gewannen, an a 26 Staate knapp mat 49% verléieren, da verléieren se d’Gesamtwalen, obwuel se am meeschte Stëmmen haten!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Net nëmme während de Walen, mee och an eisem Alldag musse mer permanent Entscheedungen huelen oder e Choix maachen an dobäi bleiwen.  Wéi oder firwat mer eng bestëmmten Entscheedung huelen, huet net nëmmen en Impakt op d‘Walen, mee och op d’Economie (Firwat kafe mer dëse Produkt an net en aner? Firwat investéieren ech meng Suen esou an net anescht?) an eis Gesellschaft (Firwat falen ech engem an de Réck? Firwat hëllefen ech deem engen an net deem aner?).

Op der Uni vu Bristol befaassen eng ganz Rei Fuerscher aus verschiddene Gebitter sech mat esou Froen. Psychologen, Mathematiker, Neurowëssenschaftler, Biologen a Computerwëssenschaftler schaffen Hand an Hand fir besser ze verstoe wéi eist Ëmfeld eis ka beaflossen, wat eis motivéiert fir eng Entscheedung ze huelen a wat mer eis dovun erwaarden.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt sech och mat dësem Thema beschäftegt! Wa mäin Ëmfeld en Afloss op meng Entscheedungen huet, da muss jo och iergendeppes a mengem Kierper ausgeléist gi wat zu där Entscheedung féiert.

De Stefan Sütterlin aus der Unitéit „INSIDE“ hëlt genee dat ënnert d’Lupp. Hie kuckt wéien Impakt Stress op eise Kreeslaf huet, a wéi Ännerunge vum Kreeslaf eis Art a Weis fir eng Entscheedung ze huele ka beaflossen.

 

Auch interessant

Wahlkampfthemen 2023 – Wohnungsbau Die Wohnungskrise in Luxemburg aus Sicht der Wissenschaft – Fragen an Experten

Was sind die Gründe für die Wohnungskrise? Und welche Maßnahmen könnten helfen, die Situation zeitnah und nachhaltig zu ...

Evidence based policy making Luxemburgs Parlament schafft wissenschaftlichen Dienst für Abgeordnete

Abgeordnete müssen oftmals über hochkomplexe Themen abstimmen, in denen Wissenschafts-Expertise eine wichtige Rolle spie...

FNR PEARL Chair Louis Chauvel Soziale Ungleichheiten bedrohen die Zukunft der Demokratien

Westliche Demokratien wuchsen in der Nachkriegszeit auf der Basis einer gebildeten und stabilen Mittelschicht. Die Entwi...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR